Fir de Patrick Gengler ass Schreiwe weder Hobby nach Zäitverdreif. Ënnert dem Pseudonym P. G. Connor bréngt hien Horror- a Fantasy-Bicher eraus a gëtt zënter leschtem Joer Coursen op der Université Populaire um Belval fir zukünfteg Auteur·ricen. Säi Wee bis dohin a wat nach um Programm steet, huet de Schrëftsteller aus Bieles eis eng Stonn virum Start vu senge Fréijoerscoursen erzielt.
De Wand – wéi een et um Belval net anescht gewinnt ass –, bléist eis ëm d’Oueren, éier mir duerch déi grouss Entrée vum imposante roude Gebai ginn, an deem fréier d’Dexia ze fanne war. Mëttlerweil sinn eng ganz Rëtsch aner Institutiounen op der 14, Porte de France, dorënner d’Université Populaire. An der riseger Lobby waart de Patrick Gengler. Hien hëlt eis mat erop an dee Sall, dee sech an enger gudder Stonn mat sengen zukünftege Schüler·inne fëlle wäert.
Succès am Horror-Genre
Ugefaangen huet alles am Amateur-Astronomen-Club, erënnert eist Géigeniwwer sech zeréck. „De President war ee Schoulmeeschter an deen huet de Jonke gesot, se sollen Artikele fir d’Zäitschrëft vum Club schreiwen. Een dovunner war ech.“ Iwwert d’Joren – d’Interesse verännere sech an et huet een aner Saachen am Kapp – ass d’Iddi, e Buch ze schreiwen, a Vergiessenheet geroden. „Se war awer ëmmer do“, ënnersträicht de Patrick. Virun eis leien e puer Bicher, alles Wierker vum P. G. Connor, wéi de Patrick Gengler als Auteur bekannt ass. „Dat do ass meng Horror-Serie“, äntwert hie wéi mer ee Wierk héichhalen. „Den éischten an zweeten Deel hu sech gutt 10.000 Mol verkaf“, erzielt hien. Et gesäit een him of, wéi houfreg hien dorobber ass. Zu Recht.
Op eis Fro, firwat hie sech grad dëse Genre erausgesicht huet, entgéint de Patrick: „Dat war éischter en Zoufall … Dir kennt dach d’Serie The Walking Dead. Ech hu se kritiséiert, well et mir iergendwann langweileg ginn ass. Do krut ech gesot: ‚Ma da schreif selwer e Buch driwwer, da gesäis de, wéi schwéier et ass.‘ Voilà – Mëttlerweil sinn ech mam drëtten Deel vun der Rei amgaangen.“ D‘Geschicht Die Z Akten spillt an Däitschland a Lëtzebuerg an et geet, ganz wéi beim Virbild The Walking Dead, ëm ee Virus, deen d’Mënschheet zu Monstere mutéiere léisst.
Ob hie gefestegt an deem Genre wier? „D’Iddi ass do, en Thriller ze schreiwen.“ E mécht eng kuerz Paus. „Do sinn ech och schonn amgaangen, drun ze schaffen, mee dat ass nach net ganz sprochräif.“ Bis dohi sinn aner Projete geplangt, dorënner och eng Suite vu senger Fantasy-Rei Die Eichenthron Annalen. „Dat huet sech manner gutt verkaf“, preziséiert hien. Dem Patrick no ass d’Konkurrenz an deem Beräich einfach méi grouss. „D’Horror-Communautéit ass och méi loyal. Do rullt dat e bësse vum selwen.”
Self-Publishing oder Verlag – dat ass d‘Fro
Eng gutt Portioun Eegeninitiativ huet all Mënsch, dee sech fir säi Cours ugemellt huet, seet de gebiertege Bielesser. „Hei sëtze Leit, déi iergendwann e Buch wëlle schreiwen. Deen heite Cours ass den theoreeteschen Deel.“ Den Auteur weist, wéi ee sech souwuel am Self-Publishing wéi bei engem Verlag muss uleeën. „Well wat vill Leit net wëssen: Et ass net just e Buch schreiwen.“ Wosst dir zum Beispill, dass sech divers rechtlech Froe stellen? „Huele mir un dir schreift iwwert eng grouss Mark – Dir veronglimpft dës an d’Buch gëtt ee mega Succès – jidderee schwätzt dovun. Da kann déi Firma iech usiche goen.“
„Ech hu meng Testlieser. Dat si Kolleegen. Leit, déi gäre liesen. Si gi mir de Feedback, deen ech brauch.“ – Patrick Gengler
Aner Froen, déi ee sech stelle muss: Self-Publishing oder Verlag? Wann ee sech géint e Verlag decidéiert, muss een alles selwer maachen. Schafft ee mat engem Verlag zesummen, muss ee sech awer och bewosst sinn, dass si e grousst Matsproocherecht hunn. „Dat geet esou wäit, dass si den Numm vun enger Figur ännere kënnen, wann hinnen däi Choix net gefält“, ënnersträicht den Auteur.
Als P. G. Connor publizéiert hien am Self-Publishing. „Ofgesi vu menger Kuerzgeschicht, déi zesumme mat aneren an enger Sammlung verëffentlecht gouf.“ Op sengem Wee zum Auteur hat hien e Cours bei enger Autorin beluecht. „No engem Joer war de Projet bei hir fäerdeg a si huet mir vun deem Kuerzgeschichteprojet erzielt an dass ech meng soll eraginn. An dat war dunn e Succès. Se ass direkt geholl ginn.“
Knachenaarbecht
Vill Leit géifen net wëssen, wéi déif ee sech an eng Story muss eraknéien, hëlt hie weider aus. „Dat ass Knachenaarbecht. Iergendwann weess de net méi, wou s de dru bass, da muss de dech mol nees sammelen. Zum Projet „ee Buch schreiwen“ gehéiere souwuel de Choix vum Genre an d’Ausschaffe vun der Iddi, wéi och Lektorat, Korrektur a Géigeliesen. „Dat mécht ee selwer am beschten net. Iergendwann gesäis de déi klengste Logikfeeler net méi“, seet de Patrick. „Ech hu meng Testlieser. Dat si Kolleegen. Leit, déi gäre liesen. Si gi mir de Feedback, deen ech brauch.“
Genee esou brauch de Patrick, wéi sécherlech och anerer, déi e puer honnert Säite Geschicht op d’Blat kréie wëllen, genuch Paus tëscht den eenzelne Schreifphasen. „Du kanns net um Stéck schreiwen, schreiwen a schreiwen. De Lektor mierkt, wann ech hätt sollen eng Paus maachen – an ech se net gemaach hunn. Ech krut scho gesot: ‚Ah, do wier et gutt gewiescht, wann s du de Bic néiergeluecht häss.‘“ An esou Phase gëtt den Text net ugepak. „Ech schaffen dann un engem anere Projet. Dat ass wichteg. Ech kréien nei Iddien, nei Bléckwénkelen. D’Geschicht ass awer nonstop am Hannerkapp. Egal wat ech maachen a wat ech gesinn, alles kann eng Inspiratioun sinn.“ Heescht: Alles kann een Deel vun der Geschicht ginn.
Demande ass grouss
Wärend eisem Gespréich fëllt sech de Sall. Student·innen, Leit, déi no der Aarbecht hei hi kommen. Et gëtt net déi eng typesch Persoun, déi ee Buch wëll schreiwen. Sou ënnerschiddlech wéi d’Geschichte sinn och d’Leit hannert dësen Texter. „Dacks hunn d’Leit schonn e Manuskript geschriwwen. Si hänke just op enger Plaz.“ Spéider gi mer gewuer, dass verschiddener am Cours effektiv schonn ee Buch geschriwwen hunn. An trotzdeem ass d’Demande no esou Coursen do, entgéint de Patrick. „Lescht Joer hu mer mat 11 Leit ugefaangen, elo si mer bei 14. Dëse Samschdeg start de Workshop, wou mir konkret an der Praxis kucken, e Buch ze schreiwen. Do sëtze Leit aus mengem éischte Cours vu leschtem Hierscht.“
Fir de Patrick ass de Fokus vun dësem Cours, dass hie säi Wëssen a seng Erfarung ka weider ginn. „Mäin éischt Manuskript war eng Katastroph“, gëtt hien zou a laacht. „Mëttlerweil kann ech meng al Saache guer net méi liesen“, seet hie mat engem kritesche Bléck. „Net, well et net gutt ass, mee well sech mäi Schreifstil ganz geännert huet.“ Kuerz virun 18.00 Auer ass eist Gespréich eriwwer. De Sall huet sech an der leschter Stonn gutt gefëllt. De Patrick mécht d’Dier zou, geheit seng Presentatioun un, stellt sech virun d’Klass a kuckt an erwaardungsvoll Gesiichter. Lass geet et.