Ouschterständchen

D’Zolwer Knappbléiser hunn d’Awunner vum CIPA Résidence “op der Waassertrap” um Belval um Samschden, 11. Abrëll 2020 kuerz virun Ouschteren iwwerrascht. Virun der Dier, a mam néidegen Ofstand zueneen, hu si op alle Säite vum Gebai Klassiker zum Beschte ginn, fir de Residenten eng Freed ze maachen.⁣

De Buergermeeschter Georges Engel huet den Ensembel op der Tuba begleet. D’Leit hunn op hire Balconen an am Bannenhaff begeeschtert nogelauschtert a mat hirem Applaus Merci gesot fir déi spontan Aktioun.⁣

 

You don't have permission to register