single-image

“Jidderee soll sech hei wuel fillen” (N. Morgenthaler)

E Gespréich mat der Finanzschäffin Nathalie Morgenthaler a mam Buergermeeschter Georges Engel iwwer de Budget 2019.

 

Kann ee soen, dass eng Gemeng wéi e Stot gefouert gëtt?

G.E. – Dat ass net ganz falsch. An engem Stot kuckt een och, wéi eng Ausgaben een all Woch oder all Mount huet, z.B. Prêten, Assurancen an d’Iessen. An dann huet een déi extraordinär Ausgaben. Ier een en neien Auto keeft, muss ee virdrun e puer Sue spueren. Et lieft ee geméiss sengen Einnamen. Op der Gemeng ass et ähnlech. Mir kréie 47 Milliounen € vum Staat, an dann hu mer nach z.B. Einnamen iwwer d’Waasser- an d’Kanaltax. Déi Suen, déi mir erakréien, wëlle mir fir dat ausginn, wat d’Leit brauchen, fir hei uerdentlech kënnen ze liewen.

N.M. – Am Géigesaz zum Stot ass et bei der Gemeng awer net ëmmer esou previsibel. Zum Beispill wat d’Suen ugeet, déi mir vum Staat kréien, ënner anerem aus dem “Fonds de dotation globale des communes”. Regierungen änneren och a Subside bei Projete kënnen erop an erofgeschrauft ginn. Wann een de Verglach zitt, huet een am Stot vläicht méi Afloss drop.

 

Wann een nei am Gemengerot ass, muss een sech dann ufanks un déi héich Zomme winnen, mat deene geschafft gëtt?

G.E. – Dat hei war mäi 14te Budget. Dee war anescht wéi deen éischten, bei deem ech deemools nach geduecht hunn: dat si wahnsinneg Beträg. Ech hat och nach e Lëtzebuerger Frang ëmgerechent. De Respekt ass elo zwar nach ëmmer do, mee et ass eng aner Approche.

 

Wann dir d’Joer 2018 revuepasséiere loosst, steet den “Stot” dann haut besser do wéi virdrun?

N.M. – Mir verwalten eis Sue virsiichteg. Mir hunn och elo nach ëmmer eise Fonds de réserve vun 3 Milliounen € bäibehalen, un dee mir net dru ginn. An den ordinäre Recetten hu mir 2018 duerch e Plus aus dem Staatsfong fir d’Gemengen 4,2 Milliounen € méi erakritt, wéi geplangt. Am Extraordinären hu mir 940.000 € manner ausginn, wéi virgesinn. Verschidde Projete sinn och net ëmmer esou virugaangen, wéi mir wollten. De grousse Boni, deen doduerch entstanen ass, gëtt eis vill Méiglechkeeten.

 

D’Zil vun engem Betrib ass et, Benefice ze maachen. D’Zil vun enger Gemeng jo awer net.

N.M. – Den aktuelle Benefice war jo net esou geplangt. Eist Zil ass et, esou vill wéi méiglech fir d’Leit ëmzesetzen, an alle Beräicher. Jidderee soll sech hei wuel fillen. Dofir musse mir laangfristeg plangen.

G.E. – Mat der Hëllef vun eise Gemengeservicer probéiere mir ëmmer, realistesch Ziler ze setzen. 2018 hu mir leider just e Realisatiouns-Taux vun 52 % erreecht, ënner anerem duerch Autorisatiounen, déi net komm sinn. Dat ass net gutt.

 

D’Erfarung hëlleft wahrscheinlech, e Budget richteg anzeschätzen.

G.E. – Jo, mee souwisou huet ee Limitten duerch d’Zuel vu Leit, déi op der Gemeng schaffen, an d’Zäit déi een zur Verfügung huet. Mir haten déi lescht Joren eng aussergewéinlech Situatioun duerch zwee risegrouss Projete vun iwwer 30 Milliounen €, déi den extraordinäre Budget extrem opgeblosen hunn: d’Altersheim an d’Schoul um Belval. D’Aarbechte fir d’Schoul hätten zwar scho viru 4 Joer kënnen ufänken, mee mir hunn elo de richtege Moment ofgewaart fir prett ze sinn, wann d’Masse critique do ass. Eis ass et wichteg, dass et Schratt fir Schratt geet. De Belval ass e gutt Beispill fir d’Kanaliséiere vum Wuesstem, fir dass Wunnraum entsteet, un deen och Aarbechtsplazen a Fräizäitaktivitéite gekoppelt sinn. D’Leit, déi dëse Wuesstem alt emol kritiséieren, géing ech invitéieren, eng kéier 20 km südlech mat kucken ze goen, wéi et do mat Schoulen a Sport- a Kulturinfrastrukturen ausgesäit.

N.M. – De Kader fir déi grouss Visioun hannendrun ass eise Koalitiounsprogramm, deen och an den neie PAG mat agefloss ass. Mir ginn eis 6 Joer, fir dat ëmzesetzen.

 

De Budget ass e wichtegt Instrument, fir politesch ze gestalten. Wéi geet een e Budget an der Praxis un?

G.E. – Eis Servicer schaffe vum Juni/Juli un um Budget vum nächste Joer. Am Oktober gëtt dann am Schäfferot iwwer d’Projete gekuckt. Wann de Bilan gemaach ass, wat ënnert dem Stréch gebraucht gëtt, gëtt gekuckt, wéi vill Sue mir vum Staat kënne kréien. Wat gemaach gëtt a wat net, hänkt da vun eise Prioritéiten of. Mir missten eis awer, nodeems de Budget am Dezember gestëmmt ass, och wärend dem Joer méi dacks dra knéien. Well et gesäit een doduerch vill éischter, ob e Projet iwwerhaapt leeft an een d’Sue kann ausginn.

Vun engem Deel vun der Oppositioun gouf et Kritik um Käschtendeckungsprinzip. Wourëms geet et dobäi?

N.M – De Grondprinzip ass, dass d’Servicer vun enger Gemeng net méi deier solle sinn, wéi dat, wat als Géigepartie erakënnt. Beim Offall a beim Waasser z.B. huet eng Gemeng d’Méiglechkeet, Suen duerch Taxen eranzekréie fir d’Onkäschte wéi Personal a Material ofzedecken. Beim Waasser ass et vum Staat wéinst nohaltege Critèren, wéi dem Pollueur-payeur Prinzip, imposéiert. Eise Wonsch wier et do eng Staffelung anzeféieren, sou dass en Deel gratis wier an de grousse Verbrauch méi héich taxéiert géing ginn. Et gëtt awer Beräicher, déi eis méi wert si wéi dat, wat si erabréngen, dorënner de Sport an d’Kultur.

 

Dir hutt bei der Budgetspresentatioun gesot: “Gouverner, c’est prévoir”. Wou fënnt een d’Handschrëft vun engem laangfristegen Investitiounsplang am Budget 2019 erëm?

N.M. – An de Beräicher Schoul, Mobilitéit a Logement fënnt een nëmmen zukunftsträchteg Projeten a mir decken alles of, wat laangfristeg muss ofgedeckt ginn. Trotz héijen Investissementer vun 60,2 Milliounen € am Extraordinären, steigt d’Pro-Kapp-Verschëldung net massiv. Si läit bei der aktueller Awunnerzuel Enn 2019 bei 1.063 €, wat absolut ze vertrieden ass.

G.E. – Ech sinn och der Meenung, dass ee grouss Investissementer, déi fir e puer Generatioune geduecht sinn, muss iwwert e Prêt bezuelen. Et huet kee Sënn sech elo anzeschränken, fir ee grousse Projet aus der Keess ze bezuelen. Eng Schoul baut ee jo z.B. fir 50-100 Joer. Firwat soll een déi net kënne mat engem Prêt iwwer 20 Joer ofbezuelen? Mir hunn ni gezéckt fir wichteg Investitiounen ze maachen. Mir hunn zum Beispill de grousse Kraaftakt gemaach, fir all d’Schoulen ze renovéieren, an et ginn och nach neier gebaut. Et gëtt vill Gemengen, déi anescht gehandelt hunn an elo hannendru lafen.

N.M. – Mir fleegen och déi Saachen, déi een net direkt gesäit. Et gëtt vill an de Kanal investéiert, ënner anerem fir dass et zu Suessem net méi zu Iwwerschwemmunge kënnt. Trotz steigende Personalkäschten hale mir och nach um Altersheim fest, obwuel dat an anere Gemengen anescht ass. Wat de soziale Wunnengsbau ugeet, hu mir grouss Projete mat der SNHBM (Société Nationale des Habitations à Bon Marché).

 

Gëtt ee vun de Leit och op bestëmmten Ausgaben ugeschwat?

G.E. – Wa konkret Beträg bis am Gemengerot gestëmmt ginn, jo. De Leit ass d’Komplexitéit vun de Projeten awer och net ëmmer bewosst. Et géing ee jo net mengen, dass en neie PAG 500.000 € géif kaschten. Mä och deen ass esou villsäiteg, dass et net einfach duer geet ze soen: “Do baue mir an do net”.

N.M. – Jidderee gesäit ëmmer dat, wat hie selwer betrëfft. Déi eng schlofe just hei a ginn auswäerts schaffen, anerer sinn am Gemengeliewen an an de Veräiner agebonnen. Eis Roll ass et, fir jiddereen do ze sinn an en Ausgläich ze schafen. Mir hunn dofir och d’Decisioun geholl, d’Biergerbedeelegung ze verstäerken, fir dass bei der Planung Saache kënne berécksiichtegt ginn, déi mir vläicht vergiess hunn.

 

Nom Budget ass virum Budget. Wat sinn Ärer Meenung no déi grouss Defien an den nächste Méint a Joren, wann et ëm d‘Gemengefinanze geet?

N.M – Grondsätzlech muss den Iwwerschoss am ordinäre Budget grouss genuch bleiwen, fir dass mir am extraordinäre Budget mat deene Sue kënne schaffen. De Käschtendeckungsprinzip beim Waasser ass e grousse Chantier, un deem mir schaffe mussen. Mir mussen och am A behalen, dass d’Recette vun der Mülldeponie an der Héicht vun 1,5 Milliounen € iergendwann ewechfalen.

G.E. – Mir krute bis ewell ëmmer méi Sue vum Staat, wéi ursprénglech am Circulaire stoungen. Wann de PIB erof geet, da kréien d’Gemengen awer och manner a mussen sech upassen. Als Beispill: d’Paie maache bei eisen ordinären Depense 44 % aus. Do hu mir Loft no uewen, fir kënnen ze reagéieren. Wat mir awer Kappzerbrieches mécht, dat ass fir den Entretien vun eise Gebaier ëmmer um neiste Stand ze halen. Haut leeft villes iwwer Contrats d’entretien, well alles héichtechnologesch ass. Déi Firme bestëmmen de Präis, well een d’Wartung net selwer ka machen. Et mécht een sech ofhängeg vun deene Fournisseuren.

 

You may like