Bilan 2019 a Projeten 2020

Dat neit Joer ass ëmmer op en neits d’Geleeënheet, fir iwwer déi vergaangen 12 Méint nozedenken an nei Projeten unzegoen. De Schäfferot vun der Gemeng Suessem mécht e Réck- an Ausbléck. Zu Wuert kommen de Buergermeeschter Georges Engel, d’Schäffinnen Nathalie Morgenthaler a Simone Asselborn-Bintz, an de fréiere Schäffe Marco Goelhausen.

HÄR ENGEL, ELO WOU D’JOER 2019 OFGESCHLOSS ASS, WAT WAREN AUS ÄRER SIICHT D’PROJETEN, DÉI D’GEMENG AN DEEM JOER MARKÉIERT HUNN?
Et stiechen der ganz kloer zwee eraus: déi vun der Sportshal zu Suessem a vum Kannercampus um Belval, dee seng Dieren am September 2020 opmécht. Et gouf och konsequent investéiert an d’Ofwaassergestioun an an d’Infrastruktur ronderëm d’Drénkwaasser. Ech wëll drun erënneren, dass an Zäit vu knapp 2 Méint eng provisoresch Maison Relais Struktur gebaut gouf, fir der grousser Demande gerecht ze ginn.

Wat den ekologeschen Aspekt ugeet, sou hu mir déi 55t Editioun vum Dag vum Bam gefeiert. Mir hu mat der Hëllef vun eisen Awunner de Mobilitéitsplang 2030 op d’Bee gestallt, deen interessant Piste fir d’Zukunft opgewisen huet. An deem Kader hu mir besonnesch d’Entwécklung vum ëffentlechen Transport a vun der doucer Mobilitéit am Viséier. Et besteet och d’Méiglechkeet, dass den Tram iergendwann eng Kéier zu Suessem fiert, wat fir eis Gemeng enorm vill Virdeeler hätt a vill Diere géing opmaachen.

DEEMNO HUET SECH 2019 MAT VERSCHIDDENE GROUSSE PROJETEN D’LIEWE FIR D’MËNSCHEN AN DER GEMENG VERÄNNERT. WAT ASS FIR 2020 AN DÄR ENVERGURE GEPLANGT?
Et si gréisser Investitioune fir den Amenagement iwwert an ënnert dem Buedem geplangt. A verschiddene Stroosse gëtt de Kanal nei gemaach fir d’Waasser besser aus den Haiser z’evakuéieren. Et sollen zwou nei Maison Relaisen zu Éilereng an zu Zolwer gebaut ginn. Suessem ass iwwregens nach ëmmer eng vun de wéinege Gemengen, déi keng Waardelëscht huet fir eng Plaz an der Maison Relais ze kréien.

Mir schwieft donieft nach ëmmer de Projet vun engem Formatiounszenter ronderëm déi traditionell Gaardenaarbecht, an nohalteg a regional Produkter vir. Nieft dem edukative Volet kéint mam Bau vun enger Conserverie och konkret eppes um Terrain gemaach ginn. Hei kéinte Liewensmëttel, déi am Handel net verkaf goufen, opbereet ginn an duerno an eiser Epicerie solidaire erëm an d’Vente kommen.

WAT WIER ÄRE WONSCH FIR 2020, WANN DIR EEN ZEGUTT HÄTT?
Mäi Wonsch riicht sech un d’Awunner vun der Gemeng Suessem. Ech wënschen hinnen eng gutt Gesondheet a Wuelstand, an hoffen dass déi meescht vun hinne gesinn, dass sech hir Gemeng an déi richteg Richtung entwéckelt. Mir maachen op eiser Säit alles dofir, dass sech d’Mënsche wuel hei fillen a gär hei wunnen.

WAT KANN EEN IECH DA FIR 2020 WËNSCHEN?
Ech si vun dësem Joer un un der Spëtzt vun der sozialistescher Fraktioun an der Chamber, an am November feieren ech de 15. Anniversaire a menger Funktioun als Buergermeeschter. Wann ee mir eppes wënsche wëll, dann dass et an deem Sënn weider geet.


MADAMM MORGENTHALER, AN DER POLITIK GËTT EEN UN DEEM GEMOOSS, WAT EE KONKRET ËMGESAT HUET. WAT WARE FIR IECH 2019 WICHTEG MEILESTENG?
Mär hunn eis d’Biergerbedeelegung op de Fändel geschriwwen. D’lescht Joer war dofir eng Biergerversammlung an all Uertschaft vun der Gemeng. Mär sichen den direkte Kontakt zum Bierger a wëllen de Bols vun de Leit um Terrain fillen. Et ass en neie Service Logement geschaf ginn, dee sech verstäerkt ëm abordabele Wunnraum fir eis méi vulnerabel Matbierger wäert këmmeren. D’Zesummenaarbecht mat de Flüchtlingen, déi an eiser Gemeng wunnen, ass och intensivéiert ginn. Et ass eis wichteg, dass och si sech bei eis wuel fillen, dofir hu mär ë.a. hir Balconen op der Dickskopp am Kader vun engem intergenerationelle Projet  verschéinert.

A WÉI ENGEM VUN ÄRE RESSORTE GËTT ET 2020 DÉI GRÉISST ERAUSFUERDERUNG?
Mat Sécherheet am Schoulressort, wou fir d’Rentrée 2020 de Kannercampus opgoe soll. Do wäerte mär ronn 300 Kanner aschoulen a vill neit Personal mussen astellen. Nieft der Schoul kënnt nämlech och nach e SEA (Service d’accueil et d’éducation, Maison Relais), eng Sportshal an déi fréier EDIFF (Éducation différenciée) op de Site. Déi verschidden Acteure wäerten och pedagogesch ganz enk zesummeschaffen. Ee spezielle Groupe de travail huet dës Kollaboratioun festgeluecht. Hinnen een décke Merci fir hir wäertvoll Viraarbecht.

WAT SINN ÄRER MEENUNG NO D’GEMENGEPROJETEN, DÉI DËST JOER ERAUSSTIECHEN?
Den Ëmbau vum Keller vun der Gemeng fir zousätzlech Büroen ze schafe wäert mat Sécherheet ee gréissere Projet ginn. Nieft de sëllege Schantercher fir Kanalaarbechten resp. Stroosse frësch ze maachen, gëtt och d’Situatioun bei der Suessemer an Éilerenger Schoul mat enger 30er Zone entschäerft. Donieft gëtt bei deenen anere Schoulen och gekuckt, fir de Verkéier weider berouegt ze kréien. Als Sportschäffin sinn ech gespaant, wat fir eng Nues eise Projet vun engem Fitnessraum fir eis Veräiner wäert kréien.


MADAMM ASSELBORN-BINTZ, WÉI ENG PROJETEN AUS DEM JOER 2019 MAACHEN IECH BESONNESCH HOUFREG?
E groussen Erfolleg war fir mech déi nei provisoresch Maison Relais zu Suessem, déi no der Fäerdegbauweis entstanen ass. Si stoung net nëmme séier, mee gëtt der Nofro och wierklech gerecht. Ech géing och gär de Service Senior+ ervirhiewen, ëm dee sech eng nei Assistante sociale mat der néideger Expertise këmmert. A vergiesse mer och de Mozart net, de Begleethond aus dem CIPA REWA, souwéi den Ethikgrupp am selwechten Haus, dee sech ëm d’Palliativfleeg um Enn vum Liewe këmmert.

ZU ÄRE RESSORTE GEHÉIERT OCH D’KULTUR…
An déi gutt Nouvelle ass, dass eise Service des Relations publiques et de la Culture verstäerkt gouf, sou dass mir eis Evenementer besser plange kënnen. Am Artikuss koum eng zweet Persoun dobäi, fir d’Programmatioun ze geréieren. Mir sinn houfreg op de Sall: en ass net nëmme schéin, mee erlaabt et och, d’Produktiounen am richtege Liicht ze weisen.

WAT SINN 2020 D’PROJETEN, DÉI FIR IECH PRIORITÉIT HUNN?
Et gëtt Iwwerleeungen, fir eng Maison Relais am Bësch ze schafen. Méi konkret ass awer elo schonn en Theaterprojet fir Kanner an der MARE. Mir sinn eis och bewosst, dass Clibb an Associatioune Schwieregkeeten hunn, fir Nowuess ze fannen. Ee vun de Grënn dofir ass, dass d’Eltere hautdesdaags dacks net méi d’Zäit hunn, fir d’Kanner nomëttes dohin ze bréngen, wou déi hir sportlech a musikalesch Aktivitéiten hunn. Zwee Educateuren hunn elo schonn eng Zäit e Sportprojet lafen, bei deem d’Kanner an der Maison Relais zesumme verschidde Sportaarten ausprobéieren. Mär hunn och eng intern Navette organiséiert, déi d’Kanner an de Sport an an de Conservatoire féiert. Et ass virgesinn, déi 2020 nach weider auszebauen. Ech plangen och un enger Crèche fir d’Gemengepersonal an d’Iddi vun intergenerationellen Haiser beschäftegt mech och.


Interview mam Marco Goelhausen, fréiere Schäffe vun der Gemeng Suessem (bis Enn November 2019)

HÄR GOELHAUSEN, WAT WARE FIR IECH DÉI WICHTEGST PROJETEN, UN DEENEN 2019 GESCHAFFT GOUF?
Et gëtt der e puer. Den neie Parkraummanagement a verschiddene Quartieren zu Bieles, Éilereng an Zolwer gehéiert sécherlech dozou. Net all Mënsch war domat averstanen, an deemno war et en interessanten Challenge, dës Leit z’iwwerzeegen andeems een op d’Problemer higewisen huet, déi ebe grad dowéinst bestanen hunn, well d’Situatioun virdrun net reglementéiert war. Mir hunn och probéiert, d’Awunner op d’Alternativen zum Auto opmierksam ze maachen.

WAT FIR PROJETE LOUCHEN IECH NACH BESONNESCH UM HÄERZ?
Virun allem d’Iwwerschaffe vum Police-Reglement, déi nei Reglementatioun fir Foodtrucken an d’Terrasse vun de Restauranten zum Beispill, oder och nach déi am Zesummenhang mat den Exkrementer vun den Hënn. Menges Wëssens no si mir déi éischt Gemeng am Land, déi festgeluecht huet, dass all Mënsch, dee mat engem Hond spadséiere geet, eng Tut fir d’Exkrementer muss dobäi hunn an déi op Nofro vun engem Agent municipal och zu all Moment muss virweise kënnen.

MAM JOER 2019 ASS OCH ÄERT MANDAT ALS SCHÄFFEN OP EN ENN GAANGEN…
Ech mengen, dass ech mech wärend 14 Joer intensiv engagéiert hunn an déier Funktioun, an elo wäert ech e bëssen Ofstand dozou kënne kréien. Ech wënsche mengem Nofollger, dem Mike Lorang, genee esouvill Energie wéi ech se hat, fir dass d’Projeten am Sënn vun eiser Gemeng gutt virugefouert ginn.

Mir wënsche jidderengem alles Guddes fir 2020!

You don't have permission to register