Valdir Reis: Liewe fir de Ball

Wien un de Cap-Vert denkt, huet automatesch Biller vu kristallklorem Waasser a wäissem Sand am Kapp. Fir de Valdir Reis bedeit den Archipel mat sengen zéng Insele matzen am Atlantik vill méi: et ass nämlech säin Ursprong. Seng Heemecht. Wéi hie selwer zougëtt, huet hien awer mëttlerweil eng zweet. Hie wunnt zwar eréischt säit engem Joer an der Gemeng Suessem, mee hien huet esou bal net wëlles erëm fort ze plënneren.

Mat senge 34 Joer huet de Valdir scho vill erlieft. Et brauch een nëmme säi Liewen als Sportler ze kucken. Aus dem Bouf, dee begeeschtert vum Volleyball war, war séier e professionelle Spiller ginn, dee seng Chance genotzt huet, fir um europäesche Kontinent ze spillen a Karriär a Portugal ze maachen. Joren duerno mécht hie säi Match elo hei zu Lëtzebuerg, zu Suessem, a mécht seng nächst berufflech Schrëtt am CIGL (Centre d’Initiative et de Gestion Locale).

No sengem Aarbechtsdag hëlt hie sech Zäit, fir eis wärend engem Spadséiergank am Grénge méi iwwert säi Parcours ze verroden, an eis vun de wichtege Momenter a sengem Liewen ze zielen. Mat engem Laache am Gesiicht kënnegt hien e weidert grousst Kapitel a sengem Liewen un. Fir d’Roll vum Papp z’iwwerhuelen, déi hien elo schonn am Virfeld vu Freed strale léisst, kéint hie sech keng besser Plaz virstelle wéi säin neit Doheem, wou hie sech wuel fillt: Suessem.

You don't have permission to register