Den Artikuss ass an der Däischtert. D’Publikum gëtt kee Mucks vu sech wärenddeems den Ofspann op der Leinwand leeft. Schliisslech erstraalt d’Bün an orangem Liicht an déi sechs Intervenanten huelen hier Plazen an. E liicht Opootme geet duerch de Sall. Gewise gouf den Hors d’Haleine vum Eric Lamhène, deen dem Emma säi Werdegang als Affer vun haislecher Gewalt a senge verschiddene Facettë vun intensiven Emotiounen, onsiichtbare Verletzungen an enger immenser Resilienz weist.
Gewalt géint Fraen a Meedercher gëtt et hei zu Lëtzebuerg an och an eiser Gemeng an alle soziale Schichten. Am Kader vun der Orange Week, déi op dëse soziale Problem opmierksam mécht, huet d’Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité (MEGA) op de Cinédébat zum Film Hors d’Haleine invitéiert den 1. Dezember. Mat der Iddi e Thriller ze dréine mat enger Fra, déi Affer vun haislecher Gewalt ass, sinn den Eric Lamhène an d’Rae Lyn Lee e Foyer fir Frae besiche gaange fir Recherche vum Milieu ze maachen. „Entgéint mengen Erwaardungen eng kal a gro Plaz virzefannen an der déi ‚schwächste Leit‘ zäitweis zesummeliewen, hu mir en Haus virfonnt, an deem Kanner zesumme spillen a ronderëm lafen. Séier konnt ech feststellen, dass mir mat richteg staarke Perséinlechkeeten ze dinn hunn, an dass si alles anescht wéi schwaach sinn“, esou den Eric Lamhène. Den Entschloss war séier gefaasst, dass se eppes doriwwer maache missten an dass hir ursprünglech Iddi adaptéiert misst ginn.
Dës Empathie fir d’Frae geet spierbar aus dem Film ervir a verleet hinnen eng Stëmm. D’Esperanza Martin, eng vun den Actricë vum Film, huet un der Diskussiounsronn deelgeholl an erzielt: „Ech si selwer Affer vun haislecher Gewalt. De Film spigelt zwar net meng Liewensgeschicht eent zu eent erëm, mee et ass änlech verlaf.“ Si schwätzt vun psychescher an ekonomescher Gewalt. „Et huet lues a lues ugefaangen, andeems mäin Exmann ëmmer méi Kontroll iwwert mäi Liewe geholl huet. Duerno duerft ech net méi den Auto huelen an ech hunn an Angscht gelieft, dass hie mir d’Kreditkaart eweschhuele géif“, erkläert d’Esperanza. Hatt huet schliisslech Zouflucht am Foyer fonnt. Allerdéngs huet dee Spuk keen Enn fonnt nodeems et erauskomm ass an eng eege Wunneng fonnt hat: „Mäin Exmann huet Drock gemaach fir d’Garde fir d’Kanner ze kréien. D’Gewalt ass also virugaangen nodeems ech aus dem Foyer komm sinn… se war just anescht.“

E Raune geet duerch den Artikuss. Effektiv denkt een oft séier u kierperlech Gewalt, mee et ginn aner Zorte vu Gewalt, déi vill méi schwéier nozeweise sinn. Déi psychesch Gewalt gëtt am Hors d’Haleine méi staark gewisen. D’Christine Renzi vum Service Log-In vum Conseil National des Femmes du Luxembourg (CNFL) confirméiert: „Psychesch Gewalt ass méi intensiv a méi onberechenbar. Se ass immens schwéier ze beweisen. Doriwwer hinaus geet dëst oft iwwert e laangen Zäitraum bedriwwen.“ D’Séverine Godard vun Infomann ergänzt: „Et zerstéiert ee lues a lues d’Persoun.“ D’Annette Michels vu La Voix des Survivantes wëll dem Public dofir en Tipp mat op de Wee ginn: „Maacht e Kampfsport fir u Selbstwäert ze gewannen!“ Laut him spieren d’Täter⋅inne wann en Affer sech onsécher spiert a kee Selbstwäertgefill huet. D’Esperanza huet och u Selbstwäertgefill gewonnen. Op d’Fro, wéi et fir hatt war als Affer vun haislecher Gewalt déi Roll ze spillen, déi och nach awer relativ no u senger Liewenssituatioun war, huet hatt ganz selbstsécher geäntwert: „Fir mech war et en therapeutesche Prozess. Zudeem koum och dass mäin Affekot mir matgedeelt huet, dass mäin Exmann seng Prozeduren fir d’Garde fir d’Kanner zeréckgezunn huet.“ Mat engem klenge Laachen huet et nach bäigefüügt: „Wou ech Kand war, hat ech gedreemt fir Schauspillerin, a wien hätt geduet, dass sech dat jeemools géif realiséieren.“
„Fir mech war et en therapeutesche Prozess. Zudeem koum och dass mäin Affekot mir matgedeelt huet, dass mäin Exmann seng Prozeduren fir d’Garde fir d’Kanner zeréckgezunn huet.“ – Esperanza Martin, Actrice
Ofschléissend huet de Ralph Kass vum MEGA nach de Centre national pour victimes de violences (CNVV) virgestallt: „De CNVV gouf dëst Joer opgemaach, ënnerstëtzt vum MEGA an ënnert der Gestioun vun der Croix Rouge. All Affer vu kierperlecher, sexueller oder psychescher Gewalt kritt hei gehollef. Eng multidisziplinär Ekipp bitt op enger Plaz psychosozial Ënnerstëtzung, medezinesch Assistenz, polizeilech Hëllef inklusiv Plainteopnam a juristesch Informatioun. Dëst soll de Wee vun de Betraffenen duerch eng ganzheetlech a professionell Prise en charge wesentlech verbesseren.“
Wann dir Zeien, selwer Affer oder eventuell Täter·in gitt, kënnt dir op de Site www.violence.lu goen. Hei fannt dir vill Informatiounen an Ulafsstellen. Am Noutfall ass et unzeroden d’Police ze ruffen. Sollt dir weider Froen zum Theema hunn, zéckt och net fir eisem Service à l’Égalité des chances et Diversité ze kontaktéieren (service.secd@suessem.lu oder 59 30 75 654).


