De Couscous vun Aïn Séfra

No un der Lëtzebuerger Grenz, bei Diddenuewen a Frankräich ass d’Jacqueline Ouakef gebuer a grouss ginn. An de 90er Joren huet de Beruff hire Mann op Lëtzebuerg bruecht. D’Famill mat den 2 Jongen huet et hei am Land gehalen, fir genee ze sinn zu Zolwer. Wärend ee vun hire Jongen am Rugby zu Zéisseng sportlech aktiv ass, verbréngt d’Jacqueline Ouakef, déi mat der orientalescher Kichen opgewuess ass, vill Stonnen domadder leidenschaftlech gären ze kachen. An do kommen hir Wuerzelen an d’Spill: Algerien!

Wien un Algerien denkt, dee kënnt net laanscht de Couscous, de Couscous de Aïn Séfra wéi si hiert kulinarescht Rezept nennt. De speziellen Numm geet op d’Hierkonft vun hirem Papp am Nord-Weste vum Land zeréck, op Aïn Séfra. Nieft dem besonneschen Numm sinn déi ënnerschiddlech Kraider an d’Vilfalt vum Geméis hir ‘potion magique‘.

 

Fir de Couscous brauch een:

  • 1 Lammschëller
  • 6 Poulets Hämmecher
  • 6 Merguezen
  • 1 Pak Couscous (Schmull)
  • 1 Béchs Kicherierbessen
  • E Grappvoll Saubounen
  • 4 Muerten
  • 4 Rommelen
  • 4 Courgetten
  • 2 Stécker Kürbis
  • 2 Gromperen
  • 2 Ënnen
  • 1 Téiläffel Ingwer
  • 1 Téiläffel Kurkuma
  • 1 Téiläffel Kümmel
  • 1 Ras el-hanout
  • 2 Zoppeläffel Ueleg
  • 2 Zoppeläffel Tomatekonzentrat
  • 1 hallwen Téiläffel Peffer
  • 1 hallwen Téiläffel Salz
  • 250g Botter

Fir de Couscous:

D’Schmull an engem Seibecken wäschen, se dono an enger grousser, déiwer Schossel mat den Hänn oplackeren an se dann e wéineg dréchne loossen. Dann d’Schmull an engem Couscoussier 20 Minutte laang kachen. D’Dëppe vun der Kachplack huelen an ee Glas Waasser dobäischëdden. D’Schmull nach eng Kéier mat den Hänn duerchmëschen an 2 Läffel Ueleg bäifügen.Nach eemol kache loossen.Dann sou vill Botter wéi Dir gären hutt ënnert de Couscous réieren.

 

Fir d’Britt:

D’Lammschëller zesumme mat den Ënne mat e bëssen Ueleg an engem Dëppen ubrooden. 1 Liter Waasser dobäischëdden a salzen. Kicherierbessen an alleguer d’Gewürzer, ausser de Kümmel, dobäiginn. D’Dëppe mam Deckel zoumaachen an dat ganzt kache loossen. No hallwer Kachzäit d’Muerten an d’Saubounen och an d’Dëppe ginn a weider kache loossen. Duerno d’Rommelen, d’Gromperen, de Kürbis, d’Courgetten, d’Tomatekonzentrat zesumme mam opgeléiste Kümmel dobäiginn an nach e puer Minutte weider zéie loossen. D’Merguezen an d’Poulets-Hämmecher ubrooden a se separat zerwéieren.

 

 

Les douceurs du désert:
Zou de séissen Desserten aus dem Wüüstestaat ziele vill gedréchent Friichten. Ma en Dessert gëtt net ouni e Kaffi oder en Téi zerwéiert. Beim Jacqueline Ouakef ginn d’Friichten op spilleresch Aart a Wéis zu engem richtege Bléckfang.

  • 250g entkäerten Dattelen
  • 250g gedréchent Figen
  • 250g Nëss
  • 100g gedréchent Mini-Fige fir d’Dekoratioun
  • 300g Marzipan (Pistasch, Äerdbier-, Mandel-Goût)
  • 1 Dëppen Hunneg

All eenzelt Stéck Uebst mam Marzipan fëllen.Se dann an den Hunneg zappen, ofdrëpse loossen a Kokosnoss-Flocken driwwer streeën.Am beschten mat enger Taass Menthe-Téi zerwéieren.

 

Gudden Appetit!

Post tags:
You don't have permission to register