Dem Timo Wagner seng éischt Léift war de Sport – sech auspoweren an dat bescht aus sech selwer eraushuelen. Ma schonn deemools war d’Iddi vun der Schauspillerei a sengem Kapp. Haut geet hie mat grousser Disziplin a Sensibilitéit un all seng Rollen erun. An hie weist, dass sech Courage an Neiorientéierung lounen.
Et war keng Bün, mee eng Sportshal, wou dem Timo Wagner seng éischt Passioun entstanen ass. Als Kand huet hien Dëschtennis op héijem Niveau gespillt, war am Kader an ass spéider iwwer d’Liichtathletik beim Stabhéichsprong gelant. Et war eng Zäit voller Disziplin, voller Ambitioun – mee och mat vill Drock. „Kanner a Leeschtungssport, dat ass schonn haart“, erzielt hie wärend eisem Gespréich bei guddem Wieder op enger Terrass zu Esch.
Den Timo huet geléiert, wéi et ass, sech duerchzebäissen, seng Grenzen ze iwwerwannen a wéi e sech duerchkämpfe muss, wann Zweifel opkommen. Eng Verletzung an Differenze mat der Federatioun eng Paus vum Sport op héijem Niveau gefuerdert. Differenze mat der Federatioun vum Pingpong hunn dozou gefouert, dass den Timo de Sport gewiesselt huet. „D’Verletzung huet dem Stabhéichsprong ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach.“ An där Paus hëlt hien den Entschloss geholl, en anere Wee anzeschloen. „Ech hu scho wärend deem mat der Schauspillerei ugefaangen, mee den entscheedende Moment war, wéi ech eemol heem komm sinn a sot, dass ech Schauspiller wëll ginn.“ D’Reaktioun vun den Elteren? „Ganz gutt, mäi Papp sot: ‚Wann s de dat méchs, dann awer och richteg‘“, erënnert den Timo sech zeréck. „Si stounge schonn ëmmer hannert mir – hannert eis.“ Den Timo huet 2 Geschwëster.
Duerch ee Bekannte vun den Elteren ass eng nei Dier opgaangen. Déi Bekannte war d’Joffer Yvonne, d’Cousine vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Jean-Paul Maes. „Sou sinn ech mat him a Kontakt komm. En huet mäi Papp gefrot, wéini ech da laanscht komme kéint, dass e mech kenneléiert. Ob mir deen an deen Dag géif goen. Mengem Papp seng Äntwert: ‚Ma dann hëlt e sech Zäit.‘ Dat hat de Jean-Paul beandrockt“, seet en a laacht. Ech hunn Dictiounscoursen an Arts dramatiques gemaach. Dat war mäin éischte Kontakt mat der Theaterwelt – virdru war ech vläicht een- oder zweemol am Theater.“
Trotz Réckschléi koum de Succès
Säi weidere Wee war ee laangen, annerhallef Joer ass hie vu Schauspillschoul zu Schauspillschoul an Däitschland gereest. „Ech hat keng Erfarung mat Auditiounen, dat war spannend a gläichzäiteg beängschtegend. D’Ae sinn all op dech gericht. Du sëtz an engem klenge Raum mat enger Bün an 20 anere Schüler, déi och iwwerzeege wëllen.“ Am Beruff selwer hat hee schon een Abléck kritt, ma den Timo ass schlussendlech néirens ugeholl ginn. „Ech krut dacks gesot, dass ech Techniken hätt, déi een net méi ännere kéint.“ De Probleem dobäi ass: D’Schoule wëllen e wäisst Blat, eng Persoun, déi si forme kënnen no hirem Stil. Do huet den Timo net eragepasst. Trotzdeem gëtt den Timo net op. Hie kënnt zu Paräis bei enger privater Schoul ënner a kann esou säi weidere Wee goen – mat Succès. Haut schafft hien un Theaterstécker, Serien, Filmer an u sech selwer. „Ech begrenze mech aktuell net nëmmen op d’Schauspillerei, och wann ech dee Beruff iwwert alles gär hunn.“ Dozou komme mer nach.
„Do erënneren ech mech un eppes: Ech war deen an de Kino kucken. Nom Film si mer aus dem Sall komm an ech sot, dass ech dat do och kéint!“ – Timo Wagner
Hien huet a lëtzebuegresche Stécker gespillt. Seng éischt markant Roll a Rabonzel krut hien op Ëmweeër: „Den Hexemeeschter ass ofgesprongen. Dat war de Luc Schiltz (Haaptroll an der Lëtzebuerger Serie Capitani, wou den Timo och matgespillt huet, d. Red.), bei deem et dann awer net geklappt huet, wlel en zäitgläich en anere Projet hat. Aplaz dass eng nei Persoun gesicht gëtt, war ech esou kéng a sot ‚huel mech‘.“ Riicht eraus ze sinn bezillt sech aus. Den Timo kritt d’Roll.
D’Léift zum Detail
Ob op der Bün oder virun der Kamera: Fir den Timo zielt d‘Detailaarbecht. A Läif a Séil huet hie säi Personnage, nieft der Kierperlechkeet an der Stëmm, déi hee verännert hat fir d’Roll, sou konzipéiert, dann dësen ni blënzelt – mat eenzeger Ausnam déi Momenter, an deenen de Charakter un d’Zweifele kënnt. An der Serie Marginale huet hie sech intensiv an d’Roll vum Personnage Leon Clemens versat „Zesumme mam Regisseur Loïc Tanson sinn mir iergendwann mat der Iddi komm, dass de Leon eng gewësse Form vun Autismus kéint hunn. Dat gouf genee esou ugeholl an ech konnt et ëmsetzen“ Den Timo spillt seng Rollen net just, hie setzt sech intensiv mat hirem Charakter a wéi hie wëll, dass de Public se wouerhëlt, auserneen. Dofir leet hien esou ee grousse Wäert op d’Zesummenaarbecht mat de Regisseur·innen a Schrëftsteller·innen, déi un der jeeweileger Produktioun bedeelegt sinn.
Den Timo lieft fir seng expressiiv Säit – Personnagen ewéi déi vum Heath Ledger als Joker an The Dark Knight, war eng vun den Inspiratiounen, wéi hien déi éischt Schrëtt a Richtung Schauspillerei gemaach huet. „Do erënneren ech mech un eppes: Ech war deen an de Kino kucken. Nom Film si mer aus dem Sall komm an ech sot, dass ech dat do och kéint!“ Hie fänkt un ze laachen.
Gebierteg vun Zolwer, wunnt den Timo mëttlerweil an enger vun eisen Nopeschgemengen. „Meng Eltere liewen nach ëmmer an deem Haus, an deem ech opgewuess sinn.“ Och wann et e mëttlerweil an eng aner Uertschaft verschlofen huet, bleift Zolwer seng Heemescht. „De Max Gindorff kennen ech vun hei. Elo dëst Joer hu mer vu Januar bis Abrëll 2025 zesumme geschafft.“ Eng immens schéi Renconter, well ee sech esou laang aus den Ae verluer huet. „Et ass witzeg, dass een an där nämmlechter Gemeng grouss gëtt, am nämmlechte Beruff dann awer komplett verschidde Weeër geet, an dann nees sou zesumme fënnt.“
Neie Projeten an der Maach
Géinter Enn vun eisem Gespréich gëtt den Timo eis en Abléck a seng nächst Projeten. „Aktuell schaffen ech un engem Projet, fir Kannermärercher ze schreiwen.“ Wéi scho virdrun erwänt – den Timo wëll sech konstant weiderentwéckelen an ass oppe fir Neies. Déi Märercher kéinte spéider souguer op der Bün an Zeen gesat ginn. „Da stoung rezent nach eng Zesummenaarbecht mam Max Gindorff un, do weess ech awer nach net, wéini dee Film am Kino ze gesinn ass. Een neie Projet mam Regisseur Loïc Tanson ass och an der Maach.“ Ganz spannend Projeten, déi den Timo sou ganz niewebäi erwänt „Säit Jore steet d’Iddi vun engem Biopic iwwert ee lëtzebuergesche Sportler am Raum.“ An déi Roll géif den Timo, als fréiere Leeschtungssportler, natierlech iwwerhuelen.
„Ech begrenze mech aktuell net nëmmen op d’Schauspillerei, och wann ech dee Beruff iwwert alles gär hunn.“
Wat hien da léiwer hätt – Theater, Film oder Serie – äntwert de Schauspiller, dass jo alles seng Vir- an Nodeeler hätt. „Am Theater hues de eng Routine, du hues och net sou laang Deeg. Am Film bass de dacks de ganzen Dag am gaangen, du verbréngs vill Zäit vun dengem Dréidag a Camperen. Dat ass bësse manner cool, wann ee vu januar bis Abrëll dréint an d’Wiederkonditiounen net déi bescht sinn. An awer huet dat eppes.“
Op d’Fro, ob hee sech hannert der Kamera gesäit, ass e mitigéiert. „Aktuell éischter manner. Ee wéi de Loïc Tanson, deen huet esou vill Wëssen, deen ass esou passionéiert a gutt an deem wat e mécht. Ech hunn och vill Wëssen, mee bei wäitem net dat doten.“ Hie mécht eng kuerz Paus, éier hie seng Äntwert weider elaboréiert. „Fir mech mécht e gudde Regisseur aus, dass hee seng Schauspiller versteet. A wéi verstees de se? Wann s de selwer eng Kéier ee waars“, seet hien. „Mee ech hu mëttlerweil och mat ville Regisseure geschwat, déi selwer ni Schauspiller waren a genee wëssen, wat se maachen a wéi se hir Acteure guidéieren.“