Een Dag am Liewe vum Georges Engel

De Buergermeeschter vun der Gemeng Suessem Georges Engel ass ee vun deene Mënschen, dee gären Defien akzeptéiert. Erausfuerderungen, déi hie virun allem am Déngscht vu senge Matbierger sicht. Mir hunn de Politiker op engem Dag begleet, dee vum Oflaf hier net alldeeglech war.

FRÉI AUS DEM BETT
De Georges Engel ass ëmmer a Beweegung, huet permanent eppes um Programm a brauch donieft net vill Schlof. Spéit an d’Bett a fréi erëm aus de Fiederen, dat ass dem Georges Engel säi Rhythmus. Vu Passivitéit hält hien net vill: “Ech schlofe just eng 5-6 Stonne pro Nuecht. Wann ech erwächen, dann ass mäin éischte Reflex den Handy ze huelen. Ech liesen da meng Messagen, gi kuerz op Twitter a Facebook a liesen och déi national an international Noriichten.” Den Dag fänkt also direkt produktiv u fir dee Mann, dee säin Amt als Buergermeeschter mat all Faser lieft: “Dat, wat an eiser Gemeng leeft an och verschidde Suergen, déi ech hunn, dat si Saachen, déi mech 24 Stonnen am Dag, 7 Deeg an der Woch beschäftegen.”

EE MANN AM STRESS
Et kënnt net all ze dacks vir, dass de Georges mat der Famill Kaffi drénkt. Hien ass ëmmer um Dill, ob ënnerwee an d’Stad wéinst Chamberkommissiounen oder a senger Funktioun als Buergermeeschter. “Mäin Alldag ass gréisstendeels duerch mäi Mandat als Deputéierten, d’Liewe fir meng Gemeng a meng Aarbecht bestëmmt,” erkläert hie mat enger Taass Kaffi am Grapp. Och wann de Georges e Fan vun den 80er an 90er Jore bliwwen ass, sou ass hien e Mann, dee mat der Zäit geet. Wäit dovunner ewech fir just een Zuschauer vun der Aktualitéit ze sinn, filtert hien d’Informatiounen, weit of, iwwerleet a raisonéiert. Als Buergermeeschter vun der Gemeng Suessem, Deputéierten a President vun der sozialistescher Fraktioun an der Chamber, ass hien net nëmmen um Bols vu senger Gemeng, mee vum ganze Land. “Et interesséiert mech natierlech, wat an eisen Nopeschgemenge geschitt oder a Gemengen a Stied, vun deenen ech de Buergermeeschter oder d’Buergermeeschtesch gutt kennen. Et schwätzt näischt dogéint, gutt Iddien an innovativ Projeten aus anere Gemengen z’iwwerhuelen,” argumentéiert de Georges.

EEN ONGEBRACHENEN ÄIFER
D’Äntwert op d’Fro, firwat hien an d’Politik gaangen ass, ass esou einfach wéi aliichtend: “Ech si léiwer Acteur an en Deel vun deenen, déi d’Entscheedungen treffen, wéi dass iwwert mäi Kapp ewech decidéiert gëtt.” Opgewuess an enger Famill, an där dat politescht Liewen ëmmer seng Plaz hat, huet den diploméierten Assistant d’hygiène sociale seng politesch Heemecht 1993 op ganz natierlechem Wee fonnt: “Ech sinn ee grénge Sozialist duerch an duerch. Dat huet sécherlech och domat ze dinn, dass ech ee richtege Minetter sinn.” Als Kand vu roudem Buedem, vu Feier an Eisen, huet de Georges Engel ee grousse Respekt fir d’Awunner an d’Traditiounen a senger Gemeng an an der Regioun, an hien zitt seng Motivatioun a seng Kraaft och ee Stéck wäit aus der Stolvergaangenheet, déi hautdesdaags nach ëmmer present ass. Als wierdege Successeur vum Alex Bodry, setzt de Georges Engel op eng intelligent Politik, déi um Kompromëss an dem Realismus baséiert, wäit ewech vum Klischee, dass an der Politik deen een deem anere säin Däiwel ass. Hien interpretéiert seng Roll als Buergermeeschter als “bon père de famille.”

Sou ass et och net verwonnerlech, dass een dem Gemengepapp op deenen ënnerschiddlechste Plazen iwwert de Wee leeft: sief dat um Wanterfeeling, op den Tribüne vun engem Futtball- oder Basketmatch oder am Public bei engem vun deene sëllege Concerten am Artikuss. “Als Buergermeeschter muss ee virun allem polyvalent sinn, well et ass een de Koordinator vu sämtlechen Aarbechten, déi an der Gemeng realiséiert ginn. Deemno muss ech an deene verschiddenste Beräicher doheem si wéi z.B. dem Schoulwiesen, der Kultur, de Gebailechkeeten, dem Service Technique, der Maison Relais, dem Altersheem oder och nach dem Personal. Et kënnt dorop un, dee ganze Betrib am Grëff ze hunn ouni dobäi de Bléck fir dat Ganzt ze verléieren,” gëtt hien zou. Wann een hien dorop uschwätzt, op hien net lues awer sécher e bësse midd a senger Funktioun ass, erzielt hie gären eng Episod vu senger alleréischter offizieller Ried, déi hien als Buergermeeschter bei engem Vitolphilie Event (Sammele vun Zigaretiketten) gehalen huet: “Ech war richteg nervös an hat iwwerhaapt keng Anung vun der Saach. Mee nodeems ech d’Sammler e bësse besser kenne geléiert hat, ass och mäin Interessi geklomm a meng Angscht lues awer sécher verschwonnen. De Virwëlz ass eng gutt Schwächt als Buergermeeschter (laacht). An deen dreift mech och haut nach un.”

KLAPP DEN ENGEL
Dësen onermiddleche Mann vum Terrain begéine mir op engem kalen Novemberowend am Artikuss erëm, wou déi véiert Editioun vum Klapp den Engel um Programm steet, enger Zort Duell, bei deem de Buergermeeschter sech mat engem Kandidat aus dem Publikum a sportlechen an intellektuelle Kompetitioune moosst. E puer honnert Leit hunn dofir de Wee an den Artikuss fonnt, si gudder Stëmmung a besonnesch gespaant, ob den Erausfuerderer dem Gemengepapp, deen déi dräi éischt Editioune gewanne konnt, gewuess ass. De Sall ass struppevoll, d’Glieser gutt gefëllt an d’Stëmmung um Héichpunkt dee Moment, wou de Buergermeeschter am Stil vun engem Boxmatch an de Sall kënnt. Wärend Eye of the Tiger aus de Boxe schaalt, verdeelt de Georges Engel an der Luucht vum Scheinwerfer nach e puer “High Five” an huet de Sall zu deem Ablack schonns ganz op senger Säit. Säi Géigner huet et allerdéngs a sech an ass bereet him alles ofzeverlaangen. Virun allem awer wëll de Georges säi Public net enttäuschen. Obwuel hie schonns beim éischte Spill un d’Schweesse kënnt, léisst de Georges sech seng gutt Laun net verdierwen.

Mee och seng Ausdauer huet Grenzen an de Georges weess op säi Kierper ze lauschteren. Et ass kuerz nom drëtte Spill vum Owend beim Stand vun 3-3, wéi de Buergermeeschter gezwongen ass opzeginn. Et ass roueg am Sall an d’Leit kënnen net richteg gleewen, dass scho Schluss soll sinn. De Georges lauschtert awer op d’Stëmm vun der Vernonft a gëtt definitiv op. D’Stëmmung am Sall dréit séier, well de Public gesäit, wéi schwéier him dës Decisioun fält an dass et wierklech net weidergeet. Hannert dem “Fiels” vun der Gemeng Suessem verstoppt sech och just e Mënsch wéi du an ech.

E LIEWEN NO DER POLITIK
Zanter 2005 un der Spëtzt vun der Gemeng Suessem, erfëllt de Georges Engel net ouni Houfert säin drëtt Mandat. Och wann hie sech bewosst ass, dass et ëmmer Saachen ze verbessere gëtt, sou zitt hien ee positive Bilan vun deene 14 Joer an deenen hien um Rudder ass: “Haut hu mir e wonnerbare Concertssall, ee moderne Sportkomplex, eng fonkelnei Schoul, nei Rettungsdéngschter… all dat gouf et nach net, wéi ech 2005 ugefaangen hunn. Do huet mol nach keen een um Belval gewunnt. Natierlech muss een awer virun allem eis Awunner froen, ob si zefridde sinn, ob si sech wuel an hirer Gemeng fillen. Mir hu jiddefalls alles gemaach, dass deem esou ass.” Och wann hie sech ni iwwert säi Mandat definéiert huet, sou wëll de Georges Engel nach net un déi Zäit denken, an där hien net méi Buergermeeschter vun der Gemeng Suessem wäert sinn: “Ech si mir ëmmer als Mënsch trei bliwwen an ech war deen, deen ech wierklech war. Dat wäert sech no mengem Mandat sécherlech net änneren.”

You don't have permission to register