ËWK September: Lynn Cosyn

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass d’Lynn Cosyn?

Gebuer am Joer 1985, huet d’Lynn Cosyn no hirem Architektur-Studium als éischt och an deem Beräich geschafft, éier si 2016 en neie Wee ageschloen huet, fir sech kreativ auszedrécken. Mëttlerweil schafft d’Lynn als selbstänneg Illustratorin, déi sech alles selwer bäibruecht huet an Opträg aus der ganzer Welt krit. Dëst ass der villsäiteger an internationaler Welt vun Instagram ze verdanken. Vu klengen Illustratiounen, iwwert illustréiert Bicher bis hin zu grousse Mauer-Fresken, d’Lynn Cosyn huet schonn eng Panoplie vu kënschtleresche Wierker hiergestallt. Hir Konschtwierker sinn dacks verdreemt a vu poetescher Natur, an dëst fir all Alter. Inspiréiere léist d’Lynn sech vun hirem Ëmfeld, der “wëller Vegetatioun” a vu Leit, déi d’Rou genéissen.

 

E puer Wierder iwwer d’Illustratioun…

Säitdeem ech en Hond hunn, sinn ech vill an der Natur ënnerwee an hu geléiert de Bësch, an alles, wat dësen ze bidden huet, ze schätzen. E Spadséiergang duerch „déi gréng Welt“ ass meng perséinlech Method fir z’entspanen an der Hektik vum Alldag z’entkommen. Virun allem de September, an deem sech lues awer sécher déi gréng Bliedertéin a waarm Faarwen ëmwandelen, fannen ech besonnesch inspiréierend. Esou ass och dës Illustratioun entstanen, duerch meng perséinlech Léift zu de Beem. Déi kleng „Tree-Hugger“ sti souzesoe symbolesch fir den Erhalt vun der Natur, déi esou vill ze bidden huet.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register