Dag fir Dag mat Liewen ze dinn

Den 2. August 1925 gouf d’Société Avicole de Belvaux gegrënnt. Et läit op der Hand, dass am Laf vun 100 Joer net nëmmen d’Gewunnechte vun de Mënsche geännert hunn, mee dass och d’Gesellschaft haut eng aner ass wéi deemools. Mir hu fir de Centenaire mat Memberen iwwer d’Geschicht vum Veräin, hiren Engagement an d’Hoffnunge fir d’Zukunft geschwat.

„Als Kand sinn ech mat Hénger a Kanéngercher grouss ginn. Meng Grousselteren zu béide Säiten haten Déieren“, erënnert sech de Franky Gilbertz bei eisem Treffen op engem sonnege Nomëtteg. D’Faszinatioun fir dat Liewegt sollt Joren duerno wéi e Bumerang zeréck kommen. Een Dag virun der Gebuert vu sengem zweete Kand 2015 gouf d’Zuuchtanlag vun der Société Avicole nieft de Gemeinschaftsgäert am Matgesfeld zu Bieles ageweit. Member war hien do nach net. „Mir sinn ëmmer mat de Kanner laanscht getrëppelt an hate Loscht, zesummen eppes an der Natur ze maachen. Du koum ech mam deemolege President Mett Sossong an d’Gespréich, dee mer eng Parzell ugebueden huet. D’Zuucht huet mech immens interesséiert.“ E puer Méint duerno sollt hien d’Relève vum Här Sossong iwwerhuelen. De mëttlerweil verstuerwene President hat joerzéngtelaang fir eng Gemeinschaftszuuchtanlag gekämpft, a vill Zäit an Energie dra gestach.

Bei eisem Tour duerch d’Anlag erkläert de Franky Gilbertz, dass all Déier säi Charakter huet an et mierkt een, dass hie vill Zäit a säin Hobby stécht. „Fréier hate vill Leit d’Chance, genuch Terrain respektiv Plaz bei hirem Haus ze hunn, fir Déieren ze ziichten. Mee d’Gesetzer goufen iergendwann ëmmer méi streng an d’Wunnsituatiounen hu geännert“, seet hien. „De Mett huet dofir gesuergt, dass de Finanzement fir de Bau géing klappen, an dass d’Gemeng eis en Terrain zur Verfügung géing stellen. Dëse Bail emphytéotique leeft bis Enn 2058.“ 2010 goungen d’Aarbechte lass. D’Administration des services techniques de l’agriculture (ASTA) hat 40% vun de Käschten iwwerholl, an och Manpower a Logistik bäigesteiert. Vun der Gemeng Suessem gouf et en ausseruerdentleche Subsid.

D’Gebaier vun der Zuuchtanlag goufen iwwer e puer Joer vun engem Grapp voll Idealiste vun der Société Avicole vu Bieles an Eegeregie gebaut. De fréiere President Mett Sossong koum eegene Rechnungen no op iwwer 3.000 Aarbechtsstonnen. Hien huet och alles dokumentéiert. De Franky weist eis 4 Fotoalbummen, déi en detailléierten Abléck an déi verschidde Bauphase ginn an duerch hir ongefiltert Manéier d’Kollegialitéit an déi gutt Stëmmung am Veräin ënnersträichen.

Edmond Siuda a Mett Sossong

Edmond Siuda a Mett Sossong

Edmond a Liliane Siuda

Edmond a Liliane Siuda

Och de Comitésmember Edmond Siuda huet zum Grupp gehéiert. „Mir hu virun allem Weekends geschafft, an och soss nach verschidden Deeg. Et sinn och emol aner Veräinsleit a Sympathisanten eng Hand mat upake komm“, erënnert hien sech. „Et ass een owes vreckt heem gaangen. Geschafft hu mer wéi Päerd, mee dobäi och de Geck gemaach a gelaacht.“ Den Edmond hat als Jonggesell villes materlieft: vum Fussball iwwer d’Musek bis bei de Keeleclub. „Bei d’Société Avicole koum ech eréischt méi spéit, viru 25 Joer duerch meng zweet Fra. Si war Giedel bei der Fahnenweihe. Ech war op eemol ënner elauter frieme Leit, mee ech sinn eragewuess.“ D’Liliane Siuda ënnersträicht genee wéi hire Mann, dass den Ekippegeescht si motivéiert. Mat den Déieren oder der Zuucht selwer hunn si net direkt eppes ze dinn.

Jiddereen huet säin Zoustännegkeetsberäich, well et am Laf vun engem Joer jo och eng Partie Fester ze organiséiere gëtt. „Scho fréier, mat eiser Kichenekipp, war et flott, akafen ze goen an dofir ze suergen, dass herno eppes um Teller war. Mir sinn och ni vill bei de Bäcker gaangen, mee hu léiwer gebak“, resuméiert d’Liliane d’Opdeelung. Hire Mann, den Edmond, ass zoustänneg fir d’Gedrénks „Jiddereen ass Chef a sengem Domän an hëlt seng Decisiounen“, ergänzt de Franky. „Wann awer mol eppes schif leeft, gëtt dat einfach spéider am Comité beschwat.“

„Den Ëmgang mat den Déieren an de Respekt virum Iesse sinn net méi selbstverständlech bei de Kanner.“ – Franky Gilbertz

Bei iwwer 150 Membere gëtt et e Kär vu 15-20 Leit, déi vun der traditioneller Jippelchersausstellung am Fréijoer bis bei de KreativmoART am Hierscht d’Evenementer plangt an duerchféiert. Dëst Joer gëtt erëm eppes agefouert, dat et fréier gouf, mee mat der Zäit am Sand verlaf ass. „Mir maache vum 14. bis de 16. November um Scheierhaff eng Lokalausstellung mat ausgewuessenen Déieren, déi vu Präisriichter priméiert ginn. Mir hunn eis un Däitschland inspiréiert, a nennen se als Hommage un eise laangjärege President ‘Gedächtnisschau Mett Sossong’. An deem Kader feiere mir och de Centenaire“, betount de Franky Gilbertz houfreg. Iergendwann soll nach eng Ausstellung ronderëm d’Entstéiungsgeschicht vun der Zuuchtanlag op d’Bee gestallt ginn. „Et ass natierlech och, fir dass Suen an d’Keess kommen“, gëtt de President zou. „Bei eiser Infrastruktur kommen no all de Joren esou lues Verschläisserscheinungen, wou mer nobessere mussen. A mir hu lafend Käschten.“ Lafend ass iwwregens och den Engagement vun den Ziichter vis-à-vis vun den Déieren, betount de Franky. „Mir hunn all Dag mat Liewen ze dinn an do kanns de keng Paus maachen.“

D’Société Avicole deelt sech d’Matgesfeld mat den Amis de la Fleur, déi d’Gemeinschaftsgäert op där anerer Säit vum Site geréieren, an der Gemeng. „Mir hu siwen aktiv Ziichter“, erkläert de Franky Gilbertz. „Ech betounen ëmmer, dass mir ‘organiséiert’ Klengdéierenzuucht maachen an et gëtt Reegelen. Mir halen zum Beispill nëmme Rassendéieren an dokumentéieren alles.“ Schonn um Enn vum 19te Joerhonnert gouf et en änleche Veräin zu Bieles, mee als ‘Société Coopérative’ gouf se eréischt 1925 offiziell gegrënnt. „Eng Cooperative huet Sënn gemaach, ënner anerem fir Maschinnen a Material unzeschafen an och fir d’Endprodukter ze vermaarten. Net nëmmen d’Fleesch vun den Déieren an d’Eeër, mee och Kanéngerchersfeller ware gefrot“, erkläert de President d’Situatioun tëscht den zwee Weltkricher.

„Et gouf och festgestalt, dass d’Déieren eng gewëss Schéinheet hunn. D’Rassebeschreiwunge goufen néiergeschriwwen a Standarde geschaf.“ 1922 war d’Publikatioun vum 48-säitegt Dokument ‘Luxemburger Prämierungs-System in der Kleintierzucht’ am regionale Kontext e wichtegen, konkrete Schratt Richtung Standardiséierung. Am selwechte Joer gouf och den Daachverband Union des Sociétés Avicoles du Grand-Duché de Luxembourg (USAL) gegrënnt, zu deem d’Société Avicole de Belvaux gehéiert.

Aktuell huet de Veräin sechs individuell Parzellen an der Zuuchtanlag zu Bieles, déi fir e klenge Loyer exploitéiert ginn a fir déi et eng Waardelëscht gëtt. „D’Konscht vum Ziichten ass et, d’Déier esou no wéi méiglech un d’Beschreiwunge vum Rassestandard ze bréngen. Dozou zielt d’Ausgesinn, mee och de Charakter vum Déier“, präziséiert de Franky. „Ass en Déier roueg oder aggressiv? Ass et e gudde Reproducteur? Dat sinn alles Saachen, déi den Ziichter bewäerte muss.“ Zu de Klengdéieren zielt alles, wat een op Franséisch ënner ‘basse-cour’ versteet, dorënner Hénger, Inten, Gänsen, Fasanen, Kanéngercher a Mierschwéngercher, fir just déi ze nennen. Hybriddéieren, wéi se an der Massenhaltung üblech sinn, gi spezifesch op d’Interesse vun der Industrie hi geziicht. D’Société Avicole huet dofir d’Aufgab, de geneetesche Patrimoine an d’Aartevillfalt duerch d’Rassendéieren ze erhalen.

„Geschafft hu mer wéi Päerd, mee dobäi och de Geck gemaach a gelaacht.“ – Edmond Siuda

Scho bal 40 Joer laang geet de Veräin och reegelméisseg an d’Schoulen, haaptsächlech am Fréijoer, wann d’Zäit vum Bréien ass. De Programm ass un de jeeweilege Cycle ugepasst, an d’Kanner kréie vun de Couveuse bis bei d’Fleeg vum frësch geschlüpfte Jippelchen e konkreten Abléck. „Mir hu mat de Jore gemierkt, dass den edukative Volet immens wichteg ass“, sou de Franky Gilbertz nodenklech. „Den Ëmgang mat den Déieren an de Respekt virum Iessen sinn net méi selbstverständlech bei de Kanner.“ D’Coronapandemie huet bei den Erwuessenen dogéint e Boom ausgeléist, wann et ëm d’Déierenhaltung geet, wéi de President zougëtt. „D’Leit waren doheem confinéiert an hate warscheinlech den Drang, eppes an hirem Gaart ze maache respektiv sech Déieren unzeschafen. Mir goufen doropshi vill sollicitéiert, fir Hénger ze verkafen. Wann een sech zwee, dräi Hénger beim Haus hält, ass et net der Däiwel vill Aarbecht a vill Plaz brauch een och net. Mir beroden d’Leit och gär.“

Mobillen oder fixe Stall? Schutz viru Wëlldéieren? Meldeflicht? Iwwer all dës Saache sollt een sech am Virfeld informéieren, fir eng aartgerecht Haltung ze garantéieren. D’Société Avicole wollt e Projet lancéieren, duerch deen ee bei hinnen d’Déiere wéi och de passende Stall kéint lounen. Inspiratioun gëtt et vun anere Gemenge wéi Etterbeek an der Belsch. Zanter 2023 gëtt et zu Bieles e soziale Projet mat sougenannten TUC-Aarbechter vum ONIS, déi bei dësem Projet kéinte mat agebonne ginn, fir mobil Ställ ze bauen.

D’Wënsch fir d’Zukunft vun der Société Avicole leien op der Hand. Wéi bei all Veräin feelt et un Nowuess. „E Club-Lokal, wou ee Leit empfänke kéint, géif sécher hëllefen. Do kéint een och Informatiounsversammlunge fir Interesséierter halen oder de Leit, déi laanscht spadséieren, d’Méiglechkeet ginn, e bëssen ze verweilen. De Versammlungsraum vum Comité (an der Rue des Alliés zu Bieles, vun der Gemeng zur Verfügung gestallt) ass dofir net gëeegent.“ De Projet fir esou e Lokal nieft der Zuuchtanlag ze baue gëtt dofir weider um Liewe gehalen, genee wéi d’Schafe vun zousätzleche Parzellen. De Bléck geet also ëmmer no vir, och wann de Weekend vum 20. an 21. September sur place am Kader vum traditionelle Klengdéierefestival op 10 Joer Zuuchtanlag ‘Mathias Sossong’ geprost gëtt.

You don't have permission to register