De Sound vun der Communautéit

Lescht Joer hu mir e puer Stonne mat den talentéierte Museker∙inne vun der Zolwer Musek verbruecht. Hannert den Instrumenter, dem Rhythmus an de bekannte Melodien, sti Mënschen, déi net just gäre Musek fir anerer, mee och zesumme maachen.

Vu Virbereedungen iwwer Momenter op der grousser Bün, d’Museker∙inne vun der Zolwer Musek huet eis leschte Summer iwwert hir Schëllere kucke gelooss an eis gewisen, wat et bedeit, zesumme Musek ze maachen. Eis Gespréicher hu gewisen, mat wéi vill Passioun d’Membere vun der Zolwer Musek dobäi sinn. Et ass vill méi wéi nëmme Musek – et geet ëm Frëndschaft, Engagement an d’Freed, déi si spieren, wa si op der Bün oder am Musekssall stinn.

Mir invitéieren iech, iech selwer ze iwwerzeegen: Léiert d’Gesiichter hannert den Instrumenter kennen a gesitt, wien dozou bäidréit, dass de Veräin – nieft den anere Museken – ee vun den traditiounsräichsten aus eiser Gemeng ass.

Mat der Serie “NOISE” sidd dir um Bols vun der Kultur an der Gemeng Suessem.

You don't have permission to register