– tenuto –

“Léiwer ee schifen Toun an awer ee coole Groove an e gutt Gefill.

De ganze Summer iwwer huet den Artikuss jonken Ausnamemuseker d’Geleeënheet vun enger Residenz gebueden. Mir ware bei de Prouwen an Opnamen wärend dem – (tenuto) dobäi an hu sämtlechen Acteuren de Bols gefillt.

Aussergewéinlech Zäite kënnen heiansdo de Katalysator fir Iddie sinn, déi een ënnert normalen Ëmstänn villäicht net esou séier ugaange wier. Dëst war sécherlech och beim Projet vun den Artists in residence ‘ – (tenuto)’ de Fall, deen de ganze Summer iwwer am Artikuss stattfonnt huet. “Et ass kee Geheimnis, dass déi aktuell Situatioun der Konschtzeen ellen zousetzt”, erkläert de Serge Blasen, Responsabele vum Artikuss, “a well mir schonns länger mam Gedanke vu Residenze gespillt hunn, war elo genee dee richtege Moment fir dës Aventure ze starten.”

Jeeweils eng Woch laang haten am August a September dräi Museksensembelen déi eemoleg Chance fir an engem professionellen Ëmfeld ze prouwen, ze spillen an och Opnamen ze maachen. “Mir wollte virop jonk an talentéiert Kënschtler ënnerstëtzen, sief dat am Jazz oder an der Klassik, wou besonnesch zu Lëtzebuerg Residenzen net esou verbreet sinn,” sou de Serge Blasen weider.

 

Qua Qua

 

Mat den Jazzensembele Qua Qua a Lysander souwéi dem Trombonnen-Trio The Rolling Bones war fir dës éischt Editioun och direkt Qualitéit um Rendezvous. “Wann een d’Geleeënheet vu sou enger Residenz offréiert kritt, da muss een net zwee Mol iwwerleeën,” erzielt eis den Daniel Migliosi, dee mat senge knapp 16 Joer schonns zu de Virtuosen op der Trompett zielt. Änlech gesäit et och säin Ensembelskolleeg a Perkussionist, de Michel Meis: “Doduerch, dass ee quasi 24 Stonnen den Dag zesummenhänkt, entsteet eng ganz eegen Dynamik an engem Ensembel. Virun allem bei eis, déi net esou oft zesumme prouwen, sinn e puer Deeg um Stéck Gold wäert. Vergläichbar mat enger Futtballsekipp: gutt Individualisten, déi sech mat der Zäit openeen aspillen.”

 

 

Eng Residenz ass awer net nëmme Spaass, mee huet och eng fest Struktur, wéi de Serge Blasen mat engem klenge Laachen uféiert: “Esou eng Kollaboratioun ka just produktiv sinn, wa béid Parteien eppes abréngen. Sou stelle mir als Gemeng op der enger Säit nämlech net nëmmen de Sall, mee och dat professionellt Equipement, een Tountechniker souwéi Kascht a Logement. Op der aner Säit verflichten d’Artiste sech, éi ganz Saach mam néidege Seriö unzegoen an och ee Concert am Artikuss ze spillen.” Wann d’Situatioun et erlaabt, sou soll dëse gemeinsamen Optrëtt vun deenen dräi Ensembelen samschdes, den 12. Dezember 2020, am Artikuss sinn. Bei dëser Geleeënheet gëtt dann och eng Plack virgestallt, op der eventuell och déi eng oder aner falsch Nout wäert drop sinn, wéi de Pianist Mathieu Clement verréit: “Dat Allerwichtegst bei eisen Opnamen ass d’Energie. Léiwer ee schifen Toun an awer ee coole Groove an e gutt Gefill.”

 

Lysander

Ee gutt Gefill hat och déi international Studieband Lysander, déi sech zu Amsterdam kenne geléiert huet an der hir Wuerzelen duerch ganz Europa verspreet sinn. “Et huet een net all Dag d’Chance een Tountechniker u senger Säit ze hunn,” sou de Saxophonist Joel Metz, “Donieft war et einfach eng flott Erfarung eis eege Lidder ënnert professionelle Konditiounen opzehuelen.”

 

The Rolling Bones

Beim Trombonnen-Trio The Rolling Bones war d’Situatioun e bësse méi speziell, well den Trio sech geziilt fir dës Residenz gegrënnt huet, wéi eis den Nick Engel erkläert. Dass dësen Ensembel sech eréischt elo fonnt huet, ass dach e bëssen iwwerraschend, kennt den Nick seng Musekskolleegen Daniel an Dino schonns quasi vu Klengem un: “Mir waren alleguerte beim Claude Origer am Escher Conservatoire an hunn do an deene verschiddenste Konstellatioune matenee gespillt, allerdéngs ni just zu dräi.”

Hiren Openthalt am Artikuss hunn déi dräi Blechbléiser jiddefalls net bereit: “Mir hu séier gemierkt, wéi mir als Trio zesummen eise Klang fonnt hunn. Et deet wierklech gutt, wann een d’Gefill huet virun ze kommen a wann Aarbecht a Prouwe sech lounen.”

 

Och fir de Serge Blasen fält de Fazit no dëser Première méi wéi positiv aus: “Et war eng Freed ze gesinn mat wéi engem Enthusiasmus sech sämtlech Bedeelegt investéiert hunn. Mee net nëmmen dowéinst sinn ech fest dovunner iwwerzeegt, dass den — (tenuto) eng Zukunft am Artikuss wäert hunn.”

 

* tenuto (de l’italien, signifiant tenir) est une articulation sur une note que l’on maintient dans le temps. Elle se note d’une barre horizontale.

 

You don't have permission to register