Den Heemwee vum Steen

Den 21. Juni 2025 huet den artistesche Kollektiv DKollektiv d’Leit op eng aussergewéinlech Rees duerch d’Geschicht vum Biergbau vum Süden invitéiert. Um Wee vum Steen, deen 2024 um Gaalgebierg zu Bieles ageweit gouf, hunn d’Participant·innen d’Urspréng vun de Minettsteen duerch eng immersiv an artistesch Presentatioun entdeckt.

Vum Site vum ale Silo aus ass sinn d’Leit zesumme mat Erzielunge vum DKollektiv déi eenzel interaktiv Statiounen ofgaangen. Nolauschteren, upaken a selwer entdecke stoungen de ganze Wee iwwer um Programm. D’Promenad huet vu Reschter vum industrielle Prozess bis zeréck op d’Quell vun der Exploitatioun gefouert an huet säin Ofschloss an enger klanglecher a skulptureller Performance fonnt, als Hommage un de roude Steen an un d’Mënschen, déi en deemools ofgebaut hunn. Endstatioun war d’Carrière Nardecchia 2, fir dës interaktiv Promenade gemeinsam ofzeschléissen.

Dës artistesch Experienz ass Deel vun engem méi grousse Projet fir d’Bierg- an Industriegeschicht ze valoriséieren. 2024 hat d’Gemeng Suessem am Kader vun Esch2022 de Wee vum Steen ageweit, fir de Site vum fréiere Concasseur um Gaalgebierg ervirzehiewen. Dëse war bis 1971 a Betrib, gouf spéider restauréiert, fir an den neie Parcours integréiert ze ginn. Haut läit en am Häerz vun enger Natura 2000-Zon an erzielt de Wee vum Minett bis bei déi al Fërderketten, déi de Stoluewen gefiddert hunn.

Klickt hei fir iech duerch eis Fotoen ze klicken.

You don't have permission to register