E Coiffersalon mat Häerz a Professionalitéit matten an der Résidence op der Waassertrap, dat ass den Hairdress by Tess. D’Patronne ass vu Fréiseng, hat awer d’Chance, e weidert Standbeen hei bei eis an der Gemeng opbauen ze kënnen. Mir ware fir een Nomëtten op Besuch.
D’Résidence op der Waassertrap (REWA) zielt zënter Januar 2025 e puer nei Gesiichter ënnert hirem Daach. De Coiffersalon Hairdress by Tess dierft villen e Begrëff sinn, well wéi d‘Tessy Varnier-Cattazzo wärend eisem Gespréich erzielt, krut se virun e puer Méint eng Dozen Uriff aus der Géigend, déi hatt op d‘Ausschreiwung vun der Gemeng opmierksam gemaach hunn. „Ech krut dat selwer net direkt mat“, erënnert hatt sech zeréck. „Ech krut beemol esou vill Messagë vu Clienten, déi soten, ech soll mäin Dossier era ginn an et probéieren.“ Op d’Stammclientèle war net just verlooss, se sollten och nach Recht behalen, d’Tess ze drécken, seng Kandidatur eran ze ginn, well am Dezember 2024 koum den Uruff. „Ech hu gekrasch, wéi ech d’Noriicht krut. Et war en plus d‘Zäit ëm Chrëschtdag – dat war dee schéinste Kaddo.“ Vun ëm déi 26 Dossiere konnt dem Tess seng Ekipp sech duerchsetzen, erzielt d’Entrepreneuse houfreg.
Et läit an der Famill
D’Léier huet déi 37-Järeg bei hirem Monni zu Monnerech gemaach. „Ech sinn do souzesoen opgewuess.” Säin éischte Salon hat de Monni zu Esch. Op der deemolger Porte ouverte war d’Tess op der Foto an der Zeitung, mat nëmmen 3 Joer. „Spéider war ech ëmmer am Salon, hunn iergendwann ausgehollef an do geschafft.“ Et kënnt also net vun ongeféier, dass d’Tess deen heite Wee gaangen ass. De Salon an der REWA huet virum Tess enger Coiffeuse gehéiert, déi an der Zäit Owescoursen an der Chambre des Métiers ginn huet. „Ech souz an deene Coursen“, fänkt d’Tess un a sengen Erënnerungen ze kromen. „Do hat ech der 17, ech war also matten an der Léier. Wéi déi Coiffeuse vun der Chamber matkrut, dass ech de Salon hei dëst Joer iwwerhuelen, war si immens frou. Si hat mech och direkt erëm erkannt. Et gesäit ee sech wierklech ëmmer zweemol am Liewen.“
D’Korinna Lucas ass d’Gerante vum Salon ënnert neiem Numm. „Ouni hatt wier et net méiglech“, preziséiert d’Tess a kuckt eriwwer bei hir Mataarbechterin, déi mat den Hoer vun enger Cliente am gaangen ass. „Hatt war mäin éischt Léiermeedchen a féiert de Salon hei“, seet hatt a grinst iwwer béid Oueren. D’Tess huet am Ganzen 3 Léiermeedercher ausgebilt, déi och nach ëmmer bei him schaffen. Am Heem an der Waassertrap sinn zwou Coiffeusen ugestallt, eng weider Persoun soll de Standuert an der REWA an Zukunft verstäerken.
ZITAT
„Ech kommen all Woch hei hinner“, erzielt d’Anita Jacoby, wärenddeem d’Korinna hir duerch d’Hoer kämmt. „Egal ob Hoer, Aperhoer oder Neel, ech sinn ëmmer zefridden.“ D’Korinna an d’Madamm Jacoby gi gutt mateneen eens, dat ass weder ze iwwersinn nach ze iwwerhéieren. „Hatt kéint mäi Meedche sinn“, seet d’REWA-Bewunnerin. Béid fänken u mat laachen.
Net eleng sinn
Mat de Residenten huet all Dag eng ganz speziell Dynamik. „Du hues deng Stammclientèle. Do ginn et Leit, déi kommen all Woch, heiansdo zweemol d’Woch“, seet d’Tess. „Jiddereen, deen ënnert meng Schéier kënnt, kennen ech mam Numm“, äntwert d’Korinna. Vill Bewunner·inne komme fir d’Hoer a bleiwe fir ee Gespréich mat de Coiffeusen. Dem Korinna ass séier bewosst ginn: Si wëlle schwätzen an net eleng sinn. Een oppent Ouer hunn a fir si do si gehéiere genee esou zum Service wéi d’Hoer wäschen a se a Form schneiden. Dacks sinn d’Coiffeusen déi eenzege Leit, déi d‘Résidenten am Dag gesinn. „Mir wëllen hinnen eppes zeréck ginn“, mengt d’Tess. „Léift zeréckginn. Dass een hinnen nolauschtert a si sech nach als en Deel vun der Gesellschaft spieren.“ Dacks komme se och just Moie soen a wëllen e bësse poteren. Dat war sech d’Tess vun Ufank u bewosst, dass et anescht hei gëtt. Et sinn esou Momenter, déi et mol méi schwéier maachen. „Du gesäis d’Leit an da si se beemol net méi do. Doriwwer schwätze mir an der Ekipp, dat sinn déi net sou schéi Momenter“, erzielt d’Patronne.
De Salon ass och fir Leit oppen, déi net an der REWA doheem sinn. „Ufanks war dat net esou“, erënnert d’Tess sech zeréck. „Elo ass jidderee bei eis wëllkomm.“ Et soll een am Hannerkapp halen, dass freides am meeschte Rendez-vousen ustinn. „Si wëllen all schéi fir de Weekend sinn, dofir si mer freides dacks voll besat.“ Dat bestätegt och d’Madamm Jacoby. „Ech si soss ëmmer deen Dag komm, do war mir awer ze vill lass.“
Wéi doheem an der Stuff
„Anscheinend gouf et eng Madamm am Haus, déi vill Reklamm fir eis gemaach huet“, seet d’Tess. „Hei geet dat natierlech séier – och wa mol eppes géif schif goen. D’Leit schwätzen.“ Mëttlerweil ass eng zweet Cliente erakomm. Am Gespréich stellt sech iergendwann eraus, dass genee si, d‘Odette Tonet, déi war, déi sou gutt vum Salon geschwat huet. D’Madamm Tonet ass am Heemrot vun der REWA. „Do kann ech jo dann och mäi Pefferkär bäileeën. An dat soll een, wann eppes gutt ass an een dat ervirhiewe kann“, erzielt si eis. „De Salon huet eppes Familiäres. Et fillt ee sech wéi doheem an der Stuff. Sou komme mir mol bei eis eraus. A wann et net gutt wier, géife mir net méi zeréckkommen.“
Fir déi nächst 9 Joer wäert d’Tess a seng Ekipp duerfen an der REWA bleiwen, duerno leeft de Kontrakt awer weider. „Meng Mamm sot, da kéint ech jo schonn un d’Pensioun denken“, seet hatt a laacht. Bis dohin hunn d’Tess a seng Ekipp wuertwiertlech all Hänn voll ze dinn.