ËWK Mäerz: Studio Polenta

Fir den Ëmweltkalenner 2021 si mir eng Kooperatioun mat 12 Illustratoren agaangen. D’Virgab un d’Kënschtler war eleng déi, sech op eng perséinlech Manéier mam Theema Ëmweltschutz ausenanerzesetzen. Dat ganzt Joer iwwer stelle mir Iech am kuerz&knapp. d’Mënschen an d’Geschichten hannert den Illustratioune vir.

Wien ass Studio Polenta?

Studio Polenta ass e modernen Design-Studio, deen am Summer 2013 gegrënnt gouf. Déi visuell Identitéiten, digital Konzeptiounen an innovativ Print-Aarbechte sinn hiert Markenzeechen, an dat fir Projeten am kommerziellen, kulturellen awer och am institutionelle Beräich. Nodeems Studio Polenta ursprénglech vum Annick Kieffer a Rock Tonizzo an d’Liewe geruff gouf, gëtt de Studio säit Ufank 2020 vum Annick, zesumme mat der directrice artistique Sara Giubelli, geleet.

Annick Kieffer, Design director/ Grënnerin

D’Annick Kieffer ass eng lëtzebuergesch Designerin, déi hir Etuden zu Stuttgart (Design) an op der Fachhochschule zu Tréier (Kommunikatiounsdesign) ofgeschloss huet. No hiren éischte Stagen an Erfarungen an der Aarbechtswelt, huet si 2013 zesumme mam Rick Tonzzo Studio Polenta gegrënnt.

Sara Giubelli, Art director

D’Sara Giubelli ass eng Designerin aus dem italienesche Ferrara. No hiren Etuden zu Mailand a Venedeg, huet si eng Rëtsch Stagen an Italien a Groussbritannien gemaach. 2013 huet et si dunn op Lëtzebuerg verschloen, wou si ugefaangen huet fir Maison Moderne ze schaffen. Säit dem Hierscht 2016 ass si bei Studio Polenta, wou si als directrice artistque fungéiert.

E puer Wierder iwwert d’Illustratioun…

“D’Theema vun der Klimaerwiermung ass säit Joren aktuell a läit eis och immens um Häerz. Mir hunn eis dofir fir de Mount Mäerz entscheet, de Mount mam Fréijoersufank, mam neien Zyklus deen da rëm ugeet. Et war eis wichteg ze weisen, datt mir duerch de Klimawandel riskéieren eis Joreszäiten ze verléieren an datt deementspriechend d’Fréijoer kéint verschwannen. All Mënsch ka mat klenge Gesten hëllefe géint déi global Äerderwiermung ze kämpfen. #DontLetItHappen ass also en Opruff fir d’Fréijoer ze retten.”

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

You don't have permission to register