De Georges Engel dréckt d’Schoulbänk

Stëfter, Schachtelen, Classeuren, Schoulsäck… et geet erëm lass an der Schoul! Knapps waren d’Kanner aus dem Cycle 4.2 an der Schoul Bieles-Post an hirer Schoulbänk installéiert, krute si och schonn héije Besuch: de Buergermeeschter Georges Engel koum fir d’Rentrée Moie soen.

“D’Nummer 1” aus der Gemeng huet sech iwwer eng Stonn Zäit geholl, fir mat de Schüler ze schwätzen an op hir Froen z’äntweren. An hinne louch villes op der Zong.

Si hu sech fir unzefänken allgemeng fir de Beruff vum Buergermeeschter interesséiert. De Georges Engel huet vu sengem Alldag a senge villen Aufgabe geschwat. Dobäi huet hien och mat Freed verroden, wien de “Kolleeg” Max ass, dee sech anscheinend all Dag a sengem Büro ophält.

Och d’Sécherheet bei de Schoule gouf thematiséiert, genee wéi d’Ëmwelt an de Klimawandel. De Buergermeeschter huet ënnerstrach, dass hien als Bierger säin Deel géing dozou bäidroen, fir eppes z’änneren: hien huet ëmmer seng eegen Drénkfläsch dobäi, woumat hie Plastik evitéiert, an notzt esou dacks et geet den ëffentlechen Transport.

Bei der Klassevisitt huet hie sech och zu sengem Familljeliewe geäussert – hien huet zwee “grouss” Kanner – an et goung och riets vu senger grousser Passioun: der Musek.

You don't have permission to register