single-image

“Kasematten – Bergwerke” am Artikuss

De Jérôme Konen huet säi Kapp am léifsten ënnert dem Buedem oder ënner Waasser. De Fotograf an Auteur hat viru Jore säin Hobby zum Beruff gemaach, nodeems hie scho fir international renomméiert Publikatioune wéi den “National Geographic” geschafft hat, an hëlt säi Public zanter hier reegelméisseg mat op d’Rees op Plazen, wou een normalerweis net esou einfach hi kënnt. Seng aktuell Live-Show “Kasematten – Bergwerke” bleift de Spectateuren nach laang no der Presentatioun am Kapp hänken.

 

 “Et ass eng Multivisioun, well kommentéiert Sequenzen, musikalesch ënnerluechte Passagen a programméiert Sequenzen sech ofwiesselen an ech als Erzieler e Spannungsbou ronderëm opbauen. Et ass e Medium fir sech, an net ze vergläiche mat engem klassesche Film oder enger langweileger Diashow. De Public geet mat mir zesummen op Spuresich an erlieft, wéi ech virgaange sinn.” (J. Konen)

 

Schonn 2009 hat hie mat sengem éischte Buch “HÖHLEN – Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt” seng eegen Nisch geschaf. Beim Jérôme Konen treffen d’Passioun fir Hielen an déi artistesch Approche vun opwenneger, kënschtlecher Beliichtung openeen. Och iwwer d’Kasematten an d’Grouwen huet hie Bicher publizéiert. Alleng fir “BERGWERKE” gouf et eng 100 Sessioune mat iwwer 120.000 Fotoen, woubäi de Fotograf op verschiddenen Deeg méi Zäit am Däischtere verbruecht huet, wéi am Hellen.

 

 

“Am meeschten huet mech d’Eisenäerzgrouf Thillebierg impressionnéiert, déi zanter 1981 zou ass. D’Dimensioune si gigantesch. Et fiert ee kilometerwäit mam Auto eran, an egal wou een erausklëmmt, gëtt et Gäng an all Richtung, an och nach op dräi Niveauen. Et ass stackdäischter an och esou stëbseg, dass een d’Gefill huet et géing een erstécken. Et kritt een enorme Respekt virun der fréierer Aarbecht vum Biergmann.” (J. Konen)

Et gëtt esouguer eng Verbindung zu de Kasematten, well och zu der Festungszäit gouf et Eisenäerzminnen. Virun allem awer ass d’Stad ënnert dem Buedem plazeweis reegelrecht duerchzu vu Kasematten, an nëmmen e Brochdeel gëtt touristesch exploitéiert. De militäresche Verdeedegungssystem vun der Stad Lëtzebuerg huet seng ganz eege Faszinatioun fir de Jérôme Konen. Seng Live-Show an zwee Deeler bréngt faszinant Ablécker a Luucht an eng Welt ënnert dem Buedem, déi zum Lëtzebuerger Patrimoine gehéiert. Erlieft se de Mëttwoch, 20. Mäerz 2019 ëm 19.30 Auer am Artikuss.

You may like