E brillante Geescht vun Zolwer

Mat eréischt 19 Joer beandrockt de Moritz Rohner duerch seng Maturitéit, seng Rou an duerch ee ganz aussergewéinleche Parcours. Gebuer an opgewuess an der Cité Kauffmann zu Zolwer, huet hie sech elo schonns en Numm ënnert de villverspriechendste jonke Geeschter am Land gemaach. De Moritz huet et nämlech fäerdeg bruecht, fir am Fréijoer 2025 seng Première mat der beschtméiglecher Moyenne vu 60/60 am Escher Jongelycée ze maachen.

Natierlech huet hie sech domat och als beschte Schüler vu senger Promotioun ervirgedoen – eng Leeschtung, déi nëmme ganz wéineg Leit erreechen, an déi hien trotzdeem mat enger bemierkenswäerter Bescheidenheet unhëlt: “Ech war net wierklech drop fixéiert, dëst Resultat onbedéngt ze erreechen. Natierlech sinn ech houfreg drop, mee et ass virun allem e schéinen Nieweneffekt vun eppes, wat ech souwisou mat grousser Freed maachen.”

Vu klengem u begeeschtert

De Moritz huet d’Sektioun B – Mathematik an Informatik – gewielt. Scho vun engem ganz jonken Alter un huet hie sech fir Logik, Zuelen an d’Gesetzer vun der Physik begeeschtert. Säi Lycéesparcours huet hien esouguer ee Joer virzäiteg ofgeschloss, nodeems hien d’3e iwwersprongen hat. Hien erënnert sech gären un dës Joren zeréck, an deenen sech seng Liblingsfächer ëmmer méi kloer erauskristalliséiert hunn.

Bis op 4e waren d’Coursen nach ganz breet gefächert, besonnesch duerch d’Sproochen, d’Latäin oder och déi méi allgemeng Wëssenschaften. Ab 4e ass den Unterrecht méi spezialiséiert ginn: fir mech waren d’Mathematik an d’Physik ëmmer déi spannendst Beräicher, dofir war ech dacks dem Programm e gutt Stéck viraus.

Zanter leschtem Hierscht studéiert de Moritz op der ETH Zürech, enger vun de renomméiertsten Universitéiten an Europa, wou hie säin éischt Joer an der Physik ugefaangen huet. An der Schwäiz entdeckt hien elo nei mathematesch Usätz oder him nach friem Konzepter, déi säi Virwëtz a säi Wëssensduuscht weider fërderen.

Familiär Wuerzelen an ee kompetitive Geescht

Als Jong vun engem Enseignant aus der Déifferdenger Technikschoul ernimmt de Moritz mat grousser Dankbarkeet den Afloss vu sengem Papp : “Hien huet mech scho ganz fréi un d’Physik, d’Informatik an d’Codéieren erugeféiert. Mäi Papp huet mir gewisen, wéi een d’Disziplinne matenee verbanne kann, a virun allem huet hien mir bäibruecht, wéi ee sech selwer Wëssen uneegne kann.”

Parallel zu senger exzellenter schoulescher Leeschtung huet de Moritz sech och op internationaler Bün ervirgedoen, andeems hien direkt un enger Rei vu wëssenschaftlechen Olympiaden deelgeholl huet – an der Physik, an der Chimie souwéi am Kader vum Concours Jonk Fuerscher. Dës Kompetitioune hunn hien a vill Ecker vun der Welt geféiert: vu Riga iwwer Tokio op Dallas, bis a Saudi-Arabien, op Dubai, a Georgien oder nach op Taipeh. Dës Erliefnisser – esouwuel op intellektuellem wéi och op mënschlechem Plang – hunn de jonke Mann vun Zolwer nohalteg gepräägt:

Dës Olympiaden hunn mir vill bruecht – net nëmmen op wëssenschaftlechem Niveau. Ech hunn do Jonker aus der ganzer Welt kennegeléiert a schéi Frëndschafte geknäppt, och wann et natierlech méi schwéier ass, dës iwwer Distanz ze erhalen.

Trotz dësem intensiven a beandrockende Parcours bleift de Moritz mat zwee Féiss um Buedem. Als Museker huet hien den Escher Conservatoire ofgeschloss an iwwer Joren d’Posaun an der Zolwer Musek gespillt. Haut, wann hien net grad un enger Gläichung oder un engem Universitéitsprojet schafft, kann een hien op de Vëlosweeër ronderëm de wonnerschéinen Zürecher Séi begéinen – senger neier Heemecht, wou hien e Kazesprong vu senger Schoul ewech eng Wunneng mat engem fréiere Lycéeskolleeg deelt : “Eleng ze liewen – oder bal eleng – ass eng nei Etapp. Mee ech si ganz zefridden mat mengem Start, an Zürech bitt en ideale Kader, fir ze studéieren a sech weider ze entfalen.”

Eng Zukunft voller Verspriechen

Och wann de Moritz säi beruffleche Wee nach net bis an den Detail festgeluecht huet, zeechent sech schonn eng kloer Richtung of. Säin Dram? Enges Daags theoretesch Physik ze enseignéieren an d’Geheimnisser vum Universum nach méi déif ze erfuerschen.

Eng Kéier eng Professur ze hunn, dat wier natierlech immens flott, mee de Wee dohinner ass nach laang,

seet hien dobäi mat vill Bescheidenheet.

Fest an senger Gemeng verankert, bleift de Moritz staark mat Zolwer verbonnen – sengem Elterenhaus, senge Frënn a senge Wuerzelen. Säin exemplaresche Parcours weist op beandrockend Aart a Weis, wéi Passioun, Virwëtz an Duerchhalverméigen Dieren zu neien Horizonter opmaache kënnen. Et besteet keen Zweiwel drun, datt de Moritz Rohner och an Zukunft op der ganzer Welt ee exzellenten Ambassadeur fir eis Gemeng wäert sinn.

You don't have permission to register