No hirem éischte Besuch op eiser Bün am Joer 2021 si Zero Point Five fir déi 5. Editioun vum Flow Festival (18. bis 20. Juli 2025) erëm dobäi a bréngen net nëmmen nei Musek mat, mee erwächen och al Erënnerungen. Vun engem Generator, dee viru 4 Joer ënner Waasser stoung, iwwer hir Erfarung beim LSC, bis hin zu engem Ausfluch an d’The-Office-Heemecht Scranton – mir haten d‘Band Ufank Mäerz am Interview.
Mir sti virun enger zouener Dier. An d’Raimlechkeete vum Bâtiment 4 op Escher Terrain komme mer nëmmen eran, wann een eis d’Dier opmécht. No engem Uruff tauchen 2 Schieter hannert der gliesener Dier op – et sinn de Kiko Menichetti an de Chris Reitz. „De Gilles ass vun Ettelbréck aus ënnerwee an hänkt nach am Stau“, erzielt eis de Kiko um Wee fir erof an de Studio. „Mir kënne schonn ufänken, dat kann nach daueren.“ Zäitlech geet et leider net méi op, mir kréien de Gilles awer nach éier mir nees gi virun d’Kamera. Ënnen am Gebai gi mer mat an hir Welt geholl: eng Couche, e puer Hockeren, Biller, Illustratiounen, Planzen an e risegen Ecran mat Mëschpult an allem Material, wat ee brauch, fir Songs opzehuelen. Dëse klenge Raum – eigentlech ass et dem Chris säi Studio, wou hien och u Solo-Projete schafft – ass iwwer Joren zu hirem ganz perséinleche Zero-Point-Five-Universum ginn. Eis falen eng Illustratioun vum Michael Scott (Protagonist an der US-Serie The Office, gespillt vum Steve Carell) an eng Plackett, op där Scranton (do, wou d’Serie sech ofspillt) drop steet, an d’Aen. „Déi Geschicht musse mer héieren“, soe mir. Si fänken u mat laachen. „Dat ziele mer méi spéit“, äntwert eis de Kiko.
„Wohnzimmerconcert“
Wisou déi dräi zeréck op d’Flow-Bün wollten, géif op der Hand leien. „Mir ware bei der éischter Editioun dobäi an dat war richteg cool – ofgesinn dovun, dass eis Show wuertwiertlech an d’Waasser gefall ass“, erzielt de Kiko. „De Generator stoung ënner Waasser an de Stroum war fort“, erënnert sech de Chris zeréck. „Mee mir konnten deelweis weider spillen. D’Leit si bliwwen an hunn am Ree gedanzt. Dat war memorabel.“
De Kiko huet an eiser Gemeng gewunnt a schafft nach ëmmer hei, de Gilles wunnt zënter kuerzem bei eis. „Nieft dem Flow hate mer wärend Covid awer och sollten um Autokino spillen. Dat hu mer krankheetsbedéngt missten ofsoen.“ Op d’Ausso, dass eis Bezéiung net ënnert engem gudde Stär géif stoen, kréie mir geäntwert: „Richteg, mir hunn nach eng Rechnung opstoen.“ Dat wier awer net deen eenzege Grond, wisou si Jo soten, Deel vum Flow-Lineup ze sinn. „Fir mech ass et eng Aart ‚Wohnzimmerconcert‘.“ Heemlech an no bei de Leit. „Et ginn net méi vill richteg Festivallen zu Lëtzebuerg, déi iwwert e puer Deeg ginn.“ Villes géif sech op een Dag limitéieren. „An dann d’Location … wärend Covid hu mer do Spikeball gespillt. Mir soten dacks, wéi cool et wier, hei eppes Gréisseres ze maachen. Kuerz drop gouf de Flow annoncéiert.“
Viru gutt 15 Joer huet de Kiko d’Band zesumme mam Gilles Saracini gegrënnt. „Wéi mir virun e puer Joer méi an d’Richtung Country gaange sinn, ware mer eis eens, dass d’Sonoritéit vun enger Gei immens gutt passe géif“, seet de Kiko. „Am Ufank war et ‚Zero Point Five and Chris Reitz‘ an iergendwann war de Chris feste Bestanddeel vun der Band.“ De Kiko a Gilles stinn hannert dem Mikro a spille Banjo a Gittar, de Chris ass fir d’Téin vun der Gei responsabel.
„Et ass e Gemengenevent an d’Leit kommen, egal wie spillt. Si wëllen eng gutt Zäit mat Kolleegen hunn a lauschtere ganz niewebäi nach Musek, déi se vläicht souguer richteg gutt fannen.“ – Kiko Menichetti
Mëttlerweil spillen déi dräi zënter 2016 zesummen a gehéieren scho jorelaang zur Lëtzebuerger Musekszeen – an doriwwer eraus. 2022 ware si op Tour an den USA. „Ech hu Famill, déi zu Scranton lieft“, seet de Banjo-Spiller. Dofir also d’Plaquette um Mëschpult. „Wat mega un där Tour war: Mir sinn an eng ganz aner Kultur getaucht. D’Leit koume mam Cowboy-Hutt, mat de Stiwwelen. Verschiddener hu Line-Dancing gemaach. Dat gesäis de zu Lëtzebuerg net.“
Hire Song am Vietnam
Déi beschte Story wëllen se eis awer net virenthalen. „Ech kennen een, dee mat der Lëtzebuerger Delegatioun vum Ausseministère, also mam Xavier Bettel, an de Vietnam gereest ass“, hëlt de Kiko aus. „Beemol kréien ech ee Video geschéckt vun enger vietnameesescher Museksgrupp, déi virun der Delegatioun optrëtt. An da mierken ech, dass déi ee Lidd vun eis coveren. Am Vietnam. Virum Xavier Bettel. Dat war scho Wansinn.“
Dass et fir si net duer gaangen ass, fir Lëtzebuerg beim ESC zu Basel am Mee ze vertrieden, fanne béid net dramatesch. „Eis gëtt et och nach nom LSC respektiv ESC. Et war net eis Welt, mee et war cool, an dës Welt eran ze schnupperen“, ënnersträicht de Kiko. De Chris mengt: „Op där Bün ze stoen, dat war schonn eng krass Erfarung. Erauskommen. Et ass däischter. De Sound. D’Leit. Déi Energie, déi een do spiert.“ Et ass net ze iwwerhéieren, wéi gäre si op enger Bün stinn a Musek fir d’Leit maachen. „Dat huet eis bei esou engem Event e bësse gefeelt. Et ass jo méi d’Show ronderëm, déi am Fokus steet.” Si wieren awer dankbar, dass si lescht Joer vum Andrea Galetti (Frontmann vu One Last Time) gefrot goufen, fir un engem Songwriting-Camp deelzehuelen. „Du starts den Dag mam Zil, owes e fäerdege Song ze hunn. Do ass och Ride entstanen. Si hunn eis du gepusht, et anzeschécken an do goufe mer och geholl.“
Bei der Annonce virun 2 Joer, dass Lëtzebuerg nees dobäi ass, ware se motivéiert, matzemaachen. 2024 hu si sech dru gesat, eppes op d’Been ze stellen. „Mir hunn dräi Deeg virdrun der Deadline ugefaangen an d’Resultat war dat Lidd, wat esou Country war – esou eent hate mir virdrun nach ni geschriwwen. Et gouf schlussendlech net geholl. Mir denken, et war vläicht ze vill.“ Si verroden eis spéider, dass dee Song awer nach eraus kënnt. Vläicht kréie mir et um Flow ze héieren. Wat sécher wier: Den LSC hätt si méi bekannt gemaach. „Leit, déi eis net kannt hunn, déi zwar gäre Musek lauschteren, mee net woussten, dass op lokalem Niveau och eppes fir si dobäi ass, hunn eis Musek kennegeléiert. An da kënnt dobäi, dass net vill Artisten eise Genre zu Lëtzebuerg spillen.“ Si hätte gemierkt, wéi vill handgemaachte Musek appreciéiert géif ginn.
Mat neier Musek um Flow
A genee dat ass d’Zil fir de Flow dëst Joer: Musek, déi de Public begeeschtert. „Dir kënnt iech op e puer nei Nummere freeën”, kënnegt de Chris un. Nei Songs, nei Coveren, nei Live-Band – och um Flow. „Eise Virsaz war et, fir de Summer een neie Programm stoen ze hunn. Wärend mir am Studio d’Musek jo éischter fir eis maachen a gesinn, wat d’Lidder bei eis ausléisen, hu mer am Hannerkapp, wat se bei de Leit bewierkt, wa mer Live optrieden.“
„Mee mir konnten deelweis weider spillen. D’Leit si bliwwen an hunn am Ree gedanzt. Dat war memorabel.“ – Chris Reitz
Fir si bleiwen also Concerten déi bescht Geleeënheet, hir Leidenschaft zur Musek mat aneren ze deelen. „Mir spille gäre méi kleng, méi intim Concerten“, seet de Kiko. „Dat heescht net, dass et net gutt organiséiert ass, mee et ass méi perséinlech. De Flow zum Beispill: Et ass e Gemengenevent an d’Leit kommen, egal wie spillt. Si wëllen eng gutt Zäit mat Kolleegen hunn a lauschtere ganz niewebäi nach Musek, déi se vläicht souguer richteg gutt fannen.“ Op d’Fro, mat wéi engem Lidd se eng Persoun, déi si net kennt, vu sech begeeschtere géifen, si si sech séier eens: Ride. „Et ass kuerz, et ass rezent an et beschreift eis am Moment am beschten. Mir kënnen et 1 zu 1 esou spillen, well et mat einfachen Instrumenter geet. Mir kréie Videoe vu Schoulklassen, déi et spillen an dorobber danzen. Dat ass schonn ee coolt Gefill, dass Leit, déi mir net perséinlech kennen, eis – an eis Musek – gutt fannen.“
Mir wëllen iech sangen an danze gesinn de Weekend vum 18. bis 20. Juli 2025 am Park um Belval. Zero Point Five triede sonndes op a schléissen de Flow-Weekend of. De Flow ass dëst Joer gratis, dir braucht also keng Ticketen am Viraus. Mir gesinn eis am Juli!