Artikuss – New year, new look

No eppes méi wéi aacht Joer war et un der Zäit dem Artikuss en neit Gesiicht ze ginn. Passend zum Joresufank gouf de 16. Januar der Press an dem Gemengerot d’Programmatioun vun deenen nächste Méint, esouwéi déi nei visuell Identitéit virgestallt.

Bei dëser dominéieren an Zukunft net nëmmen de Buschtaf “A”, deen ë. a. op Affichen och als ugedeite Riddo benotzt gëtt, mee och dräi ganz spezifesch Faarwen, déi nieft engem ästheteschen och en inhaltleche Sënn hunn. Sou steet all Faarf fir ee bestëmmte Genre an Dir erkennt vun elo un op ee Bléck op et sech ëm ee Concert, ee Spektakel oder eng Programmatioun fir Kanner dréit.

Mat der neier Charte gouf selbstverständlech och den neien iwwersiichtlechen Internetsite an déi nei Broschür virgestallt. D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet et begréisst, datt den Agenda an Zukunft just nach zwee Mol pro Joer erschéngt, an dëst am Januar an am Juli. Op dës Manéier hätt een net nëmmen aus organisatorescher Siicht méi Sécherheet, mee virun allem de Public kéint sech ee besseren Iwwerbléck iwwert déi aktuell Saison verschafen a sech déi eenzel Eventer méi geziilt erauspicken.

De Manuel Ribeiro ass sengersäits verstäerkt op déi programmatesch Ausriichtung vum Haus agaangen. Sou sollen de Gesang an d’Harmonie-Musek weiderhin en Aushängeschëld vum Artikuss bleiwen. Dëst hënnert een awer net dorunner fir méi Kooperatiounen, respektiv Koproductiounen op Zolwer ze huelen oder d’Dieren och méi fir den Danz an den Theater opzemaachen. Zou den Highlights an deenen nächste Méint zielen den Umberto Tozzi, d’Chorale Scala oder och nach den Orchester vun der Garde Républicaine.

You don't have permission to register