Een Tierche mam Vëlo duerch eis Gemeng, dat steet bei Le Guidon Belvaux Woch fir Woch um Programm. Si hunn eis leschte Summer een Dag matgeholl an hunn eis gewisen, wéi vill Spaass et mécht, am Suedel ze sëtzen.
Wann een eppes vun de Membere vu Le Guidon Belvaux net behaapte kann, dann ass et, datt si „Schönwetterfahrer“ sinn. Si liewen net just fir hire Sport a strampele Woch fir Woch duerch eist Ländchen, si setze sech fir hire Club a virun allem fir d’Veräinsliewen an. Mir hu si een Dag hautno begleet.
Mat der Serie “MOVE” steet déi sportlech Aktualitéit an der Gemeng Suessem am Mëttelpunkt.