De Wanterfeeling ass zënter Joren Traditioun an eiser Gemeng. Ee Rendez-vous, op deen net nëmme mir Joer fir Joer mat ganz vill Virfreed kucken, mee bei deem mir wëssen, dass dir iech genee esou vill freet.
All Joer verwandelt sech den Terrain beim Suessemer Schlass an eng aner Welt, een Universum, dat et esou just bei eis gëtt. Luuchten, aussergewéinlech Gestalten a Spektakelen, ee méi aussergewéinlech wéi deen aneren. Dat ass de Wanterfeeling. Dir hutt de Rendez-vous an dësem Joer verpasst? Kee Probleem, kuckt iech hei déi beschte Momenter un a fir déi, déi do waren: Erlieft dat Ganzt nach eemol a freet iech schonn op déi nächst Editioun. Mir gesinn eis den 13. bis 15. November 2026.
Mat der Serie “NOISE” sidd dir um Bols vun der Kultur an der Gemeng Suessem.