Ee Liewen duerch d’Lëns

Momenter, déi ze séier verginn, mat enger Kamera festzehalen. Sou huet alles fir den Eric Engel ugefaangen. Mëttlerweil huet hee seng Plaz an der Lëtzebuerger Fotografiezeen fonnt — mat engem Bléck fir déi kleng, éierlech Momenter am Alldag, déi dacks iwwersi ginn.

Säi Wee an d’Fotografie war alles anescht wéi geplangt. Am Ufank wollt den Eric Engel just den  Alldag vun a mat senge Kanner festhalen. „Aus Angscht virun der Vergänglechkeet hunn ech meng éischt Kamera – eng Fuji XT20 – kaf“, erzielt de Fotograf wärend eisem Gespréich an engem gemittleche Café um Belval. Virun eis um Dësch aus Holz läit dann och eng Kamera. Fuji.

2017 mécht den Eric seng éischt Investitioun an Erënnerungen, ee Schratt, dee villes ännere wäert. De Grëff zu der Lëns geschitt beemol ëmmer méi dacks an heen investéiert vill Zäit a säin neit Hobby. A kuerzer Zäit gëtt aus dem Hobby eng Passioun. Seng Fotoe ginn ëmmer méi perséinlech, méi narrativ, méi no. D’Liewe spieren, eng Aart mentaalt Tagebuch, erof kommen, Gedanke sortéieren a gläichzäiteg alles ronderëm sech vergiessen – dat si puer Grënn vu villen, firwat den Eric dat, wat e mécht, mat esou vill Leidenschaft ausüübt ausübt. Dat gesäit een net just a senge Fotoen a senger Panoplie un Entitéiten, déi de Freelance-Fotograf engagéieren. Seng Ae strale richteg, wann hie vun der Fotografie erzielt.

Déi éischt Kéier op professionellem Niveau gëtt den Eric fir reporter.lu engagéiert. „Eng deemoleg Journalistin huet mech proposéiert. Ech sinn him dofir éiweg dankbar. All Kéier wann ech et iergendwou gesi soen ech him dat och“, seet hien a laacht. Eigentlech schafft den Eric als Museker an der Militärmusek a spillt do Bassklarinett. „Do stinn ech méi am Mëttelpunkt an et ass eng Aarbecht, déi s de an der Ekipp méchs. Du muss deng Roll erfëllen.“ Bei de Fotoen ass et de Contraire, „Do maachen ech mäi Bescht, am Hannergrond ze verschwannen an du bass eleng verantwortlech fir déng Aarbecht, gutt oder schlecht.“ Béid hu seng Virdeeler, ma awer géif hien nimools säin Job als Museker géint dee vum Fotograf antauschen.

E spontane Start mat déiwem Impakt

Déi Form vu Fotografie, déi hien am meeschte faszinéiert, ass Street Photographie. Street ass déi net-inzenéiert Aart a Weis, ze knipsen. Dëse Stil erfuerdert Diskretioun, e séiere Bléck fir den Detail ouni ze vergiessen, dass een net just iergendwellech Objeten, mee Mënsche virun der Lëns huet. Den Eric gesäit sech net als Voyeur, mee als Chronist vum Alldag. Et geet net ëm stéieren oder bloussstellen, „mee ech wëll déi kleng, éierlech Momenter, déi normalerweis net festgehale ginn, afänken“. Genee aus deem Grond ass déi Aart a Weis, Fotoen ze maachen, am Eric sengen Aen esou wichteg. „Et gëtt kee Stil, deen eng Gesellschaft esou éierlech afänkt, wéi Street. An dat läit mir immens um Häerz. Ech kréien Héngerhaut, wann d’Photothèque Fotoe vu fréier post. An ech gesi mech elo an där Roll, dat, wat grad ronderëm eis geschitt an existéiert, festzehalen. Ech sinn ee vu fillen.“

„Et gëtt kee Stil, deen eng Gesellschaft esou éierlech afänkt, wéi Street. An dat läit mir immens um Häerz. Ech kréien Héngerhaut, wann d’Photothèque Fotoe vu fréier post.“ – Eric Engel

Seng Liblingsfotoen entstinn ënnerwee – op de Stroosse queech duerch Europa, wou mat enger gudder Portioun Leidenschaft a vill Diskretioun d’Liewen dokumentéiert. Hien kënnt op eng ganz bestëmmte Foto ze schwätzen. Se weist eng Fra, déi um Trottoir steet, een Ielebou riicht an d’Luucht gestreckt – hannendru fiert e Bus mat enger grousser Affiche mat engem Typ an der Ënnerwäsch laanscht. Béid Subjekter sti genee d’nämmlecht do.“ Den Eric grinst. „Ech wollt si portraitéieren. Ech hunn net op de Bus gewaart. Mee dat ass et: An deem s de d’Kamera prett häls, ass dat eng gutt Viraussetzung fir méi. Aanescht ass de Moment fort.“

Eng aner vu senge Liblingsfotoen, déi och am Parc Backes ausgestallt gëtt, ass zu Paräis entstanen. „D’Fra stoung um Metro-Quai ze waarden, hannert hir war e Poster op deem stoung ‚Un voyage étrange‘ – du koum de Metro an ech hunn nëmmen nach geknipst a gehofft, dass déi perfekt Foto dobäi ass.“ Ee wichtegt Element am Eric senger Fotografie ass den humoristesche Wénkel. Genee dësen Aspekt feelt bei där heite Foto. „Dat ass richteg“, äntwert eist Géigeniwwer. „Déi zeechent sech duerch méi Déifgang aus, well eng Emotioun muss all Foto hunn, sief dat Humor, Nostalgie, Trauer.“

Et gëlt ëmmer opzepassen

2021 ass den Eric Member vum Luxembourg Streetphoto Collective ginn – eng Plattform, wou sech Fotograf∙innen austauschen a gemeinsam Aarbechten entwéckelen. Mat hinnen huet hien Ausstellungen ausgeschafft a Workshops geleet, dorënner ee Cours, deen hien ëmmer nees an de Rotondes gëtt. An dësem stinn och juristesch Froe ronderëm Fotografie am ëffentleche Raum um Programm. „Du dierfs an engem ëffentleche Raum Fotoe vu Leit maachen“, stellt de Fotograf direkt am Ufank kloer. „Wann s du se net kommerziell notz a wann s du de Persounen um Bild net schueds, da kanns du déi Foto halen.“ Den Eric preziséiert dat, well dacks Onkloerheet op deem konkrete Punkt besteet. De Kollektiv hat eemol genee esou ee Fall. „Ee Fotograf hat eng Foto vun engem Chantier geholl. Op der Foto hat den Aarbechter keen Helm op. Do war duerno nëmmen alles gutt, well um Helm keen Embleem ze gesinn ass. Wann hee Problemer kritt hätt an heen hätt beweise kënnen, dass dat duerch déi Foto geschitt wier, dann hätt et kënnen zu geriichtleche Problemer kommen.“

 

Vum 9. Juli u wäert dem Eric Engel seng nei Ausstellung am Parc Backes ze gesi sinn – 24 Fotoen, déi an de leschte Joren op Stroossen duerch ganz Europa entstane sinn. D’Biller si no Stied strukturéiert, weisen awer net d’klassesch touristesch Perspektiven, mee Mënschen an Interaktiounen, déi den Alldag sou spannend maachen.

„An ech gesi mech elo an där Roll, dat, wat grad ronderëm eis geschitt an existéiert, festzehalen. Ech sinn ee vu fillen.“

Säi kreatiivt Zesummespill mat senger Fra — enger Juristin mat guddem A fir Bildästheetik — ass e wichtege Bestanddeel vvum vum Eric senger Aarbecht als Fotograf. „Meng Fra kuckt sech all Kéier meng Choixe fir eng Expo un. Wann him e Bild net gefält, flitt et eraus. Hatt huet dat lescht Wuert“, seet hien a grinst.

Méi wéi just eng Passioun

Fir den Eric Engel ass Fotografie Therapie, Selbstreflexioun a Konscht an engem. „Et ass einfach vill am Alldag. Du hues vill ze dinn. Mir schaffen zu 2, hu Kanner. Wann ech Fotoe maache ginn, kommen ech heem a sinn nees Zen. Dat ass eng Aart Reset fir mech.” Net just dat: Zënterdeem den Eric an d’Welt vunder vun der Fotografie agetaucht ass, huet sech säi Frëndeskreess och geännert. „Du bass mat Leit, déi déi nämmlecht Passioun deelen. Du tauschs dech aus, du kriss Feedback. Mir ass dat eenorm wichteg. (Ech sinn nach net esou gutt, dass ech dorobber verzichte kéint.) Éierlechen Negativ-Feedback ass besser wéi onéierleche Positiv-Feedback, nëmmen esou kënnt ee virun.“

Méi Informatiounen

Vernissage „My Euro-Vision: Framing a Continent”

Den 9. Juli 2025 um 18.30 Auer am Parc Backes | Expo bis den 1. Oktober

Rue de Niederkorn, L-4992 Suessem

Méi zum Eric a senge Fotoe gëtt et hei

You don't have permission to register