Gnocchi à la Anna

D’Anna Marchioni-Biagioni schwéngt de Bräiläffel fir eis an der Rubrik mat Kachrezepter vun der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem. Si huet hir Wuerzelen am gréngen Häerz vun Italien, an der Regioun Umbrien, wou d’Zäit stoe bliwwen ass. Dohanne fillt ee sech an d’Mëttelalter zeréckversat, an d‘Landschaft ass méi wëll an onberéiert wéi an der Nopeschregioun Toskana. D‘Anna huet hir Heemechtsstad Foligno an der Provënz Perugia 1952 am Alter vun 21 Joer hanneru sech gelooss, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Wärend hire Mann Fernando als Mineur geschafft huet, huet si eng Zäit laang e Restaurant an eng Pensioun fir italienesch Migrante bedriwwen. D’Famill war awer ëmmer d’Prioritéit fir déi mëttlerweil 10-fach Urgroussmamm.

Hiren Enkel Andrea ass bekannt fir seng frësch Nuddelen am Familljebetrib La Romagna zu Esch, a wann een d’Anna an hirer klenger Kichen doheem am Metzerlach erlieft, da weess ee wou déi Passioun fir dat gutt Iessen hier kënnt. Egal ob beim Kniede vum Deeg oder dem Preparéiere vun der Zooss: si geckst, laacht a straalt eng enorm Liewensfreed aus. Dat läit och un hirer Assistentin, der Fra vun hirem Enkel.

D’Susana an d’Anna gesi sech all Dag fir Kaffi ze drénken a sti sech immens no. Déi jonk Fra brauch schonn eng gutt Excuse, wann si e Rendez-vous verpasst oder déi 89-järeg Groussmamm net iwwert alles au courant hält. Den Duo ass de beschte Beweis dofir, dass Famill jonk hält a gutt Laun ustiechend ass.

D’Preparatioun vun den Gnocchi à la Anna ass dann och eng Equippenaarbecht. Et brauch een:

  • 1 kg Gromperen
  • +/- 300 g Miel
  • Rengt Salz

D’Grompere schielen, kachen an duerno ofkille loossen. Mat enger Püree-Press zu enger Mass tripsen. D’Miel an d’Salz lues a lues bäi mëschen an esou laang mat den Hänn knieden, bis e kompakten Deeg entsteet. Liicht mam Zeigefanger undrécke fir ze kucken, ob den Deeg déi gewënschte Konsistenz huet (d’Anna verléisst sech op hiert Gefill). Doraus e puer laang Rulle mat engem Duerchmiesser vun 3 cm maachen, an zwar op enger Aarbechtsfläch, déi mat Miel gepuddert ass.

Kleng Stécker vun ongeféier 2 cm Längt ofschneiden. Miel driwwer streeën an d’Gnocchien mat klengem Ofstand op e mat Miel agepuddert Duch leeën, fir 30 Minutte rouen ze loossen. D’Gnocchien héchstens 3 Minutte laang an engem grousse Volume gesalzenem a kachendem Waasser zoubereeden. D’Waasser ofschëdden an d’Gnocchien am Dëppe mat enger Pesto- oder Tomatenzooss vermëschen.

 

 

An Italien féiert kee Wee laanscht dCrostata. Dësen hausgemaachte Kuch schmaacht net nëmme gutt, mee ass och nach relativ séier zoubereet. Et gëtt immens vill Varianten dovun an all Groussmamm, déi eppes op sech hält, huet en eegent Rezept. Fir dCrostata brauch een:

  • 1 Gebeessdëppchen (net ze séiss)
  • 3 Eeër
  • 500 gr Miel
  • 250 gr Zocker
  • 200 gr Botter
  • 1 Sachet Bakpolver
  • 1 Sachet Vanilleszocker
  • ½ Glas Mëllech
  • Geriwwen Zitrouneschuel
  • Salz

DMiel, de Bakpolver, dMëllech, de Vanilleszocker, den Zocker, dZitrouneschuel an eng Prise Salz op engem hëlzene Briet matenee vermëschen. Duerno de Botter bäiginn an den Deeg mat den Hänn beaarbechten. Uschléissend dEeër dobäi maachen a weider duercherneemëschen, bis eng fest Bull entsteet. Den Deeg an zwee deelen: 1 méi grousst Stéck fir an de Buedem vun enger Bakform ze verdeelen, an 1 méi klengt Stéck fir längelzeg Träipen ze maachen. Op den Deeg an der Form eng dënn a gläichméisseg Kusch Gebeess drop maachen. Mat de längelzege Stécker e Gitter iwwer dGebeess maachen. Ongeféier 25 Minutte laang bei 180° am Uewe goe loossen.

 

Gudden Appetit!

Post tags:
You don't have permission to register