Een Häerz fir d‘Veräinsliewen

De Max Lehnen sëtzt säit e puer Méint fir d’DP am Gemengerot vun der Gemeng Suessem. Mat sengen 38 Joer bréngt hien net nëmme frësche Wand an d‘Sëtzungen, mee och eng déif verwuerzelt Leidenschaft fir d‘Veräinsliewen an Iwwerzeegung fir d’Lokalpolitik. Am oppene Gespréich, fir dat hien eis an den Turnsall um KUSS invitéiert huet, erzielt de Max vu senge Wuerzelen, sengem Wee an d’Politik an de Sujeten, déi him um Häerz leien.

De Max Lehnen huet eigentlech véier Nimm. Déi solle mer hei am Artikel awer op der Säit loossen. „Einfach Max“, entgéint eis den DP-Politiker a leidenschaftleche Veräinsmënsch wärend eisem Gespréich. Mir sinn – et kéint een et als zweet Doheem vum Max bezeechnen – am Turnsall vum KUSS um Scheierhaff. Wärend mir beienee stinn an de Max eis vu sengem fréiere Wee als Mëtt 20-Järegen a Richtung DP erzielt, ginn d’Meedercher an där anerer Hallschent vum Sall trainéiert.

„Mäi Bop war Sozialist, mäi Papp klassesche CSVler“, erënnert den 38-Järege sech zeréck. Hee mécht et sengem Papp no a geet an d’Jugendpartei CSJ, ouni dës Decisioun groussaarteg ze hannerfroen. No sengem Studium gesäit dat anescht aus. „Ech si bei der DP gelant, well si eng politësch Mëtt ubidden an och iwwer Tabutheeme wéi d‘Homosexualitéit geschwat hunn, si waren oppen a progressiv, ouni opportunistesch ze sinn. D’DP huet eng kloer Linn, bis haut“, seet hie bewosst. 2012 huet et hie bei d’DP-Sektioun Suessem gezunn.

Vun der Uni an d‘Politik

2012 huet heen de Schratt an d’DP-Sektioun Suessem gewot. „Deemools sot ech der Partei: ‚Also ech weess jo net, wéi dat elo hei leeft, mee wann dir ee Kandidat fir d’Landeswale sicht, ech wier prett“, erënnert de Max sech zeréck a grinst. Dat war 2013. „Mam Xavier Bettel sollt eng jonk Ekipp op d’Bee gestallt ginn. Ech war 26 Joer jonk, ganz nei an am Süden ass et nach méi schwéier, well et ass eng sozialistesch Héichbuerg.“ Heen ass iwwerall matgeholl ginn, dank dem Patricia Speck-Braun, dat hien am Gemengerot Enn 2025 ersat huet. „D’Patricia ass meng politesch Mamm, ech hunn him sou vill ze verdanken. Deemools huet hat mech mat geholl, op all Fest. Iergendwann souz ech am DP-Polo op engem mechanesche Rodeo-Steier op engem Duerffest.“ Hie koum raus aus dem Duerf, huet vill Leit kennegeléiert an ass enger Partei bis haut trei bliwwen. No e puer Méint an enger Rëtsch Gemengeréit, seet de Max: „D’Gemengepolitik ass näischt aneres wéi e gréissert Veräinsliewen. An der Oppositioun ass et awer tricky, well een d’Frënn, déi an der Majoritéit sinn, hannerfroe muss. Et geet drëm, déi richteg Froen ze stellen.“

„Iergendwann souz ech am DP-Polo op engem mechanesche Rodeo-Steier op engem Duerffest.“ – Max Lehnen

De Max lieft de Veräinssport: Scout, säit Jore beim Turnveräin Sporting Club Bieles aktiv, DJ um Bieles am Jumm, wou e geléiert huet, Béier ze zapen a moies nom Bal eng Zwiwwelzopp giess huet. „D’Fuesent war meng Welt“, erënnert hee sech. Bis haut ass de Max leidenschaftleche Veräinsmënsch a schätzt wéi vill Fräizäit Benevolle fir hire Club afferen. „Si leeschten aussergewéinlech Aarbecht, ouni si wier villes net méiglech.“

Fir de Max misst et awer zu enger Verschibung an der Approche kommen, wéi de Benevolat ëmgesat gëtt. „De Fokus läit op deenen, déi scho vill Responsabilitéiten hunn – Schaff, Kanner, den Haushalt. Déi, déi scho vill ginn, mussen anescht ënnerstëtzt respektiv entlaascht ginn. Mir mussen déi Jonk motivéieren, dass si Loscht kréien, um Veräinsliewen deel ze huelen.“ Méi einfach gesot, wéi gemaach, deem ass sech den DP-Politiker bewosst. „Wéi einfach wier et, no engem Training, Pizza ze bestellen, e Film op d’Mauer vum Turnsall ze projezéieren an ee Filmowend ze maachen. Fréier ware mir wéi oft an der Hal mat eisen Traineren, bis an d’Nuecht eran an hate gutt Momenter zesummen. Haut hu mer vill Reglementer a Sécherheetsreegelen déi esou spontan Aktivitéiten net méi erméiglechen.“ Him schwieft zum Beispill och d’Iddi vun enger Buvette um Gaalgebierg vir, déi vu Veräiner exploitéiert gëtt.

Eemol Bieles, ëmmer Bieles

„Ech hat zwar Frëndinnen ausserhalb vu Bieles, mee ni eng aner Adress“, seet de Max a laacht. Vu klengem u wunnt de Max zu Bieles, an der Géigend vum Gaalgebierg. „Mäi Bop ass owes vun der Arbed mam Vëlo heem komm. Wéi en de Bierg erof gefuer ass, krut en net méi gebremst a koum am Bësch un d’Stoen. En huet ronderëm sech gekuckt a sot sech: ‚Hei kafen ech!‘ A säitdeem wunnt meng Famill hei.“ Op d’Fro, ob een Adressewiessel ni zur Debatt stoung, äntwert de Max mat engem Grinsen: „Meng Fra kënnt aus dem Mëllerdall, ech hunn also misste gutt Argumenter parat hunn, fir dass mir hei bleiwen.“

„D’Gemengepolitik ass näischt aneres wéi e gréissert Veräinsliewen. An der Oppositioun ass et awer tricky, well een d’Frënn, déi an der Majoritéit sinn, hannerfroe muss. Et geet drëm, déi richteg Froen ze stellen.“ – Max Lehnen

Als Papp géif hien natierlech déi schouleschen Infrastrukturen an Aktivitéiten, déi fir déi Kleng ugebuede ginn, besonnesch ervirhiewen. „D’Ouschtereeërsich, de San’Up, de Wanterfeeling, dat sinn natierlech Highlights. Mir freeën eis Joer fir Joer op dës a vill aner Events, déi an der Gemeng organiséiert ginn.“ Als Politiker an der Oppositioun huet hien och Doleancen. „D’Strooss vun Esch op Bieles, déi sollt en Aushängeschëld sinn. Genee de Géigendeel ass de Fall. Well dat eng Staatsstrooss ass, kann d’Gemeng net einfach decidéieren, wat wéini geschitt, mir sinn an deem Sënn limitéiert“, deem wier hie sech bewosst. „Mee bis dohinner, sollte mer eis asetzen, dass déi Strooss méi frëndlech gëtt. Mir kéinten déi ellen Uewerleitungen iwwerdenken oder e puer Beem planzen.“

De Max ass motivéiert, dat gesäit een him un an dat héiere mir aus eisem Gespréich eraus. Nieft sengem Engagement fir d’Veräinsleit an de Benevolat, wäert hien nach op ville weideren Dossieren aktiv wëlle matschaffen. Mir wäerten déi nächst Méint gesinn, wat hie wëlles huet.

You don't have permission to register