Iran, eng Welt fir sech

“De Buedem ass bestuet mam Batteren a mam Séissen”. Dëst iranescht Spréchwuert, dat an der Iwwersetzung net grad esou elegant kléngt wéi am Original, steet symbolesch fir d’Sich no der Harmonie, déi een och an der Kiche vun der islamescher Republik erëmfënnt. Déi kënnt an der Rubrik mat Kachrezepter vun der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem zu Éieren. D’Land, dat esou grouss ass wéi England, Frankräich, Spuenien, Italien an d’Schwäiz zesummen, huet duerch seng vill verschidde Regiounen eng grouss kulinaresch Panoplie opweises.

D’Saiedeh Sadeghi ass vun Teheran, enger dynamescher, animéierter an immens lieweger Stad. Si huet do dräi Joer laang Psychologie studéiert an niewebäi als Coiffeuse geschafft. Am November 2018 huet si hiert Liewen do missten opginn an hir Heemecht verloossen, woubäi si och hir zwee Bridder, dräi Schwësteren an hir Elteren hanneru sech gelooss huet. No enger Tëschestatioun an Italien huet hir kleng Famill am Dezember 2019 hei am Land de Flüchtlingsstatut kritt. D’Saiedeh ass bestuet an huet e Bouf vun 10 Joer.

Et war relativ séier kloer, dass si hiert Schicksal selwer géing an de Grapp huele fir hir Talenter ze notzen. Si huet sech zum Beispill benevole als Coiffeuse an der Maison de la cohésion sociale engagéiert, bréngt hirer Klass am Hariko zu Esch/Uelzecht d’Fabrikatioun vu Poschen aus Lieder bäi a mécht mat bei de Kanneratelieren am Foyer Dickskopp zu Zolwer. Donieft huet si ugefaangen, Franséisch a Lëtzebuergesch ze léieren. Well si op der Sich no Aarbecht an enger Wunneng ass, spillt si mam Gedanken, en eegene Food Truck ze bedreiwen, well si och a punkto Kachen eng drop huet.

De Basmati-Räis ass d’Grondlag vun der Ernärung an hirer Heemecht. Déi iranesch Kichen ass generéis, lecker an ausgeglach, woubäi dacks eng subtil Saier ervirstécht. D’Saiedeh proposéiert en typesche Plat, deen dat gutt illustréiert, an deen een an de grousse Stied normalerweis mat Fleesch ësst, a méi ländleche Géigenden éischter ouni. Et gëtt immens vill Variatioune vum Adas Polo a wéinst dëser Villsäitegkeet kann een de Plat bei all Geleeënheet opdëschen, sief et bei engem klengen Iesse mat der Famill oder bei enger Hochzäit.

Fir den Adas Polo brauch een:

  • 3 Tase Basmati-Räis
  • 200 g Gehacktes
  • 1 Taass Korinten
  • 1,5 Taass Lënsen
  • 2 Ënnen
  • Ueleg
  • Kurkuma
  • Safran
  • Kanéil
  • Peffer
  • Salz

De Räis op d’mannst 1 Stonn a wootlechem a gesalztem Waasser aweechen. Duerno e puer mol auswäschen, bis d’Waasser kloer ass. D’Lënsen auswäschen, opkachen a wärend 20-25 Minutte brutschele loossen. Oppassen, dass si net ze mätscheg ginn. D’Ënne kleng schnëppelen a si am Ueleg kuerz ubrode loossen, bis si duerchsichteg sinn. D’Fleesch an d’Gewierzer bäiginn, an héchstens 20 Minutten op klenger Flam goe loossen. Jee no Geschmaach wierzen.

D’Korinten am Ueleg 2 Minutten ubroden. De Räis ongeféier 5 Minutte laang kachen, bis en al dente ass. De Räis an d’Lënsen ofdrëpse loossen a si, Kusch fir Kusch, an e Kachdëppe maachen, andeems sech Räis a Lënsen ofwiesselen, woubäi déi lescht Kusch Räis ass. Wärend 20 Minutten ofdecken. Duerno op e Plat maachen, d’Fleesch drop maachen a mat de Korinten dekoréieren.

Gudden Appetit!

You don't have permission to register