AS Zolwer : De Kuerf am Viséier !

Am Sportikuss gi sech d’Basketspiller all Weekend d’Klensch an de Grapp. Zesumme mat den Arbitteren, dem Staff, de Benevollen an de Supporter kënnt eng Stëmmung op, wéi wann an der Zolwer Sportshal d’Playoffe vun der NBA wieren.

An der Woch, wann trainéiert gëtt, ass et e bësse méi roueg. D’Laura huet dovu profitéiert, fir d’Spillerinne vun der AS Zolwer ouni Gedäisch besser kennenzeléieren.
De Veräin gouf 1937 gegrënnt an huet deemno schonn iwwer 80 Joer um Bockel. An där Zäit hu vill Spillerinnen a Spiller dozou bäigedroen, d’AS Zolwer an de Coupen an am Championnat esou gutt wéi méiglech ze vertrieden. D’Stéphanie ass eng vun den aktuelle Spillerinnen aus der Ekipp. Déi jonk Fra ass scho jorelaang vum orange Ball faszinéiert an huet probéiert, dass de Fonke vu senger Leidenschaft och op d’Laura iwwerspréngt. Dat huet an engems e puer wichteg Technike geléiert, fir eng gutt Figur um Basketsterrain ze maachen. Et konnt dat Geléiert dann och direkt an engem Frëndschaftsmatch mat den anere Spillerinne vum Club testen, bei deem awer virun allem de Spaass am Mëttelpunkt stoung.

You don't have permission to register