Belsch, einfach, gutt

De Roland Wauters huet näischt léiwer, wéi wann et zur Saach geet. D’Hänn an de Schouss leeë läit net an der Natur vum gebiertege Belsch, dee schonn am Alter vu 4 Joer op Lëtzebuerg koum. De fréiere Banquier, deen no iwwer dräi Jorzéngten an der Finanzwelt en “Tante Emma Laden” an der Dräikinneksgaass an der Stad hat, huet dobäi e Bléck fir d’Feinheeten. Hautdesdaags mécht hien aus Leidenschaft Skulpturen aus Keramik. Och senge mëttlerweil 4 Enkelkanner, wouvunner dat lescht eréischt virun e puer Wochen op d’Welt koum, vermëttelt hien d’Loscht um Kniwwelen.

An der Kiche kënnt dem Roland seng praktesch Veranlagung zegutt, woubäi hien ënner anerem a Facebook-Gruppen awer och ëmmer am Austausch mat aneren Hobby-Käch bleift, streng nom Motto: “Wie rascht, dee rascht”. Fir d’Rubrik mat Kachrezepter vun der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem léisst den heitege Bielesser seng Bréisseler Hierkonft duerchschéngen. D’Rezepter si fir 2 Persoune geduecht.

Fir Tomat mat Crevette brauch een:

  • 2 Tomaten
  • 200 g gro Crevetten
  • 2 Zaloteblieder
  • 1 klengt Glas Cognac oder Whisky
  • 1 TL Tomatekonzentrat oder Ketchup
  • 2 ZL Mayonnaise
  • Péiterséileg

D’Tomate wäschen, den ieweschten Deel oftrennen an d’Tomaten aushielegen. D’Crevetten ofschwenken an ofdrëpse loossen. D’Mayonnaise mam Tomatekonzentrat vermëschen an den Alkohol bäiginn. D’Crevetten an d’Zooss maachen a gutt matenee vermëschen. D’Tomate mat dësem Gemësch opfëllen.  D’Tomatendeckelen drop maachen a mat engem Zaloteblat op engem Teller placéieren. Mam Rescht Crevetten a mat Péiterséileg garnéieren.


Fir Rëndsroulade mat Geméis brauch ee folgend Ingredienten:

  • 2 Rëndsrouladen
  • 300 g Gromperen
  • 50 g Botter
  • 100 ml Mëllech
  • 1 Ee
  • 250 g Julienne-Geméis
  • 1 Ënn
  • 2 Knuewelekszéiwen
  • 300 ml Geméisbritt
  • 1 Lorbeerblat
  • Herbes de Provence
  • Oregano
  • 1 Muskotnoss
  • Peffer
  • Salz

D’Rouladë kuerz an engem Dëppen ubroden. Duerno déi waarm Geméisbritt driwwer schëdden an ee Moment kache loossen. D’Geméis, déi geschnidden Ënn an d’Knuewelekszéiwen dobäi maachen. D’Herbes de Provence iwwert dem Geméis verspreeën, d’Lorbeerblat bäiginn an dat Ganzt mat engem Deckel drop 45 Minutte laang brutschele loossen.

D’Grompere schielen, a Kübe schneiden an an enger Kasseroll mat Waasser opkachen loossen. D’Waasser ofschëdden an d’Gromperen an der Kasseroll tripsen. Déi waarm Mëllech bäiginn an de Botter an d’Ee ënner d’Mass hiewen. Mat Muskotnoss verfeineren a gutt vermëschen. Zesumme mat de Rouladen zerwéieren.


Fir Diplomatecrème mat Ananas brauch een:

  • 3 Eeër
  • 250 ml Crème fraîche
  • 4 Ananastranchen
  • 5 ZL Ananasjus
  • ½ Pak Gelatine
  • 1 ZL Kristallzocker
  • Vanillszocker
  • Salz

D’Ananastranchen a kleng Stécker schneiden an ofdrëpse loossen. D’Eegiel vum Eewäiss trennen. D’Eegiel mam Zocker zesumme klappen an den Ananasjus bäiginn. Wärenddeem e bësse Jus opwiermen an d’Gelatine dran opléisen. D’Crème fraîche klappen an e bësse Vanillszocker bäimëschen. D’Eewäiss klappen an eng Pouz Salz bäiginn. D’Gelatinemëschung an d’Eegielmëschung schëdden.

D’Ananasstécker dobäi maachen a gutt matenee vermëschen, duerno d’Crème fraîche bäiginn. Virsiichteg d’Eewäiss ënner d’Mass hiewen. Dat Ganzt an eng Zaloteschossel schëdden an ongeféier 2 Stonnen an de Frigo setzen. Virum zerwéiere kann d’Diplomatecrème nach mat Ananas oder Schockela garnéiert ginn.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register