De Service Senior+ vun der Gemeng Suessem huet zesumme mat der SEA vum Kannercampus Belval un enger ganz spezieller Initiativ geschafft. Zil ass et, Kanner a Senior∙innen zesummen ze bréngen. Mir hu mat de Responsabele geschwat.
Et ass ee Projet, deen aus engem klenge Wonsch vum edukative Personal entstanen ass, erkläert eis d’Rachel Bindels, Responsabel vun der SEA vum Kannercampus Belval, bei eisem Besuch: „Bei menge reegelméissegen Evaluatiounsgespréicher mam Team gouf ëmmer nees de Wonsch geäussert, dass si Kanner a Senior∙innen zesummebrénge wëllen.“ Mir sëtzen an der SEA um Kannercampus, ronderëm eis spillen d’Kanner. Déi eng sëtze bei enger Partie „Wer ist es?“, anerer leien am Eck a bliederen a Bicher.
D’Iddi vun de Bréiffrëndschafte war séier ausgeschafft: Et sollt eppes sinn, wat de Kanner eng Alternativ zun Ecrane bitt, mat deene si all Dag konfrontéiert sinn. „Eis Educateure ware sech eens, dass et eppes mat Schreiwe soll sinn.“ An esou ass de Projet vun de Bréiffrëndschaften an d’Liewe geruff ginn.

„Ech selwer hunn als Kand eng Bréiffrëndschaft gehat mat Kanner am Burkina Faso, an ech erënnere mech nach haut drun, wéi vill Freed dat gemaach huet. Mäi Wonsch war, dass eis Kanner dat och erliewe kënnen: Bréiwer schreiwen oder Biller molen, Haaptsaach eppes mat den Hänn, wou si sech anescht, wéi se et dacks gewinnt sinn, ausdrécke kënnen.“
Deem stëmmt d’Tara Jung vum Service Senior+ zou. „Ech hat dat selwer mat mengem Bouf doheem, dass heen traureg war, dass hee keng Rechnunge géif kréien“, erkläert hatt a laacht. „An do hat ech gutt Kolleegen, déi am Pensiounsalter sinn, gefrot, fir him ee Bréif ze schreiwen. E war mega begeeschtert, dass hien ee Bréif krut a war benzeg ze äntweren.“ D’Tara geet nach op ee weidere wichteg Aspekt an. „Kanner schreiwe jo och guer net méi. Op deem Wee léiere si dat kennen a fanne vläicht Freed dorun, sech op deem Wee ze beschäftegen an auszedrécken.“
Relatiounen erméiglechen
Bei sengem Bouf hätt d’Tara gesinn, wéi vill Freed hie gehat hätt, wéi fir hien eppes an der Boîte louch. Genee dat Gefill wëlle si de Kanner aus der Maison Relais erméiglechen. „Mir wëllen net nëmmen Aktivitéiten ubidden, mee eng richteg Bréck tëscht de Generatioune schafen“, ënnersträicht d’Rachel vum Kannercampus. „Déi Bezéiung feelt ville vun eise Kanner hei, well d’Famill wäit ewech wunnt an si keng Bomi a kee Bopi hei hunn. Verschiddener sinn net méi do oder wunnen eben am Ausland, si kennen dat sou also net.“
„Et gi Mënschen, déi am Alter ganz eleng sinn. Ech fannen et immens wichteg, deenen d’Gefill ze ginn, dass Liewen och wann ee méi al ass, liewenswäert ass.“ – Tara Jung, Service Senior+
Och déi, déi, „aus gesondheetleche Grënn net méi esou mobil sinn, kënnen duerch Bréiwer schreiwen Deel vum Projet sinn“, erkläert d’Michèle Limpach vum Service Senior+. Fir dass et passt, goufen am Virfeld Interessien, Sproochen an Hobbye berécksiichtegt, sou dass Kand a Senior∙in sou gutt et geet kompatibel sinn.
Nieft de Bréiffrëndschaften hunn de Service Senior+ an d’SEA Kannercampus Belval un engem weidere Projet geschafft: kreativ Atelieren am Wanter. Fir d’Responsabel stoung vun Ufank u fest, dass dës Workshops op véier Achse beroue sollen: Musik, Kreativitéit, Beweegung a Kulinarik. Schonns am Joer 2020, wéi de Kannercampus um Belval seng Dieren opgemaach huet, ass d’Ekipp ronderëm d’Rachel mam Usaz vun der Intergenerationalitéit a Kontakt komm. „Mir hate mam Projet IRIS änlech flott Momenter“, erënnert eist Géigeniwwer sech zeréck. „D’Kanner waren an der REWA an der Waassertrap a waren a Kontakt mat de Residenten. Si konnten d’Erfarung maachen, wéi et ass, wann een net méi oder net méi gutt héiert oder gesäit. Dat huet souvill Resonanz bei de Kanner fonnt, do war et just logesch, en änleche Projet op d’Been ze stellen.“



D’Kanner kënne selwer auswielen, u wéi engen Atelieren si deelhuele wëllen. „Si wielen, wat hinne Spaass mécht: molen, baken, beweegen oder kreativ sinn – fir jidderee soll eppes dobäi sinn.“ Fir d’Senior∙innen sinn dës Momenter eng Otempaus vum Alldag, eng Geleeënheet, grad wéi d’Kanner, an nei Rollen auszeprobéieren. „Et gi Mënschen, déi am Alter ganz eleng sinn“, betount d’Tara. „Ech fannen et immens wichteg, deenen d’Gefill ze ginn, dass Liewen och wann ee méi al ass, liewenswäert ass. Dësen einfache Message wëll ech mat dem Projet vermëttelen.“
Géint Isolatioun virgoen
D’Michèle vum Service Senior+, seet: „Mir wollten net just animéieren, mee eppes Dauerhaftes schafen. Fir déi eeler Leit ass de Risiko vun der Isolatioun grouss – mat de Bréiwer a mat den Ateliere fille si sech wäertgeschätzt a kënnen hiert Wëssen an hir Erfarung weiderginn.“ Doru knäppt d’Tara un: „Fréier ass den eelere Mënsch anescht gesi ginn. Et huet een op déi Persoun erop gekuckt a si als Virbild geholl. Lo ass et leider dacks esou, dass déi eeler Generatioun als eng Laascht ugesi gëtt. Si hunn nach esou vill ze ginn a mir kënnen immens vill vun hinne léieren. Dat Gefill wëlle mir hinnen zeréck ginn.“
D’Ateliere gi vum 20. November bis 19. Dezember um Kannercampus Belval ofgehalen. Wat den Transport ugeet, stoung séier fest, dass et net mat enger Invitatioun duergeet. „Ech hat d’Suerg, dass de Kannercampus e bëssen aus de Féiss ass, wann ee sech net auskennt“, seet d’Tara. „Dowéinst hu mir extra Navette organiséiert.“ Den Transport gëtt vum kommunalen Transportservice organiséiert. D’Seniore ginn op deem Wee vun der Gemeng op de Campus an nees zeréck gefouert.
„D’Kanner waren an der REWA an der Waassertrap a waren a Kontakt mat de Residenten. Dat huet souvill Resonanz bei de Kanner fonnt, do war et just logesch, en änleche Projet op d’Been ze stellen.“– Rachel Bindels, Responsabel SEA Belval
D’Senior∙innen zéie vill aus entspriechende Projeten, an déi si aktiv implizéiert ginn, weist sech d’Tara iwwerzeegt: „Wien aktiv bleift, deen altert besser. An der Demenzpräventioun weess een, dass Léieren a soziale Kontakt d’Gehier stäerken. A wie weess, vläicht entsteet eng laang Frëndschaft.“
Bei Succès gëtt Projet weidergefouert
Mam Bléck an d’Zukunft steet eppes fest: „Mir wëllen dat nach ausbauen – villäicht aner Maison Relaise mat abannen.“ De Responsabelen ass wichteg ze betounen, dass d’Bréiwer ëmmer an der Maison Relais geschriwwe ginn a keng privat Adresse kommunizéiert respektiv weidergeleet ginn. D’Zesummenaarbecht tëscht dem Service Senior+ an der SEA weist: Et ass net schwéier, ënnerschiddlech Generatiounen zesummenzeféieren. Dës soll als Inspiratioun déngen, fir de Liewensraum an d’Zesummeliewen tëscht de Generatiounen ze stäerken an aktiv eppes unzebidden. „Mir maachen eis Projeten aus Iwwerzeegung a mat vill Häerzblutt“, si sech allen dräi eens. Wéi d’Michèle et resuméiert : „Wann ech gesinn, dass mir och nëmmen zéng Leit eng Freed gemaach hunn, da fannen ech dat eng schéi Leeschtung.“
Interesséiert un enger Bréiffrëndschaft? Da mellt iech beim Service Senior+ iwwer Telefon um 59 30 75 – 631 / 731 oder E-Mail op senior.plus@suessem.lu.



