Am Mäerz 2025 stoungen zwou gréisser Inauguratioune bei eis an der Gemeng um Programm: d’SEA Walerwiss an den neie syntheeteschen Terrain. Fir béid Aweiunge ware mir zu Éilereng ënnerwee an hunn dem Schäff∙innerot iwwert d’Schëller gekuckt.
Den Ufank vum Joer an eiser Gemeng, méi konkret zu Éilereng, hat zwee wichteg Rendez-vousen um Programm: d’Aweiung vun der Maison Relais Walerwiss an de fuschneie syntheeteschen Terrain e puer Meeter weider. Bei béiden Inauguratiounen hu mir de Schäff∙innerot begleet, ma net just dat, mir waren och de Moie virdru bei de Virbereedunge mat dobäi. Si hunn eis Explikatioune ginn, u wat bei esou Projeten alles dru geduecht muss ginn a jiddereen∙t huet een Abléck a säi Ressort an a wéi wäit säi Beräich implizéiert ass.
D’Serie “Hi!” hëlt iech mat hanner d’Kulisse vum Schäff∙innerot.