single-image

Vive Bob Bertemes !

De Kugelstéisser Bob Bertemes ass an Toppform. An Zäit vun enger décker Woch konnt de Sportler d’Lat fir sech selwer direkt e puer mol an d’Luucht setzen, woubäi all kéiers an engems den nationale Rekord geklommen ass. Freides, de 25. Januar 2019 war den Indoor-Championnat an der Liichtathletik an der Coque, an do hat sech de 24 Joer jonke Bielesser am Bommstoussen op 20,67 Meter verbessert an sech och den Titel geséchert. Den ale Rekord war zwee Joer al a louch 4 Zentimeter drënner.

Sonndes, den 3. Februar 2019 war et dunn de Rendezvous beim Indoor-Meeting zu Rochlitz an Däitschland. De Sportler vum CA Bieles konnt ganzer 18 Zentimeter méi wäit stousse wéi nach an der Coque an den nationale Rekord läit domat elo bei 20,85 Meter. Dat Resultat war duergaangen, fir op déi zweet Plaz beim Meeting ze kommen. Säi professionellt Trainingsëmfeld a säi gudden Encadrement maache sech bezuelt.

You may like