Autokino : Zinema mat amerikaneschem Flair

Stellt Iech vir, dir kéint wéi d’Olivia Newton-John an den John Travolta am Film “Grease”, jonk a schéin, komfortabel an engem Fifties-Kabrio ënner fräiem Himmel e Film kucken? D’Nora hat dës Drive-In Experienz beim Autokino, matzen um Belval.

Den Open Air Kino steet symbolesch fir d’amerikanesch Kultur aus de 60er Joren, a war deemools e beléiften Treffpunkt fir frësch Verléifter. Hautdesdaags ass dës Zort Zinema an de Vergiess geroden an an den USA gëtt et der just nach eng 300, mee d’Nostalgiker erfreeë sech nach ëmmer dodrun.

D’Gemeng Suessem huet de Public och bei der zéngter Editioun vum Autokino, déi Enn September um Parking Square Mile war, erëm an déi Zäit zeréckversat. Wärend dräi Owender konnten d’Kinosfrënn bei dëser aussergewéinlecher Projektioun vu Filmer dobäi sinn, bei där een d’Kinosfotell duerch den Autossëtz ersetzt.

D’Nora huet sech um éischten Owend fir de Film “IT: Chapter Two” ënner d’Spectateure gemëscht. D’Geschicht spillt 27 Joer nodeems de Losers’ Club de Pennywise bekämpft hat. De béise Clown ass zeréck an de Stroosse vun Derry, fir d’Leit ze terroriséieren. D’Membere vum Club, déi elo alleguerten Erwuesse sinn, hunn d’Stad all verlooss an hiert Liewe gemaach. Wéi ob eemol erëm Kanner verschwannen, rifft de Mike, deen Eenzegen, deen nach zu Derry bliwwe war, déi aner nees bei sech.

D’Héngerhaut ass garantéiert, well dat zweet Kapitel vun der Geschicht ass op d’mannst genee esou grujeleg wéi dat éischt, dat 2017 an de Kino komm war.

You don't have permission to register