Defteges aus Frankräich

De Sport bréngt Mënschen zesummen. An heiansdo kënnt ee sech esou no, dass een duerno guer net méi vunenee fort kënnt. Déi gebierteg Franséisin Nathalie Demange war viru ville Joren op Schëffleng komm, fir bei engem Petanque Turnéier hirer Passioun nozegoen. Si sollt do net nëmmen hire spéidere Mann kenne léieren, mee och ufänke Fouss hei am Land ze faassen. Zanter leschtem Joer ass d’Éilerenger Nationalspillerin och um Pabeier Lëtzebuergerin a konnt bei de Spiller vun de klenge Länner a Montenegro d’Goldmedaille fir de Grand-Duché gewannen.

Fir d’Rubrik mat Rezepter vun der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem huet si hir Kichendier grouss opgemaach. Dass hir Mamm grad dee Moment op Besuch ass, ass keen Zoufall. Well de kulinareschen “back to the roots” soll esou authentesch wéi méiglech sinn. D’Famill huet hir Wuerzelen zu Bruyères an de Vogesen an d’Iessgewunnechten erënnere ganz staark un d’Nopeschregioun Elsass.

Wat huet ee fréier um Duerf gemaach, wann d’Zäit gefeelt huet fir d’Iessen ze preparéieren? D’Mikrowell war nach net erfonnt. De Bäcker war an esou Fäll d’Rettung an der Nout. Wann dee säi Brout bis gebak hat, konnt d’Reschthëtzt vu sengem Uewe genotzt gi fir aner Saachen. D’Fraen hu moies fréi virun der Mass oder hirer Hausaarbecht hir Oplafschossele mat den Ingrediente laanscht bruecht a se ronderëm den Deckel mat Broutdeeg zougemaach, fir se ze versigelen. Mat wéineg Opwand hate si fir mëttes en deftege Plat fir eng grouss Famill sat ze kréien. Den Numm Baeckeoffe erënnert och haut nach un den Ursprong vun der Zoubereedung.

Mam Rezept vum Nathalie Demange kann een 8-10 Leit bekäschtegen. Fir de Baeckeoffe brauch een:

  • 700 g Schwéngsgenéck
  • 700 g Lammschëller
  • 700 g Gîte oder Paleron (bœuf)
  • 1 Schwéngsfouss
  • 1,5 kg Gromperen
  • 100 g Miel
  • 3 Muerten
  • 1 Porrett
  • 2 Ënnen
  • Peffer
  • Salz

Fir d’Marinad brauch een:

  • 75 cl dréchene wäisse Wäin aus dem Elsass
  • 1 graff geschnidden Ënn
  • 1 zerdrätschte Knuewelekszéif
  • 1 Hallem Thymian
  • 2 Lorberblieder

D’Fleesch a Kübe vu 5 cm schneiden. Duerno 24 Stonnen zesumme mat der Marinad an enger grousser Schossel am Frigo loossen. D’Gromperen an d’Muerte schielen an an dënn Rondele schneiden. D’Ënne graff schneiden. D’Fleesch ofdrëpse loossen an de Saaft vun der Marinad halen. Eng Oplafschossel aus terre cuite bannendra mat Botter afetten, an doropshin eng Kusch no där anerer dra maachen: Ënnen, Gromperen a Muerten, Fleesch, gespléckte Schwéngsfouss, Gromperen a Muerten, Porrett. All Kusch eenzel salzen a pefferen. De Saaft vun der Marinad bis op d’Héicht vun de Gromperen dra schëdden.

Den Deckel drop maachen a ronderëm mat enger Sträif Deeg zoumaachen, déi den Deckel un d’Oplafschossel fixéiert. Dësen Deeg gëtt mam Miel a mat 1 Zoppeläffel Waasser gemaach. Ongeféier 2,5 Stonnen bei 200° am Uewe goe loossen.


Fir d’Bäilag, eng Salade vosgienne fir 4 Leit, brauch een:

  • Gréng Zalot oder Pissenlit
  • 200 g gereecherte Speck
  • 4 Eeër
  • Brout a Kübe geschnidden
  • Sauerram
  • Moschter
  • Esseg
  • Olivenueleg
  • 8 Tomates cerises
  • Bratzelen
  • Schallotten

Eng Vinaigrette mat Olivenueleg, Esseg, Moschter, Bratzelen a Schallotte preparéieren. D’Zalot wäschen an op en Teller maachen. De Speck ubroden an duerno waarm halen. D’Brout mat e bëssen Olivenueleg an enger Pan ubroden, bis et Croutone sinn.

D’Eeër ganz douce a bal kachend Waasser maachen a bal 6 Minutte goe loossen (oppassen op de richtege Moment!). D’Eeër eraushuelen an direkt a kaalt Waasser maachen, fir d’Cuisson ze stoppen. Duerno virsiichteg schielen. D’Tomates cerises, de Speck an d’Croutonen op d’Zalot maachen. Uschléissend mat e bësse Vinaigrette an 1 Kaffisläffel Sauerram verfeineren, an dat wotlecht Ee drop maachen. Wann et méi defteg a gehaltvoll soll sinn, da kënnen och nach gebootschte Gromperen dobäi kommen.


Fir Beignets de myrtilles fir 4-6 Leit, brauch een:

  • 2 Eeër
  • 250 g Molbieren
  • 250 g Miel
  • 25 cl Mëllech
  • Rengen Zocker
  • 1 Päckelche Vanillszocker

Den Deeg preparéieren: e Lach an d’Mëtt vum Miel maachen, d’Eeër dra maachen a vermëschen, andeems d’Mëllech an 2 ZL rengen Zocker lues a lues bäigemëscht ginn. D’Resultat ass wéi Paangechersdeeg, mee e bësse méi fest. Ongeféier 1 Stonn roue loossen. Duerno d’Molbieren drënner mëschen. Kleng platt gedréckte Fläpp Deeg an enger Pan mat e bëssen Ueleg op béide Säite broden. D’Beigneten doropshin op Kichepabeier leeën an Zocker driwwer streeën. Wotlech zerwéieren, z.B. mat enger Bull Vanillesglace.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register