Aus éischter Hand

BabyPLUS ass ee Service vun der Gemeng an dem Office Social Suessem an Zesummenaarbecht mat der Initiativ Liewensufank. Mir haten d’Ana Ribeiro, wat mat hirer Famill de Service an Usproch geholl huet, am Interview.

Wéi sidd Dir op de Service BabyPLUS opmierksam ginn?

D’Gemeng Suessem huet eng Kollaboratioun mat der Initiativ Liewensufank. Déi huet eis e Bréif mat verschiddenen Infoen zum Service geschéckt. Doropshin hunn ech BabyPLUS kontaktéiert, mee et huet sech och ee bei mir zeréckgemellt, wéi ech de Bëbee bis krut.

Wéi war den éischte Kontakt mat hinnen?

Ech hat en immens positiven éischte Kontakt. Ech krut de Service erkläert, awer och, wat d’Initiativ Liewensufank nach esou proposéiert. D’ Katrin war immens empathesch mat mir a konnt mech vun Ufank un „berouegen“. Ech hu mech zanter dem éischte Rendez-vous a menge Froen an Ängschte verstane gefillt. Obwuel ech vun Ufank un och eng Hiewan hat, hunn ech mech entscheet, nëmmen nach op de Service BabyPLUS zeréckzegräifen, well ech mech bei hinne besser opgehuewe gefillt hunn.

Wéi eng Ënnerstëtzung hutt Dir konkret ugebuede kritt?

D’Katrin vu BabyPLUS huet proposéiert, dass mir eis e puer mol bei mir doheem gesinn, fir iwwer de Puppelchen, mech selwer, meng Zweifelen, meng Erfarungen, meng Gefiller, dem Bëbee seng Besoinen asw. ze diskutéieren. Ech krut och konkret Rotschléi, wat d’Consultatioun vun anere Professionellen ubelaangt, wéi z. B. Osteopathen, awer och iwwer verschidde Materialien, déi ee bräicht oder gebrauche kann (z. B. Puckschlofsak oder Nasensauger am Fall vu mengem Bëbee). Ech ka mäi Bëbee och weie loossen, sou dass ech säi Gewiicht ka verfollegen, och wann ech net bei de Pediater war. D’Katrin ass och ausserhalb vun eise physeschen Treffen disponibel iwwer Telefon oder SMS z. B., falls ee Froen hätt, déi z. B. net bis den nächsten Termin kënne waarden. Konkret géif ech mengen, dass ech eng „all inclusive“ Ënnerstëtzung fir mech selwer, de Bëbee an allgemeng eis Famill ugebuede kréien. A virun allem fannen ech, dass mir eng psychesch Stütz proposéiert kréien, déi ganz wichteg an der éischter Zäit mam Bëbee ass.

Wéi laang sidd Dir vum Service BabyPLUS betreit ginn?

Ech ginn zanter Oktober 2024 vum Service betreit a ginn et och nach weiderhinn.

A wéi enger Hinsicht huet Iech de Service BabyPLUS mat Ärem neigebuerene Puppelche respektiv an dëser neier Etapp vun Ärem Liewe gehollef?

Ech war am Ufank moralesch leider guer net gutt drop an ech hat awer och immens Zweifel, wéi ech mat mengem Puppelche sollt ëmgoen – wat richteg oder falsch, oder wat „normal“ ass oder net. Dozou kënnt, dass een sech an der Mass vun Informatioune vu Famill, Kolleegen, Internet, Bicher asw. verléiert an de Buedem ënnert de Féiss verléiert. Meng „Madamm“ vu BabyPLUS huet mir an deem Sënn gehollef, dass si mir nogelauschtert huet, mech erof bruecht krut, kloer meng Besoine verstanen huet a mir konkret Äntwerte konnt ginn, ouni mech ze jugéieren an och ouni eng universell Richtung ze ginn. Si huet mat mir zesummen all méiglech Léisungen a Pisten duerchgeholl. Et deet och einfach gutt, mat hir iwwer mäi Puppelchen a meng Experienzen ze schwätzen. Et erlaabt engem, manner onsécher duerch déi Etapp vum Liewen ze goen an sech net eleng ze fillen!

Géift Dir anere schwangere Fraen/Mammen de Service BabyPLUS weiderempfeelen a wa jo, firwat?

Definitif géif ech de Service weiderempfeelen! Ech kenne mëttlerweil e puer Leit, déi de Service notzen an sech och zefridde spieren. Ech fannen, dass hir Leit professionnell an ethesch korrekt sinn (sech de verschiddene Kulturen och upasse bzw. probéieren ze verstoen), mee och einfach wierklech nolauschteren.

Zousätzlech perséinlech Umierkungen?

E grousse Merci un d’Katrin. Ech ka mech méi ewéi glécklech schätzen, dass hatt duerch dee Service an eist Liewe getrueden ass an eis esou gutt ënnerstëtzt!

Fir weider Informatiounen oder fir e RDV bei der Initiativ Liewensufank auszemaachen, kënnt dir entweder eng Noriicht um Repondeur (36 05 97-30) hannerlooss, eng Mail schreiwen (babyplus@liewensufank.lu) oder iech hei aschreiwen.

You don't have permission to register