E faarwege Bouquet aus Syrien

D’Kiche reflektéiert ëmmer d’Kultur vun enger Géigend. Syrien krut säi kulinaresche Stempel vu ville verschiddene Vëlker opgedréckt, déi am Land um Mëttelmier doheem waren a sinn. D’Myriam Maamou an d’Fatima Al Mishan Alali wëssen, wéi e syresche Plat ze schmaachen huet a weisen et an der Rubrik mat Kachrezepter vun der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem. Déi zwou Frae koumen am Summer 2017 mat hire Familljen op Lëtzebuerg, well duerch de Krich an hirer Heemecht en normaalt Liewen net méi méiglech war.

Deenen zwou Mammen ass et immens wichteg, sech bei eis z’integréieren. Si hate sech direkt a Franséisch-Coursen ageschriwwen an eng vun hinne konnt de Foyer Dickskopp zu Zolwer scho verloossen, fir op eegene Féiss ze stoen. Wa si kachen, dann zaubere si e faarwege Bouquet u Goûten op den Teller, deen typesch syresch ass. Et gëtt z.B. vill Wäert op frësch Ingrediente geluecht an net nëmmen de Geschmaach ass wichteg, mee och d’Ästhetik. Doriwwer eraus ass d’Iessen an hirer Kultur e wichtege Rendezvous am Dag, wou Famill a Frënn beienee kommen.

Esouguer wann e Menü verschidde Gäng huet, sou ginn déi net separat zerwéiert, mee et gëtt alles mateneen opgedëscht a jiddereen ësst jee no Loscht a Laun. A wann een invitéiert ass, soll een och vill Honger matbréngen. Well an hirer Kultur ass et en Zeeche vun Héiflechkeet, wann een esou vill wéi méiglech schmaacht a probéiert.

Fir de Poulet mat 7 Gewierzer brauch een:

  • 1 Poulet
  • 2 Naturjugurten
  • Tomatekonzentrat
  • Paprika
  • Knuewelek
  • Ënnen
  • Curry
  • 7 Gewierzer-Mëschung
  • Gemuelene Koriander
  • Schwaarze Peffer
  • Salz
  • Ueleg

2 Naturjugurten, eng Grëtz schwaarze Peffer, 1 Kaffisläffel Salz, 1 Zoppeläffel Curry, 1 Kaffisläffel Paprika, 1 Kaffisläffel gemuelene Koriander, 1 Zoppeläffel 7 Gewierzer-Mëschung an 1 Zoppeläffel Tomatekonzentrat an eng Zaloteschossel maachen, generéis Ueleg driwwer schëdden a jee no Goût Ënnen a gehaaktene Knuewelek bäiginn. Alles matenee vermëschen. De Poulet wäschen, Schnëtt dra maachen an op d’mannst 4 Stonnen an der Marinad loossen. Aluminiumspabeier driwwer maachen an 1,5 Stonnen am op 160° virgeheizten Uewe goe loossen. Wann d’Cuisson gutt ass, a Stécker schneiden a prett maache fir ze zerwéieren.


Fir d’Bäilage brauch een:

  • Räis
  • 4 Tomaten
  • 3 Kornischongen
  • Granatapelkären
  • ½ Laitue
  • 1 klenge Bouquet Péiterséileg
  • Menthe
  • Loomi / Gedréchent schwaarz Zitroun
  • Indescht Gewierz
  • Schwaarze Peffer
  • Salz
  • Flësseg Liewensmëttelfaarf
  • Ueleg
  • Jus vun ½ Zitroun
  • 700 ml Waasser

Ongeféier 700 ml Waasser, eng Grëtz schwaarze Peffer, Salz, e bëssen indescht Gewürz an e puer Raaspele gedréchent schwaarz Zitroun (Loomi) an en Dëppe maachen. Opkache loossen, de Räis bäiginn a mam Deckel drop op klenger Flam 15 Minutte goe loossen. Duerno 2-3 Kaulen an d’Ecker maachen an iwwerall eng aner flësseg Liewensmëttelfaarf dra maachen. Vun iwwerall aus e puer Fiedem iwwert de Rescht vum Räis zéien an op kee Fall ëmréieren. Op en Neits den Deckel drop maachen an 10 Minutte laang brutschele loossen. Ofschléissend an eng Schossel maachen an duercherneeréieren.

4 Tomaten, 3 Kornischongen an ½ Laitue a ganz kleng Kübe schneiden, d’Menthe an de Péiterséileg kleng schnëppelen a bäiginn, genee wéi de Jus vun ½ Zitroun. Salzen, Ueleg driwwer schëdden a jee no Loscht a Laun mat Granatapelkären ofrënnen.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register