„Ech passe mech un d’Kanner un, net ëmgedréint“

All Joer bitt d’Gemeng Suessem interesséierte Jonken d’Babysitter-Formatioun un. D’Lëscht ass gutt gefëllt, also Grond genuch, iech e puer vun hinne virzestellen. Dës Kéier ass et um Caroline Hinterscheid, dat bei der Sessioun vun 2024 dobäi war a scho seng éischt Erfarunge sammele konnt.

En Donneschdeg Nomëtteg am Berto, net wäit ewech vum Gemengenhaus, sëtze mir mat engem Kaffi, d’Caroline mat engem frësche Croissant a Cappuccino. „Ech si gären ënner Leit, och wann ech genee sou gär eleng a menger Kummer sinn,“ seet hatt a grinst. D’Caroline ass 17 Joer, war de Moment vun eisem Gespréich op enger 2ième G am Lycée Hubert Clément an hat sech aus diverse Grënn fir d’Babysitting-Formatioun vun der Gemeng ugemellt.

„Wéi ech de Bréif vun der Gemeng krut, sot mäi Papp direkt: ‚Oh, dat ass cool, dat schued näischt!‘ Fir mech war et vun Ufank u kloer, dass ech dat wéilt maachen. Eng Frëndin war och motivéiert, also stoung d’Decisioun séier fest.“

Am Eeschtfall richteg reagéieren

D’Formatioun op der Gemeng war fir hatt eng wichteg Grondlag. „Mir hunn am meeschten iwwer d‘Sécherheet geschwat: Wat maachen, wann e Kand sech verschléckt? Wéi geet een ëm mat Allergien? Wat wann eppes geschitt, wann ee mat de Kanner dobausse spillt? Vill Saachen, déi ee vläicht mengt, schonn ze wëssen, gi kloer erkläert. Och an der Praxis.“ Trotzdeem fir d’Caroline villes eng Widderhuelung, well hatt d’Theorie schonn an der Schoul an am Bio-Kurs mat Poppe geüübt hat.

Seng éischt Babysitting-Erfarung huet hatt bei der Famill vun der beschter Frëndin gemaach. „Ech hat virdrun natierlech scho mol op mäi klenge Brudder opgepasst, mee do muss ech net sou zimperlech sinn“, seet hatt a laacht. „Well ech d’Famill kennen, war de Kontakt ganz einfach. Si hu mer gesot, op wat ech oppasse soll, wéini hien an d’Bett geet, wat mir kucken dierfen … et war alles kloer ofgeschwat. Mir hunn Iesse bestallt an zesumme giess. Duerno hunn ech hien an d’Bett geluecht.“

D’Caroline passt an Zukunft op e Kand mat enger geeschtlecher Behënnerung op. „Eng Frëndin vu menger Mamm hat mech op der Lëscht entdeckt a gefrot, ob ech mir kéint virstellen, op hire Jong opzepassen. Hien ass 11 Joer al, versteet alles, schwätzt awer net. Hien notzt en iPad fir ze kommunizéieren an huet och gewësse Gesten, duerch déi hie sech ausdrécke kann“, seet d’Caroline an hieft seng Hand.

Gemeinsamkeete verbannen

Déi 17-Järeg Schülerin huet sech am Virfeld zweemol mam Jong an der Mamm getraff, eng Kéier war och eng Educatrice dobäi, mat där hatt sech austausche konnt „Hie gëtt granzeg, wann een hien net direkt versteet. Da muss een him Zäit ginn a Gedold hunn. Mee et war direkt eng gutt Verbindung do. Hie séngt gär a spillt Piano – an ech och! Also hu mir direkt Gemeinsamkeete fonnt. Dat verbënnt natierlech.“

Op d’Fro, wat hatt Eltere géif roden, wann si e Babysitter sichen, huet d’Caroline eng kloer Äntwert: „Ech géif ëmmer proposéieren, sech am Viraus eng Kéier ze gesinn. Dann erkennt een direkt, ob d’Vertrauen do ass, ob et mat de Kanner passt an et gëtt eng Méiglechkeet, wichteg Detailer ze klären.“

Mat vill Leidenschaft dobäi

Fir d’Caroline ass Babysitten net just eng Aarbecht, mee eppes, wat hatt mat vill Leidenschaft mécht. „Ech fannen et schéin, wéi sech op deem Wee Connectioune bilden. Wann d’Kanner Spaass mat dir hunn, dat ass ee flott Gefill.“ A firwat net spéider engem Beruff mat Kanner nozegoen: „Joffer oder een Job am Centre de Logopédie – dat kéint ech mir gutt virstellen.“

Dir wëllt d‘Caroline als Babysitter engagéieren? Hei geet et bei säi Kontakt an eis komplett Babysitter-Lëscht.

You don't have permission to register