single-image

ArtEvents am Mäerz

Am Mäerz gëtt et eng Partie kulturell Highlighten am Artikuss.

De Fotograf an Éditeur Jérôme Konen mécht mat senger Live-Show “Kasematten – Bergwerke” Statioun um Scheierhaff. Den 20. Mäerz 2019 kritt de Public en Abléck an d’Welt ënnert dem Buedem, souwuel an déi ënnerierdesch Gäng ënnert der Stad Lëtzebuerg wéi och an d’Minnen, an deene fréier de Räichtum vum Grand-Duché ënner schwierege Konditiounen erschafft gouf. De Jérôme Konen proposéiert keen einfache Virtrag, mä eng Multivisioun mat faszinante Biller, duerch déi een an d’Exploratioun mat eragezu gëtt. Hei fannt Dir weider Informatiounen..

Fir d’Festivitéite ronderëm hire 50ten Anniversaire ofzeschléissen, invitéieren Iech d’Zolwer Spatzen de Sonndeg, 24. Mäerz 2019 op e flotte Concert. Deen Dag ginn är Oueren awer net nëmme vun hirem Gesang verwinnt, mee och vum bekannte lëtzebuergesche Jongechouer Pueri Cantores, deen Iech en interessante Programm presentéiert. Duerno gëtt den Nomëtteg zesumme bei engem gudde Patt Wäin ausklénge gelooss. Den Entrée ass fräi.

Den Ensemble SahneMixx proposéiert de Sonndeg, 31. Mäerz 2019 eng emotionell Zäitrees, déi mat vill Léift zum Detail “Das Beste von Udo Jürgens” feiert. Déi gréisst Hits vum éisträichesche Museker gi leidenschaftlech an op eng authentesch Manéier live gespillt, ënner anerem vu fréiere Bandkollegen a Museker vun der renomméierter Pepe-Lienhard-Band. SahneMixx gouf 2005 an 2010 mam “Deutscher Rock+Pop Preis” ausgezeechent an huet sech als Nummer 1 ënnert den Udo-Jürgens-Showen etabléiert. Erlieft déi grouss Hits an enger eemoleger Live-Ambiance.

Hei fannt Dir de ganze Programm: www.artikuss.lu

You may like