What a Wanter Feeling!

“Chrëschtdag steet virun der Dir!”. Och wann dëse Sproch, dacks am Geck, dat ganzt Joer iwwer gebraucht gëtt, sou war Suessem vum 15. bis de 17. November effektiv scho festlech gerëscht an huet Spektakel, Handwierk an Traditioun ronderëm d’Suessemer Schlass op een Nenner bruecht. Et hat een d’Gefill an engem Märchen ze sinn.

Chrëschtdagszauber

An der äiseger, mee heemlecher Däischtert loosse mir den Event op engem typesche Samschden am spéiden Hierscht op eis wierken. Scho vu wäit gesäit een d’Schlass, dat fir dësen Zweck mof schimmert an e gewëssenen Zauber ausstraalt, deen un d’Nordliichter erënnert. Och wa mir am Süde vum Land sinn, sou huet d’Gebai aus dem Mëttelalter, dat op réimesche Ruine steet, duerch d’Luuchten en deels nordesche Charakter, deen zum Virschäi kënnt. Déi projezéiert Äiskristalle maachen d’Stëmmung perfekt. Am Park fënnt een d’Thematik duerch déi vill faarweg Stären erëm, déi an engems weisen, wou eng leeft.

En eemolegt Fest

Wat mir méi no bei d’Suessemer Schlass kommen, wat d’Stëmme vum bont gemëscht Public a besonnesch déi vun de Kanner ëmmer méi an d’Ouer sprangen a virwëtzeg maachen. Duerch déi vill Visiteuren huet een d’Gefill, ganz Suessem hätt haut decidéiert, sech mat engem waarme Gedrénks am Grapp bei d’Schlass wiermen ze kommen an de Spektakel op sech wierken ze loossen. Um Wee bei dat grousst Lagerfeier gesäit ee Skulpturen aus Pabeier, iwwerdimensional Lampionen, déi gespenstesch glënneren. An der Nues huet een de Geroch vu Bësch, vu Kanéil a vu gegrilltem Fleesch. Vill Stänn bidde Saachen u fir ze schmaachen: Charcuterie, Kéis, Paangecher a villes méi. Zu de Spezialitéiten zielen och déi sëlleg Béierzorten, déi een op authentesch Manéier zerwéiert kritt an natierlech de Glühwäin. Dat Flott ass: alles ass nëmmen e puer Schrëtt vuneneen ewech. Sou kënnt een onweigerlech och laanscht e grousse Mann mat laangem, groem Baart a Liedersbox, deen d’Eise schléit a bei deem d’Fonken nëmmen esou fléien. Do staunen net nëmmen d’Däbbessen, mee och de Papp. Egal ob äerdeg Handwierker oder gutt gelaunte Krunnemécken: jiddereen dréit säin Deel zur waarmer Atmosphär bäi.

Feieren a Kaddoe fannen

Wat et méi kal gëtt, wat d’Nuese méi Faarf kréien an d’Häerzer opgi virun de sëllege Stänn, déi all deenen, déi schonn op der Sich no Chrëschtdagskaddoe sinn, eng Onmass Iddien um gëllene Plateau zerwéieren. Artisanal Skulpturen aus Metall, Miwwelen aus Holz, Maroquinerie, regional Produite vun no a vu wäit, Kosmetik op Hunnegbasis, ausgefalen Objeten an aner Kuriositéite komplettéieren déi méi traditionell Offer vun typeschen Dekoratiounsartikelen. Eleng am Haff vum Schlass hiewe sech d’Leit géigesäiteg op, sou grouss ass den Interessi un de klenge Konschtwierker. Liibhaber vu Likören an aneren héichprozentege Spezialitéite fannen hei och hiert Gléck. Am Passage, deen aus dem Schlass eraus féiert, héiert een eng Dréiuergel spillen, déi een a Gedanken an eng aner Zäit versetzt. Iwwer 40 Stänn maachen d’Flanéieren iwwert de Site zu engem Erliefnis.

 

Wéi mir eis vum Haff ewech beweegen, geet eis Opmierksamkeet och schonn direkt a Richtung Feierspäizert, dee bei all Optrëtt eng Drauf Leit ronderëm sech versammelt a bei deem senge Performancë besonnesch de klenge Visiteuren de Mond opstoe bleift. Direkt niewendrun ass eng magesch Karawann an där d’Kanner d’Méiglechkeet hunn, sech mat spezieller Faarf, déi am Däischtere liicht, d’Gesiicht molen ze loossen. A passenderweis gesäit een elo zu Suessem um Horizont d’Stäre fonkelen. Am groussen Zelt stëmmen d’Museker de Refrain vun engem Lidd vum Henri Salvador un, an de Public ass verzaubert. Et ass bei wäitem net déi lescht Iwwerraschung op eiser Entdeckungsrees.

You don't have permission to register