De Benevolat am Wandel

Nach ëmmer vill Leit engagéiere sech op fräiwëlleger Basis. De Benevolat huet sech an de leschte Joren trotzdeem verännert an d‘Veräiner hunn domat ze kämpfen – och d‘Scouten, d‘jorelaang Virreider a Saachen Engagement. Wéi si mat dëser Entwécklung eens ginn, erzielen d’Scouten aus der Gemeng Suessem.

Et ass e kalen Dënschdegmoien an trotz de -5 Grad, déi den Handy uweist, halen d’Sonnestralen am Gesiicht waarm. De Philippe Kröger huet eis Rendez-vous virum Scoutshome zu Bieles ginn, direkt nieft der Mimmchen hirer Theaterstiffchen. „Salut“, seet e puer Minutten, nodeems mir ukomm sinn, eng déif Stëmm hannert eis. „Sorry, ech hu misste mäin Auto fräikrazen an dat huet méi laang gedauert.“ De Philippe steet a voller Montur do – „nom Interview geet et direkt weider an de Bësch“ –, de Scoutsfoulard ronderëm den Hals an d’Scoutshiem an der Hand. Dobanne wiesselt hie seng Jackett géint d‘Hiem, op deem praktesch all Zentimeter Stoff mat engem Patch iwwerbitzt ass. „Sou, mir kënnen ufänken.“

„De Merci weist sech net um Kont, mee u gléckleche Kanner oder houfregen Elteren.“ – Lis Koster

De Philippe zielt mat vill Leidenschaft vu sengem Engagement. „Ech si säit 14 Joer Scout“, erënnert hie sech zeréck. „Sou genee weess ech dat awer net méi. Wéi s du mierks, ass et schonn eng Zäitchen hier”, seet hien a laacht. Den 22-Järegen ass der LGS Bieles-Zolwer Guiden a Scouten zesumme mat Kolleegen bäigetrueden an dréit mëttlerweil d’Titele Gruppechef a President. Op nationalem Niveau iwwerhëlt hien och eng Partie Responsabilitéiten. „Hei an der Gemeng sinn ech fir d’Grupp vun den Avex responsabel“, preziséiert den zukünftege Schoulmeeschter. „Dat si Jonker tëscht 11 a 14 Joer … also wa si matten an der Pubertéit sinn. Dat ass mat Momenter ganz spannend.“

Mat sengem Grupp verbréngt de Philippe déi meeschten Zäit am Bësch. „Bei mir war dat deemols e bëssen anescht, do ware mer vill am Home an hu gebastelt. Dat hei fannen ech méi flott. Mat menge maachen ech vill mat Feier, domat si wëssen, wéi si et selwer maache mussen.“ Also eng Aart Survival-Training? De Scout laacht. „Sou änlech.“ Da stinn natierlech Events wéi Buergbrennen, Scoutskiermes an de järleche Camp um Programm, dee leschte Summer zu Ettelbréck organiséiert gouf. „Mir hu bausse gezelt a bausse gekacht … zesumme mat 400 Kanner.“

Nieft der Vermëttlung, wat e Scout sou maache ka respektiv kënne sollt, bleiwen déi méi labber Rendez-vousen iwwert d’Joer verdeelt net aus. „Ech gi mat mengem Grupp och mol Lasertag spillen, op d’Äispist oder op de Chrëschtmaart. Duerno schlofe mer hei am Home. Grad, well si Teenager sinn, ass dat flott, well et sou ass, wéi freides owes rauszegoen. Dat ass dann eng flott Alternativ, zemools, wa si nach ze jonk si fir wierklech erauszegoen.“

Wéi Scout-Sinn a Benevolat zesummepassen, ass fir de Philippe ganz einfach ze resuméieren: „Scoute probéieren eppes Guddes ze maachen an e Benevolat ass eng vun de beschte Saachen, déi e Mënsch ka maachen.“ Wat ee méi laang dobäi ass, wat de Benevolat méi zu enger Selbstverständlechkeet gëtt. Dee Mindset kënnt op ganz natierlechem Wee.“

Deem stëmmt d’Lis Koster vun der LGS Sainte Catherine Suessem zou. Déi 23-järeg Enseignante ass souzesoe schonn hiert d’ganzt Liewe Scout. „Meng Grousseltere ware schonn an de Scouten, meng Elteren, mäi Brudder, …“ Wéineg verwonnerlech, dass et och d’Lis dohi verschloen huet. „Direkt mat 6 Joer ass et lassgaangen, ab 16 hunn ech ugefaangen an d’Richtung Branchecheffin ze goen a mat 18 krut ech weiter Responsabilitéiten, ënnert anerem sinn ech säit 2021 eng vun eisen 3 Sekretärinnen.“

Fir op sengem Virgänger seng Ausso zeréckzekommen, erkläert d’Lis: „Scoutismus ass eng Schoul fir d’Liewen. Et ass dat, wat s de net an engem Klassesall léiers. Du kriss eng ganz aner Perspektiv op vill Saachen.“ Hatt geet nach e Schratt méi wäit: „Scoutismus a Benevolat sinn zwee Begrëffer, déi Hand an Hand ginn. Dat eent kann net ouni dat anert.“ Och d’Lis ass iwwerzeegt, dass béides zu enger Liewensastellung gehéieren. „Ech hunn ni d’Gefill, dass ech schaffen. Fir mech ass et iwwert d’Joren eng Routine ginn. Et ass komesch, wa mol eng Kéier eng Woch keng Versammlung ass.“ Hatt ass awer och ganz éierlech: „Natierlech freeën ech mech, wann ech no 10 Deeg Camp eng richteg Dusch kann huelen“, seet et a laacht.

„Mee ech wëll de Benevolat och net schéi schwätzen. Als Scout investéiert een·t vill vu senger Zäit. De Merci weist sech net um Kont, mee u gléckleche Kanner oder houfregen Elteren. Wann ech gesinn, dass d’Eltere houfreg op ee si sinn, da mécht mech dat richteg frou.“ Bei de Kanner sinn et déi Momenter, besonnesch bei de méi Groussen (Avex), wou d’Lis Cheffin ass, wa se al genuch sinn, fir déi „richteg cool“ Aktivitéite matzemaachen, wéi hatt selwer seet. „Déi ganz Entwécklung selwer matzeerliewen – wéi si erwuesse ginn an ëmmer méi eegestänneg funktionéieren. Mir mécht et besonnesch vill Freed, wa si ëmmer méi mam Scoutismus a Kontakt kommen. Am Ufank ass dat fir si e risegt Fragezeichen, mee wat se méi al ginn, kann een hinne vill méi mat op de Wee ginn.“

Och wann et fir d‘Lis eng Selbstverständlechkeet ass, ass him de Réckgang vu Leit, déi sech mat Häerz a Blutt als Benevollen engagéieren, opgefall. „Bei de Kanner ass den Undrang grouss, mee bei de Leit, déi eis hëllefen, hëlt et leider of. Et gëtt en Ënnerscheed tëscht där Zuel, déi op eiser Memberslëscht steet, an déi Unzuel u Leit, déi dann och wierklech do sinn. Et ass schwéier déi, déi op der Uni sinn, duerno och nees zeréckzekréien.“ D’Lis seet, et wier kee Fan, d’Leit vum Benevolat iwwerzeegen ze mussen. „Wann ee souzesoe fir eppes gezwonge gëtt, mécht een et net gären. Mir versichen, present ze sinn, Events ze organiséieren, mir maachen eng Porte Ouverte, …“

Sou géif d’Lis de Wee iwwert d’Kanner versichen ze goen: „Wann d’Kanner et flott bei eis fannen, iwwerleeë sech d’Elteren et och vläicht.“ Déi 23-Järeg verischt besonnesch bei de Jonken, de Benevolat op ganz natierlech Manéier ze promouvéieren. „Ech versichen eng gutt Relatioun zu hinnen opzebauen. Dat hëlleft immens.“ Dobäi kënnt, dass den nächste Camp op Kandersteg an d’Schwäiz geet – do wou den Internationale Scoutzenter ze fannen ass. D’Lis kënnt an d’Schwäermen. „Dee leeft nëmme mat Benevollen. Mir wëllen do déi ganz Soutsgeschicht opschaffen.“ Déi Jonk gesinn also hautno, wat et mam Scoutismus a Benevolat op sech huet. Op déi Manéier versicht d’Lis, dass hinnen déi eng oder aner Kanner am Erwuesseneliewen als Benevollen erhale bleiwen. E bëssen esou, wéi et och bei him de Fall war.

Sou war et och beim Philippe. „Ech hunn zesumme mam Kolleeg ugefaangen, mir sinn zesummen an d’Formatioune gaangen, sinn zesumme Chef ginn – dat wëll ech och mat menge Jonken hikréien.“ Och hien ënnersträicht, dass de Benevolat extreem ofgeholl huet. „Domat huet all Veräin ze kämpfen, net nëmmen d’Scouten.“ D’Bezuelung – oder éischter gesot déi feelend finanziell Entschiedegung – géif eng Roll spillen, mee hie géif et sech net just domat erklären. „D’Konkurrenz ass extreem, et gëtt esou vill Choix, wat ee maache kann. Villes gëtt dann och nach bezuelt. Da kënnt den Zäitmanagement dobäi, et gëtt een erwuessen, Interessien ännere sech oder et ass ee beemol Elteren …“

„Scoute probéieren eppes Guddes ze maachen an e Benevolat ass eng vun de beschte Saachen, déi e Mënsch ka maachen.“ – Philippe Kröger

Genee do versicht säi Veräin unzesetzen: „Mir haten op eisem Camp eng Kannercrèche“, erkläert hien. „Do waren esou vill Erwuessener mat Kanner a sou konnte mir si e bëssen ënnerstëtzen.“ Op Events kënnt ee mat de Leit an d’Gespréich. „Mir hunn der vill, wou d’Mammen oder d’Pappen iergendwann erarutschen. Dozou muss ech awer och soen: Ech war ëmmer frou, dass meng Elteren net an de Scoute waren“, seet de Philippe a fänkt u mat grinsen. „Dat war déi Plaz, wou ech mech konnt donieft behuelen, ouni direkt gemeckert ze kréien.“

Dat schéinst u sengem Engagement? „D’Kanner opwuessen ze gesinn. Ech si mëttlerweil scho laang dobäi an hunn der e puer vun hinne mat 6 Joer kennegeléiert – déi sinn elo a mengem Grupp.“ Wéi de Philippe weider Momenter Revue passéiere léisst, fänke seng Aen u mat stralen. „Ech erënnere mech un eisen internationale Camp virun e puer Joer a Finnland zeréck. Ech hat der do 14. Dat war esou schéin. Stell der vir: Du sëtz mat 20.000 anere Leit am Hallefkrees. Leit, déi deen nämmlechte Mindset hu wéi s du. Dat ass schonn impressionant.“ Nach haut ass hie mat enger Frëndin, déi en deemools do kennegeléiert huet, a Kontakt. „Du kenns Mënschen op der ganzer Welt. Egal, wou s de hi gees, du fënns ëmmer e Scout.“

You don't have permission to register