D’Jugendhaus, eng Schoul fir d’Liewen

Haut huele mir Iech net mat an d’Kolonie, mee op eng Plaz, déi deem ganz no kënnt: mir maachen eis op a Richtung vum Zolwer Jugendhaus. Tëscht häerzhaftem Laachen, animéierten Diskussiounen, Billardspartien a Prouwe fir dat nächst Theaterstéck hu mir déi Leit getraff, déi d’Jugend an eiser Gemeng verkierperen.

An och wann et um Dag vun eiser Visitt kräfteg reent, sou si mir beim Ubléck vun deene ville Vakanzefotoen am Hall vum Jugendhaus séier a Gedanken am sonnege Süden. Net méi spéit wéi dëse Summer hate sech eng Dose jonk Leit opgemaach a Richtung Frankräich, op Sète.

Dës Rees war alles anescht wéi eng Première fir déi jonk Leit. Elleng dëst Joer ware si och schonns zu London an zu Matera (Italien) ënnerwee, der europäescher Haaptstad vun der Kultur. De Paulo betount allerdéngs ëmmer erëm gären, dass si beileiwe keng Reesagence sinn: “D’Iddi ass et, dass déi Jonk hir Rees selwer virbereeden an dass si sech sur place selwer debrouilléiere sollen, och wa si sech dobäi e puer Mol verlafen.” Hannert dëser Philosophie stécht natierlech ee konkret Motiv, nämlech dass déi jonk Trupp hir Responsabilitéit iwwerhuele soll.

Donieft soll jidderee sech bei der Preparatioun an notamment och dem Finanzement vu sou enger Rees mat abréngen. Dat geet net ëmmer sou einfach a fuerdert heiansdo ganzer 10 Méint Asaz. “Déi Jonk solle bei hirem eegene Projet aktiv sinn. Dat bënnt si an a stäerkt och hier Confiance”, ënnersträicht de Paulo.

Eng gutt Mëschung aus Nolauschteren an Amusement

D’Corinne zielt zu deenen, déi reegelméisseg am Jugendhaus unzetreffe sinn. Dat 14 Joer jonkt Corinne kënnt schonn zwee Joer laang direkt e puer Mol d’Woch op der Nummer 75 an der Bielesser Strooss zu Zolwer laanscht. “Am Ufank waren et Frënn, déi mech mat heihinner bruecht hunn,” erkläert d’Corinne e bëssen zeréckhalend. Mat der Zäit huet hatt sech awer ëmmer méi wuel gefillt a kënnt elo ganz gären an d’Jugendhaus, sief et fir mat senge Frënn oder den Educateuren ze poteren oder och fir un deene verschiddensten Aktivitéiten deelzehuelen, zum Beispill dem Lasertag oder och nach dem Kachatelier freides owes.

Dësen huet sech zu enger richteger Traditioun entwéckelt. Et ass engersäits ee gudde Grond fir sech ze treffen an an de Weekend eranzestarten, an anerersäits eng weider Kéier eng gutt Geleeënheet fir déi Jonk ze responsabiliséieren. An och wa verschidde Rezepter net allze komplizéiert sinn, sou ass et dach villäicht déi éischte Kéier, dass ee jonke Mënsch sech mat enger Kasseroll ausenanersetze muss. “Et ass net schlëmm, wann d’Nuddelen ze laang gaange sinn oder wann d’Salz feelt, mee als Educateur interpretéieren ech meng Roll esou, dass ech mat deene Jonke schwätzen an zesumme kucken, dass sou ee klenge Mëssel an Zukunft net méi geschitt.”

De Paulo a seng véier Aarbechtskollegen, alleguerte forméiert Educateuren, stinn deene jonke Leit net nëmme bei esou banale Situatiounen zur Säit, mee sinn natierlech ëmmer fir ee Rot oder och just een oppent Ouer ze hunn. “Nolauschteren ass eppes onheemlech Wichteges. Donieft kann een op dëser Plaz näischt erzwéngen. Wann ee keng Loscht huet wärend dräi Méint heihinner ze kommen, da soll een et si loossen. Dat ass jidderengem säi gutt Recht! Déi Leit, déi bei eis kommen, wëllen och wierklech hei sinn an dat mierkt een. Wa mir z.B. zesummen iessen, huele si elleng d’Initiativ fir den Dësch ofzeraumen. Et sinn esou kleng Gester, déi et ausmaachen.”

 

“Ee Jonken, deen op Schwieregkeeten trëfft, léiert och eppes”

Momentan steet alles am Zeeche vum groussen Theaterstéck, dat dee ganze Grupp den 2. an 3. November am Artikuss opféiere wäert. Dee leschte Schlaff gëtt elo gemaach, sief et lescht Upassunge bei de Kostümer oder beim Bühnebild. D’Corinne war vun Ufank u bei dësem Projet dobäi. Hatt wäert net nëmmen als Schauspillerin op der Bühn stoen, mee och nach um Piano fir déi musikalesch Begleedung suergen. “Ech hu mam Theater ee ganzt neit Universum entdeckt an et gefält mir immens gutt.”

De Paulo erkläert eis, dass sech d’Stéck vun dësem Joer, dat déi jonk Leit komplett selwer geschriwwen hunn, intensiv mam Thema Respekt beschäftegt. “Respekt ass ee ganz wesentleche Wäert, dee mir deene jonke Mënschen all Dag mat op de Wee ginn. Zil vun dësem Stéck ass et, dass jidderee sech mat sengen ënnerschiddleche Kompetenze mat abréngt. Eenzeler wëlle selwer net op der Bühn stoen, mee kënne sech dofir awer op all aner Manéier engagéieren. Sou entsteet eng exzellent Gruppendynamik an et kommen am Theater och heefeg wichteg Themen op d’Tapéit, déi vun deene Jonken am Alldag oder an der Schoul net ugesprach ginn.”

Knapps ass de Rideau am Artikuss gefall, ass et schonns un der Zäit sech un déi nächst Projeten ze maachen, virun allem elo, wou d’Joer op en Enn geet. Deemnächst wäert ee sech un d’Produktioun an de Verkaf vun Adventskränz woen. “Mat deem Geld, dat mir asammelen, plange mir schonns deen nächste City-Trip. Dës Kéier geet et op Paräis, wou mir dann och sécherlech een Theaterstéck wäerte kucke goen.”

 

En Ëmfeld schafen, an deem déi Jonk sech wuel fillen

Am Gank begéine mir eng weider frëndlech Persoun. D’Émilie, 20 Joer al a Studentin an de “sciences sociales et éducatives”, kennt d’Haus ganz gutt, well si virun e puer Méint ee Stage hei gemaach huet: “Ech hu ganz vill mat deene Jonke Leit geschwat, an och wa mir praktesch dee selwechten Alter hunn, gouf ech ganz gutt opgeholl. Donieft hunn ech och e puer Aktivitéiten organiséiert.”

D’Émilie war net nëmme vun dëser Beruffserfarung begeeschtert, mee virun allem och vun der gudder Stëmmung an der Frëndlechkeet, déi si am Jugendhaus ugetraff huet. Et huet hier sou gutt gefall, dass si elo reegelméisseg laanscht kënnt, elo awer als “Jonken”. “Wann ech gewosst hätt, wéi sympathesch dat Ganzt hei ass, da wier ech sécherlech schonns éischter komm.” An der lescht ass d’Émilie op d’mannst eemol an der Woch am Jugendhaus an ass elo och en Deel vum Animastaff, wéi et grouss op hirem T-Shirt steet.

Dir frot Iech elo, wat den Animstaff ass? Et handelt sech ëm ee Projet, dee vun der edukativer Equipe vum Jugendhaus an d’Liewe geruff gouf. Zil dovunner ass et, deene Jonken éischt Erfarungen z’erméiglechen, hinne Responsabilitéit ze ginn an donieft och nach d’Chance e bëssen Täschegeld ze verdéngen. Éier déi Jonk – all am Alter tëscht 16 a 26 Joer – awer op den Terrain dierfen, kréie si als éischt eng gratis Formatioun. Dono gesinn hier Missioune ganz ënnerschiddlech aus: Kanneranimatioun, Facepainting, Ballone formen, Catering, asw. an dat bei all Zort vun Evenement (Hochzäit, Gebuertsdag, Veräinsfest, asw.).

Nieft dem Corinne an dem Émilie kommen all Woch eng ganz Rei Jonker an d’Jugendhaus. Dobäi geet et net nëmmen dorëms Frënn erëmzegesinn, mee d’Jugendhaus ass och eng Plaz, wou ee sech gutt opgeholl fillt. Et ass eng lieweg Plaz, awer och eng Plaz, wou een nogelauschtert kritt a wou ee fir deen aneren do ass. Et ass gewosst, dass déi jonk Joren net ëmmer einfach sinn. Am Jugendhaus setze se jiddefalls alles dorunner, dass déi Erwuesse vu muer an aller Rou grouss ginn.

You don't have permission to register