Wanterfeeling 2024

Erlieft déi bescht Momenter vun engem magesche Weekend beim Suessemer Schlass vun eiser Edition 2024 a kritt Loscht op de Weekend vum 14. bis 16. November 2025, wann de Wanterfeeling nees zeréck kënnt.

De Wanterfeeling ass ee vun de populäerste Rendez-vous, wat d’Events vun der Gemeng Suessem betrëfft an dat net ouni Grond: Feier-Showen, Luuchteninstallatiounen, Spektakele fir Grouss a Kleng an egal, wou een higeet, iergendwou geschitt ëmmer eppes mat de liewegen Animatiounen, déi um ganze Site verdeelt sinn. De Wanterfeeling léisst iech all Kéier op en Neits an eng magesch Welt voller Iwwerraschungen andauchen. Gitt och dëst Joer nees Deel dovun a séchert iech är Ticketen am Virverkaf op wanterfeeling.lu.
You don't have permission to register