All Hänn voll ze dinn

An enger Gemeng fale sëlleg Aarbechten un, esou och bei eis. Déi jeeweileg Gemengeservicer hu vill op hiren To-Do-Lëschte stoen, dass alles um Lafe bleift. Dacks bleiwen dës Servicer am Hannergrond an esou ass een·t sech net ëmmer bewosst, wéi vill Aarbecht an déi ënnerschiddlech Projete gestach gëtt. Mir waren ee Moie mam Départment Bâtiment vum Service de Régie ënnerwee.

„Mir maachen alles in-house“ war den Titel vun engem Artikel am leschte kuerz&knapp. Dovunner kënne mer eis bei engem Besuch vun eisem Service de Régie selwer iwwerzeegen. D’Departement Bâtiment huet bei der Renovatioun vun enger Wunneng an der Rue de l’Usine all Hänn voll ze dinn.

De Sylvain Ballini begréisst ee vun den Aarbechter virum Appartementshaus, éier hien eis an den ieweschte Stack vum Gebai guidéiert. Op der Entréesdier steet op engem Stéck Pechpabeier „Gemeng“. „Dat hunn ech dohinner gepecht“, seet eist Géigeniwwer a grinst. „Da wësse mer all, a wéi een Appartement mer musse goen.”

An der Wunneng sinn d’Usträicher an hir Aarbecht verdéift. Si gi vun engem Stagiaire ënnerstëtzt, deen hinnen déi Woch iwwert d’Schëllere ka kucken. Hie kritt e Pinsel an d’Hand gedréckt a fänkt mat enger weiderer wäisser Schicht un der Mauer am Gank un. „Dat hei gëtt eng Sozialwunneng. Mir hunn der eng jett.“ Mir ginn an den nächste Raum. Och hei gëtt Schicht fir Schicht dofir gesuergt, dass déi spéider Stuff prett ass. Wisou wäiss? „Mir hunn eis mëttlerweil op zwou Faarwe gëeenegt. Anescht hätte mer ze vill Dëppercher, déi iwwreg bleiwen. Esou reduzéiere mer den Offall am Virfeld.“

„Dat ass eist Personal“

All d’Aarbechter, déi deen Dag ronderëm eis sinn, si Leit, déi op der Gemeng schaffen. „Eis Usträicher, Elektriker, Chauffagisten a sou weider, dat ass eist Personal. Mir ginn also praktesch näischt no baussen of.“ Fir d’Ekippe wier dat hei e gréissere Projet gewiescht, ënnersträicht de Sylvain. „Alles huet misste raus, de Buedem gouf frësch gemaach, déi ganz Tapéit huet missten erofgeholl ginn, an der Buedzëmmer uewenop huet och e bëssen eppes misste gemaach an dann hate mer nach de Balcon, deen net ganz prett war. Mir waren ëm déi zwee Méint amgaangen, wa mer d’Aarbechten elo ofschléissen.“ Insgesamt sinn et eng 100 Gebaier, ëm déi sech déi dräi Usträicher vun der Gemeng Suessem këmmeren. „Jo, se si gutt ënnerwee“, seet de Sylvain a laacht. „An der Vakanz sinn d’Schoulen drun. Do hu mer souguer eng Waardelëscht.“

Wéi d’Gemeng un déi Wunneng komm ass? „Mir kréie praktesch all Mount eng Offer fir eng Wunneng oder en Haus. De Moment ass ganz vill Demande do“, preziséiert de Sylvain. „Kommt, mir gi bis erop kucken. Do lafen der nach vun eis ronderëm.“ Wann d’Gemeng ofkeeft, kann et ganz séier goen. Et ginn awer och där aner Fäll, déi méi Fangerspëtzegefill verlaangen. „Mir hunn och Haiser, déi Schicksalsschléi mat sech bréngen. Dat ass zum Beispill de Fall, wann d’Eltere verscheet sinn.“

„All Wunneng, déi der Gemeng gehéiert, muss och vun der Gemeng an der Rei gehale ginn“ – Sylvain Ballini

Uewen ukomm, sinn zwee weider Aarbechter vum Sylvain senger Ekipp am gaangen, neie Silikon an der Dusch ze maachen. „Déi Dusch huet 20 Joer. An 2, 3 Joer ass se da futti – dat sinn Erfarungswäerter. Dofir maache mer se elo direkt frësch, wa mer d’Wunneng souwisou fir déi nächst Famill prett maachen.“ Eise Kameramann dierf ganz no drun an hält seng Lëns iwwert d’Käpp virun him an d’Duschkabinn. „Dat do ass de Marco, hien ass säit engem gudde Mount bei eis. Gefält et dir bei eis, Marco?“, freet hie säi Géigeniwwer, deen a seng Aarbecht verdéift ass.

„Ganz, ganz gutt“, äntwert de Marco, laacht eis kuerz un, an dréint sech nees a Richtung Dusch. „All Wunneng, déi der Gemeng gehéiert, muss och vun der Gemeng an der Rei gehale ginn“, ënnersträicht de Sylvain. „Bei méi eelere Wunnengen, wéi mir der vill zu Suessem hunn, si mer praktesch all Woch an enger. Bei Wunnengen, déi 25 Joer hunn, ass ëmmer iergendeppes. Mee dofir si mir jo do.“

Deen nämmlechten Dag gi mer op weider Rendez-vouse matgeholl: Zum Beispill bei déi zwee Chauffagiste vun der Gemeng Suessem, déi sech déi véier Uertschaften – een ass fir Bieles zoustänneg, deen anere fir Éilereng, Suessem an Zolwer – ënnerteneen opdeelen. „Dat ass e Full-Time-Job”, erkläert eis de Sylvain. „Wann eemol eng Pann ass, da si mir och séier do, bannent 30 Minutten. Da gi mer och scho mol owes aus dem Bett geheit.“ Um Scheierhaff – „do hu mer eng grouss Zentral, déi beliwwert déi ganz Gebaier do mat Hëtzt” – kréie mer en exklusiven Abléck hannert d’Kulissen: Mir sti beemol am risegen Heizungskeller, dee sech ënnert der Schwämm befënnt. Et ass waarm an et bléist, well sech direkt niewendrun och d’Ventilatioun befënnt.

D’Ekipp Bâtiment ass ënnert anerem och fir d’Abrochzentralen an de Badge-System vun der Gemeng responsabel. Béid Systemer musse reegelméisseg kontrolléiert ginn, eppes, wat och intern vun de Gemengeservicer assuréiert gëtt. Insgesamt këmmert de Service sech ëm 1.671 Diere mat Salto-Badge, op deenen och regelméisseg en Update gemaach muss ginn. „Déi weisen un, wéini et un der Zäit ass”, seet de Sylvain. „Do si Batterien dran, och déi musse reegelméisseg gewiesselt ginn.“ Donieft sinn nach eng 2.579 Bagden an der ganzer Gemeng ënnerwee, déi richteg programméiert musse sinn, fir dass d’Leit déi néideg Accèsen hunn.

Fir den ofwiesslungsräiche Moien ofzeronnen demonstréiert ee vun de Gemengenaarbechter, a Sécherheetskleedung, wéi een eng Nacelle bedéngt. An den nächste Woche ginn déi rechtlech Servicer vum Service Bâtiment besicht an op dëser Plaz beliicht.

Bei Nofroen oder Reklamatioune kann de Service Bâtiment kontaktéiert ginn, ënnert der Nummer: 59 30 75 – 423.

You don't have permission to register