Een Owend am Café des langues

De Café des langues oder och Sproochecafé gëtt et a ville Gemengen. An awer kënne sech vill Leit net richteg eppes dorënner virstellen. Vläicht bremst dat se och, selwer deelzehuelen. Dofir hu mir de Café des langues vun der Gemeng Suessem besicht.

Mir hunn de Café des langues besicht, deen eng Kéier am Moment um Mëttwochowend vun der Integratiounskommissioun organiséiert gëtt, an hu mat deene geschwat, déi dëse Rendez-vous zum Liewen erwächen: Fräiwëlleger a Participant∙innen.

Si deelen hir Erfarungen a wat si besonnesch doru schätzen, an enger gemittlecher Atmosphär nei Sproochen ze léieren an anere bäizebréngen. Tëscht Léieren, neie Bekanntschaften a kulturellen Entdeckunge gesitt dir an dësem Video, firwat dëse Rendez-vous esou eenzegaarteg ass.

“Life!” ass d’Serie ronderëm d’Mënschen an der Gemeng Suessem mat Geschichten, déi aus dem Liewe gegraff sinn.

You don't have permission to register