Theaterstiffchen: Aussergewéinlech einfach

Wie bei d’“Mimmchen“ an d’Dicks-Lentz Strooss op Bieles e Patt huelen oder e Maufel iesse geet, fillt sech direkt wéi doheem. Dat läit net nëmmen un der heemlecher Atmosphär vun der Theaterstiffchen, mee d’Wiertsfra bleift och kengem eng schëlleg.

Den Duerfbistro bitt en authentescht Stéck Lokalkultur ouni Filter. Keen Dag ass wéi deen aneren, an och fir en Interview mat der Patronne gëtt et keng Schabloun, wéi mir erausfonnt hunn.

“Life!” ass d’Serie ronderëm d’Mënschen an der Gemeng Suessem mat Geschichten, déi aus dem Liewe gegraff sinn.

You don't have permission to register