Nei Ära fir de Fraefussball

Nach viru kuerzer Zäit war et fir Meedercher a Fraen, déi eng Passioun fir de Fussball hunn, ganz schwéier, hire sportleche Wee ze goen, ouni op gréisser Hürden ze stoussen. D’Feele vu kompletten Ekippe fir Fraen, d’Onméiglechkeet, an allen Alterskategorien ze spillen …

… an heiansdo souguer déi traureg Noutwennegkeet, den Häerzenclub ze verloossen, hunn d’Ausübe vun dësem Sport fir verschiddener immens komplizéiert gemaach. Haut awer schreift den CS Sanem eng nei Säit an der Geschicht. Dank dem Engagement vum Club an engem motivéierte Comité ass et deen éischte Fussballsveräin an der Gemeng, deen e komplette Parcours ubitt. D‘Spiller∙inne kënne vu Klengem u bis Teenie an Erwuessenenalter hir Karriär an een an deem nämmlechte Veräi verfollegen.

Mir waren am Oktober zu Suessem op Besuch, fir nozefroen, wat sech geännert huet – an fir déi Fraen a Meedercher ze begéinen, déi un dëser Evolutioun deelhuelen.

D’Cheryl Offermann, déi gläichzäiteg als Coordinatrice fir de Fraefussball, Spillerin an Trainerin aktiv ass, erkläert: „Ech sinn Trainerin vun de WU15, also vu Meedercher tëscht 13 a 15 Joer. Mir hunn elo och Ekippe WU11 fir déi ënner 11 Joer, a WU13 fir déi ënner 13 Joer. Eng WU17 hu mir nach net, well een ab 15 Joer schonn an der Fraenequipe spille kann. Et ass net onbedéngt noutwenneg, mee mir fannen, et wier wichteg, eng ze hunn.“

Dës nei Organisatioun bitt de Spillerinnen d’Méiglechkeet, hire Parcours am eegene Club unzefänken an ouni Ënnerbriechung virunzefueren. D’Cheryl betount: „Haut hu mir d’Méiglechkeet, datt d’Meedercher an hiren Alterskategorien am Club kënne weiderspillen. Aktuell hu mir eng 30 jonk Spillerinnen an eng zwanzeg an der Fraenequipe. Dëse Start ass immens encouragéierend.“

Äntwert op Nofro, déi laang ignoréiert gouf

Laang Zäit haten d’Veräiner net genuch Spillerinnen, fir méi wéi eng Fraenekipp ze forméieren. D’Konsequenz : Vill Meedercher ware gezwongen, mat de Jongen ze spillen oder de Club ze wiesselen. Dëse Manktem un Optiounen huet d’Praxis an d’Weiderentwécklung vu jonke Spillerinnen gebremst.

D’Cheryl erzielt: „Fréier gouf et keng richteg Ekipp, déi exklusiv fir Fraen oder Meedercher virgesi war. Dëse Projet ass aus dem Wëllen entstanen, de Meedercher d’Chance ze ginn, dëse Sport vum Ufank un, bis an den Erwuessenenalter, am selwechte Club kënnen auszeschaffen.“ Hatt ergänzt: „Et ass wichteg, datt d’Meedercher hire Club net musse verloossen, nëmme well eng Alterskategorie feelt. Mir wëllen, datt de Fraefussball fir all Meedchen zougänglech ass, an dat konstant.“

„Haut hu mir d’Méiglechkeet, datt d’Meedercher an hiren Alterskategorien am Club kënne weiderspillen.“ – Cheryl Offermann

D’Rekrutéierung vun neie Spillerinne leeft no an no, awer konstant: „All zwou bis dräi Woche kommen nei Meedercher, fir d’Trainingen auszeprobéieren. Et ass keng riseg Unzuel u Leit, déi kommen, mee et geet Bierg op – an dat ass ganz villverspriechend.“ Dës Entwécklungen encouragéieren de Comité a senger Aarbecht fir Inklusioun a Wuesstem.

Renconteren a motivéierend Parcoursen

Den CS Sanem, dat ass och d’Geschicht vu Frae mat ganz vill Engagement, déi et fäerdeg bruecht hunn, de Fussball zu hirer Passioun ze maachen. D’Cheryl, déi selwer bei de Veräiner Hamm an dono Péiteng gespillt huet, kennt d’Schwieregkeeten, déi duerch de Manktem u komplette Fraenekippen entstane sinn. Si erzielt: „Meng Duechter, déi zënter hirem Kandheetsalter spillt, huet misse schonn dräimol de Club wiesselen, well keng passend Alterskategorie do war. Haut kënne si endlech zu Suessem bleiwen – eppes, wat fréier net ëmmer méiglech war.“

D’Aussoe vun de Spillerinnen, déi mir deen Dag interviewt hunn, illustréieren dës nei Dynamik op déi bescht Manéier. D’Alysha, d’Duechter vum Cheryl, huet dës Saison bei der Seniorsekipp vum Club ugefaangen. Si ass 16 Joer al an erzielt: „An der Ekipp si Meedercher vu 15 bis 42 Joer. D’Mëschung vun den Alterskategorie funktionéiert ganz gutt. Mir hunn esou eng Harmonie, datt ech och an de Club kommen, wann et net obligatoresch ass – just fir de Spaass.“

Och fir déi Kleng ass d’Erfarung ganz positiv. D’Jo-Anne, 10 Joer, erzielt: „Ech spillen an der Defense.“ Genee wéi d’Alysha. „Dat ass meng Liblingspositioun. Am meeschte gefält mir et, Matcher ze spillen a mat den anere Meedercher zesummen ze sinn.“ Et geet net just ëm Fussball spillen, mee ëm d’Erfarungen, déi si sammelen an d’Communautéit, an där si opbléien.

Kampf géint Stereotyppen a Wäertschätzung vu Kompetenzen

Fir d’Cheryl, och wann de Fraefussball grouss Fortschrëtter gemaach huet, bleiwen e puer Ongläichheeten: „Ech mierken nach ëmmer, datt et Ënnerscheeder gëtt tëscht dem Männer- a Fraefussball – sief et an de Gespréicher, an der Reklamm oder an der Perceptioun vun de Leit.“ Mee hatt bestätegt och, datt sech vill gedoen huet: „Et gëtt ëmmer besser, mir wuessen a mir entwéckelen eis weider.“ Den Interessi vum Public an d’Opmierksamkeet vun de Medie stäerken d’Plaz vum Fraefussball. An dësem Kontext spillt den CS Sanem eng Virreiderroll a weist aner Veräiner an der Regioun, wéi een d’Fraen am Fussball kann ënnerstëtzen an encouragéieren.

„Mir hunn esou eng Harmonie, datt ech och an de Club kommen, wann et net obligatoresch ass – just fir de Spaass.“ – Alysha

D’Cheryl betount zum Schluss: „Mir si ganz frou, dës Ekippe geschaf ze hunn. Eist Zil ass wierklech, datt d’Meedercher net méi gezwonge sinn, de Club ze wiesselen. Jidderee kann d’Trainingen ausprobéieren – all Persoun entwéckelt sech an hirem eegene Rhythmus an ass wëllkomm.“ Eng gemeinsam Freed – souwuel beim Club wéi och bei de Spillerinnen: D’Fraenekippen hunn elo hir eegen Trikoten a Faarwen, ënnerschiddlech vun deene vun de Jongen. Dat weist de klore Wëlle fir d’Identitéit vun de Meedercher ze stäerken. D’Cheryl bréngt et op de Punkt: „Empathie, Solidaritéit a Freed stinn am Mëttelpunkt vun dësem Projet.“ D’Alysha ergänzt: „Jiddereen ass immens léif, et ass eng riseg Freed mat hinnen ze spillen.“ De Projet steet eréischt um Ufank, mee de Message ass kloer: Beim CS Sanem kann all Persoun hir Plaz um Terrain fannen – an engem Ëmfeld vun Egalitéit a Frëndschaft. De Club ass houfreg, dozou bäizedroen, datt de Fraefussball an eiser Gemeng méi siichtbar a méi zougänglech gëtt.

Zousätzlech Informatiounen zu den Trainingen:

WU11 & WU13 | Dënschdes a donneschdes vu 17:15–18:30

WU15 | Mëttwochs a freides vu 17:30–19:00

Rendez-vous um Terrain zu Suessem

You don't have permission to register