Wie ka mir d’Waasser reechen?

Et ass dat bescht kontrolléiert Liewensmëttel an doniewent hu mir d’Chance, datt et iwwerall fir eis accessibel ass an net vill kascht: Krunnewaasser. Ma wou kënnt dat Waasser hier, wou gëtt et gespäichert a wéi gëtt et kontrolléiert? Mir hunn dem Service Eau potable an hirem Waassermeeschter Pascal Reinert iwwert d’Schëller gekuckt.

 

Munchereen ass sécherlech scho mol laanscht ee vun deene véier Drénkwaasser-Reservoiren aus der Gemeng getrëppelt, ouni sech d’Fro ze stellen, wat hannert deene Maueren ass. Esou och an der Rue du Bois hannert der Dickskopp zu Zolwer. Am Reservoir Lëtschef steet een an der Mëtt tëschent zwou Waasserkummeren, déi allkéiers 2.000 Meterkibb Waasser lagere kënnen. Am Ganze mécht dat 4 Millioune Liter Waasser, déi d’Gemeng iwwert den SES (Syndicat des Eaux du Sud) aus dem Reservoir Rebierg geliwwert kritt. Vun do aus ginn 22 Süd-Gemengen a soumat 205.000 Awunner dagdeeglech mat frëschem a propperem Drénkwaasser versuergt. Eleng dëst Waasser ass am Joer 2020 iwwer 2.500 Mol kontrolléiert ginn, an dobäi ass net eng sanitär Anomalie festgestallt ginn.

Aus dem Reservoir Lëtschef gëtt niewent Bieles an Zolwer och de Belval mat frëschem Waasser beliwwert. Eleng aus dësem Reservoir fléissen 1,8 Millioune Liter Waasser pro Dag duerch d’Kanäl bis an déi eenzel Stéit. Insgesamt läit den dagdeegleche Verbrauch an der Gemeng bei 3 Millioune Liter. Déi héchste Consommatioun gëtt et dobäi an den Owesstonnen tëschent 19.00 an 22.00 Auer. Ma och moies tëschent 7.00 an 8.00 Auer an an der Mëttegstonn ass de Verbrauch héich.


 

Béid Waasserkummeren am Lëtschëf sinn nach eng Kéier an der Mëtt mat enger Mauer ënnerdeelt. D’Waasser vun der SES gëtt op enger Säit eragepompelt an dréint eng Ronn, éier et déi aner Säit eraus an d’Kanäl leeft. „Déi Ënnerdeelunge sinn do, fir datt d’Waasser a Beweegung bleift“, erkläert de Viraarbechter Pol Thiry aus dem Service des eaux. “Et kann emol sinn, datt Äert Waasser doheem kuerzzäiteg net esou kloer ass, wann de Krunn iwwert e längeren Zäitraum zou war. Dëst läit dorun, datt d’Waasser an de Leitungen an den Haiser net dauerhaft zirkuléiert. Stagnéierend Waasser kann, wann et laang steet, Keimen entwéckelen, dowéinst rode mir d’Waasser e puer Minutte lafen ze loossen, wann een eng Zäitchen net doheem war”, sou de Pol Thiry weider.

 

 

10 Leit schaffen am Waasser-Service vun der Gemeng Suessem. Kontrolléiert an iwwerwaacht gëtt de komplette Waasserverbrauch digital. „An dobäi gëtt alles dokumentéiert“, erkläert de Meeschter Pascal Reinert. „Duerch systematesch Kontrollen a séierem Handele bei Fuitten, kënne mir de Verloscht ëm déi 5 % halen, wat en excellente Wäert an och och e grousse Verdéngscht vu mengem Virgänger dem Claude Heinen ass, esou de Pascal Reinert weider. “Esou bal eng Courbe eng Anomalie opweist, maache mir eng Rercherche fir genee kënnen ze definéieren, wou Waasser austrëtt.”

Wann d’Waasser aus den Äisquellen am Summer knapp gëtt, gëtt och Waasser aus dem Stauséi agespeist.

Ma och Projete falen an de Volet vum Waasserservice. An hei gëtt ganz zukunftsorientéiert geschafft. De Reservoir Lëtschef ass tëschent 2016 an 2017 komplett op den neiste Stand bruecht ginn, fir kënnen déi nei Wunnquartieren um Belval ze beliwweren. Och wäert am nächste Joer de Reservoir Dännebësch komplett sanéiert ginn. „Mir leien national op engem ganz gudde Niveau, och wat eis Leitungen an der Gemeng ugeet“, präziséiert de sympathesche Waassermann. Ofschléissend bleift festzehalen, datt d’Waasser aus dem Krunn ouni Bedenke ka gedronk ginn.

 

You don't have permission to register