Kontaktéiert eis
Suessemer Gemeng
60, rue de la Poste
L-4477 Belvaux
Telefon: +352 59 30 75 1
Ëffnungszäiten
Vu méindes bis freides vun 8.30 bis 11.30 Auer a vun 13.30 bis 16.00 Auer
Zousätzlech Ëffnungszäiten
Dënschdes: vu 7.15 bis 8.30 Auer
Mëttwochs: vu 16.00 bis 18.00 Auer
D’Gemeng mat enger Surface vun iwwer 24km2 besteet aus de véier Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem a Zolwer, an ass domat déi gréisst Gemeng aus dem Kanton Esch/Uelzecht. Net manner wéi 17.000 Awunner an iwwer 90 Nationalitéiten hunn hei hiert Doheem.
Bis un den Ufank vum 19te Joerhonnert hunn d’Mënschen hei haaptsächlech vun der Landwirtschaft gelieft, mee d’Entdeckung vum Minett hat e groussen Impakt op déi weider Entwécklung. Och wann d’Stolindustrie hautdesdaags net méi d’Haaptroll spillt, sou gëtt et duerch Projete wéi de Belval nei Perspektiven, ënner anerem och duerch d’Universitéit, déi sech do ugesidelt huet.
Egal ob Sport, Kultur, Veräinsliewen, Liewensqualitéit mat urbanem Charakter, Natur… d’Gemeng Suessem bitt jidderengem d’Méiglechkeet, säi Gléck ze fannen.