Bob Bertemes: ëmmer méi wäit!

De Bob Bertemes gehéiert mëttlerweil sécherlech zu deene bekanntste Sportler am Grand-Duché. De Bieleser Kugelstousser liwwert an der Lescht eng perséinlech Beschtleeschtung no där anerer an ass spéitstens mat sengem Exploit iwwer 22 Meter definitiv an der Weltspëtzt ukomm. Souguer eng olympesch Medail ass deem sympathesche Koloss zouzetrauen.

Tëscht zwou Competitiounen hat d´Laura d´Geleeënheet, fir dem Bob e bëssen de Bols ze fillen a sech mat senger Paradedisziplin, dem Kugelstoussen, vertraut ze maachen. Dass si sech dofir um Terrain vum CA Bieles hannert dem Artikuss Rendezvous ginn hunn, kënnt net vun ongeféier: genau op dëser Plaz huet de Bob vu klengem un trainéiert.

Dem Bob ass säi rezenten Erfolleg net zu Kapp gestigen, beileiwen net. An dobäi hätt dee jovialen a frëndleche jonke Mann all Grond dozou, nodeems hien dësen August den nationale Rekord mat engem Stouss iwwert 22,22m quasi pulveriséiert huet.

Dem Bob ass et immens wichteg “mat zwee Féiss um Buedem ze bleiwen”, wéi den Athlet vum CA Bieles och heefeg an der Press zitéiert gëtt. Donieft hofft hien, dass seng gutt Resultater eng Motivatioun fir eng eventuell nächst Generatioun vu jonke Sportler sinn. Och wann et bis dohinner nach ee Stéckchen ass, sou huet de Bob Tokyo 2020 elo schonns fest am Bléck: déi japanesch Haaptstad ass dat nächst Joer nämlech Ausriichter vun den olympesche Summerspiller. Mir drécken dem Bob jiddefalls ganz fest d´Daumen, fir dass him zu Tokyo ee weideren Exploit geléngt.

 

 

You don't have permission to register