Mind the Brain

„Gleef net alles, wat s de gesäis“. E Gespréich mam Kënschtler Marc Pierrard iwwer säi Bäitrag zur Expo „Mind the Brain“ vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) vun der Uni Lëtzebuerg.

Et ass iwwer 2 Meter héich, weit 1,6 Tonnen a stoung fir d’Rentrée dräi Woche laang an der Stad Lëtzebuerg virun der Kathedral.  Dat grot Gehier aus waasser- a feierresistenter Glasfaser ass eent vun 10 Stéck, déi fir den 10te Gebuertsdag vum LCSB vu Lëtzebuerger Kënschtler personaliséiert goufen, allkéiers mat engem Recherche-Domaine als Ophänkert. Fir de Marc Pierrard, dee sech zum Thema Ëmwelt Gedanke maache sollt, steet d’Gehier symbolesch fir d‘Wuerzel. Déi ass zwar zum Deel scho schwaarz verseucht, mee déi méi hell Grotéin uewen um Konschtwierk weisen, dass d’Hoffnung nach ëmmer do ass, dass sech eppes ännert.

Heiranner weist sech déi positiv Grondastellung vum Minetter, deen am Kär en Idealist ass a mat senger Konscht virun allem eppes kommunizéiere wëll: den Zweiwel. „Et soll een am Liewe méi wäit siche goen an net ëmmer op der éischter Impressioun hänke bleiwen. Konscht kann dat bewierken.“ Als Schoulmeeschter gëtt hien de Message, tëscht den Zeilen ze liesen, och un d’Kanner weider.

Seng kënschtleresch Oder lieft hien a senger Fräizäit am Keller vu sengem Familljenhaus zu Käl aus an hëlt sech dobäi all Fräiheeten. „Et ass e Luxus, net vun der Konscht mussen ze liewen. Ech ka maache wat ech wëll, ouni verkafen ze mussen.“ Schonn als Gittarist bei der Hardcore Punk-Band dEFDUMp vun 1997 bis 2008 war et him en Uleies, eppes ze bewierken. „Och kleng Schrëtt si wichteg. Wann ee bei engem Concert virun 3000 Leit och nëmmen een erreecht, deen eppes mathëlt, da war et derwäert.“

Zur Molerei koum den haut 45-Järegen 2003, wéi hie mat senger Band en net-musikalesche Bäitrag fir e Festival liwwere sollt.  Well d’Molsaache vu senger deemoleger Frëndin, déi Konscht studéiert hat, doheem ronderëm stoungen, huet hien experimentéiert a sech duerch Konschtzeitungen a Bicher d’Wëssen ugëeegent. Egal ob mam Pinsel am Grapp oder als Sculpteur, Fotograf oder Videast: de Marc Pierrard iwwerléisst et der Inspiratioun, wéi eng Sënner sollen ugeschwat ginn. Am léifste vermëscht hien d’Medien.

A sengem Konschtwierk fir „Mind the Brain“ huet den Autodidakt bannendran e Portrait vum Gandhi veréiwegt, deen awer keen ze gesi kritt, well déi zwou Gehierhallschente matenee verbonne sinn. Ze wëssen, dass sech méi hannert dem Gehier verstoppt, wéi ee gesäit, gëtt dem Marc Pierrard senger Skulptur eng weider Dimensioun. Fräi nom indesche Pazifist Gandhi ass dem Kënschtler seng Ausso: „Wien d’Welt verännere wëll, muss bei sech selwer ufänken.“

D’Hallschent vum Erléis vum Verkaf vun den 10 Skulpture fléisst an e Recherche-Projet vum Professer Enrico Glaab, bei deem fréizäiteg Ännerungen an den Zellen um Ufank vun der Parkinson Krankheet ënnersicht ginn. Am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) leeft d‘Recherche interdisziplinär, well eng Bréck tëscht der Biologie an der Medezin geschloe soll ginn. Duerch Kollaboratioune mat der Industrie soll och eng séier Ëmsetzung am klineschen Ëmfeld méiglech sinn. Hei fannt Dir weider Infoen dozou.

D’Skulptur ass am Parc “Um Belval” ze bewonneren.

You don't have permission to register